Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

SREL-Prozess: de Juncker hätt ni daerfen als Zeien gehéiert ginn! 

SREL-Prozess: de Juncker hätt ni daerfen als Zeien gehéiert ginn!
Image par StockSnap de Pixabay

et gehéiert zu de basics vun der Justiz! E Patron ass responsabel fir d’Behuelen vu sengen Ugestellten. Och an deenen onméiglechste Situatiounen. Huele mir d’Beispill: Dir sëtzt an enger Bar (neen! Ouni rout Luuchten!) a beschwéiert Ierch beim Serveur. Dir erwëscht deen um falsche Fouss an hie schléit Ierch eng mat der Fauscht an d’Gladder, datt Dir fir e puer Minutten an d’Gätte faalt.

De Serveur ass deen Ament strofrechtlech responsabel. Säi Patron awer, deen den Ament vun där klenger Kläpperei op de Bahamas wor, ass zivilrechtlech fir säin Employé verantwortlech. Et ass fir déi Persoun deen Ament ze hoffen, datt si eng gutt Assurance huet. Dohir den Numm: HAFT-VERSËCHERUNG! A wat huet dat mat SREL, mat Geheimdéngscht a mat Rolex ze dinn?

nun, déi dräi Ugekloten waren- wat d’Virwërf géint si berëfft-  an hirer respektiver Fonktioun. D’Oflauschteraktioun war jo zu engem Ament gemaach, wou se allen Dräi beim SREL geschafft haten; den debriefing mat hirem Patron grad esou, an dat war de Staatsminister. D’Aktioun vun deenen Dräi war méiglecherweis bosseg, awer och net méi ewéi déi vum Serveur, deem d’Hand ausgerutscht ass. Déi Dräi sinn also duerchaus stroofrechtlech responsabel, an hire Patron, de Premier, ass et zivillrechtlech. Konklusioun: de Jean-Claude Juncker hätt op kee Fall als Zeien däerfe gehéiert ginn!

De Verdikt vum Prozess an éischter Instanz ass zimmlech dënn motivéiert. Affekote soen, datt op där Basis absolutt mat engem Appel vum Parquet ze rechne wor. Wéi et weider geet, weess keen esou richteg ze soen. Derbei kënnt, datt d’SREL-Gesetz 2016 reforméiert gouf.

Huele mir do nees e Beispill: en Agent vum Geheimdéngscht rennt zu spéider Stonn mat 180 à l’heure duerch Klengwäinheffen a kritt e Foussgänger esou ze paken, datt deen op der Plaz dout ass. Bis d’Joer 2016 huet d’SREL-Gesetz keng Präzisioune ginn iwwer eventuellt séiert oder luest Fueren. Schwammeg! Zanter der Reform huet d’SRE-Gesetz näischt méi mat techneschen oder administrativen Ofleef vun der Agentefonktioun ze dinn!

Et ass dervunner auszegoen, datt de Prozess an zweeter Instanz am November ass, et sief, de Corona géif dertëschent funken. Mä, Politik a virun allem d’Medien wäerten sech grad esou wéineg dofir interesséieren, ewéi an éischter Instanz. Schonn erstaunlech! Ëmmerhinn ass d’Basis eng Regierungskris a spéider e Regierungswiessel gewierscht! A propos Staatsminister. De Mann konnt sech net méi u Villes erënneren, ma gouf dach gréisstendeels wäiss gewäsch:

Le Tribunal conclut de ce qui précède qu’il n’y a point de doute que l’enregistrement et les écoutes téléphoniques sur PCIV1 du 26 janvier 2007 au 29 janvier 2007 n’aient pas été autorisés dans le cadre de la procédure d’urgence par le Premier Ministre T2.

Comme ces moyens spéciaux d’investigations ont été abandonnés le lundi matin 29 janvier 2007 en ne donnant pas de résultats, il n’y avait plus lieu à saisir la commission spéciale prévue à cet effet pour décider du maintien des mesures de surveillance.

An den digitale Wolleken kludderen Dozenden Dokumenter. Kee wëll se! Am Géigendeel zu virun 8 Joer. De lecteur averti stellt sech déi nämmlecht Froen ewéi ech….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *