Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Oh jee! D’Corinne Cahen wëll Buergermeeschtech vun der Haaptstad ginn! 

Oh jee! D’Corinne Cahen wëll Buergermeeschtech vun der Haaptstad ginn!
dp.lu

Virun 20 Méint hat ech geschriwwen, datt d’Madamm Cahen um Posten als Buergermeeschtesch vun der Haaptstad interesséiert wier https://bit.ly/36xrsBx Dëse Samschdeg huet si d’Kaz aus dem Sak gelooss: si wëll tatsächlech an de Palais mat den zwee Léiwen anzéien, an ausgerechent déi Schwaarz reiwen sech d’Hänn.

Am RTL Background huet si verroden, datt si net nach emool wëll fir de Posten vun der Parteipresidentin kandidéieren an och fir de Posten als Familljeministesch stéing si net méi zur Dispositioun. Dogéint huet si sech staark interesséiert gewisen als méiglech Nofolgerinn vun der Lydie Polfer.

wikipedia

Zum Punkt 1, d’Presidentschaft vun der demokratescher Partei. Et ass wuel richteg, datt d’Partei nei Dynamik a frësche Wand brauch no zwee Mandater vun der Madamm Cahen. Eng Rei Parteimemberen sinn hirer nämlech iwwerdrësseg, mam Virworf, si hätt méi no sech ewéi no der Partei gekuckt. Narzisse-Politik!

Zum Punkt 2: 10 Joer am nämmlechte Ministère ass effektiv eng laang Zäit, wou een op eemol keng nei Iddien méi huet. Eng gewësse Flemmsegkeet konnt een déi leschte Méint – och a besonnesch wärend der Pandemie- bei hir erkennen. Ouni et wollen iwwerbewäerten: d’Commentairen op rtl.lu no hirer Prestatioun op Antenne falen zu 90 Prozent zu hiren Ongonschten aus. Dat gëtt en Trend un an et ass d’Confirmatioun vun hirem schlechten Ofschneiden a Sondagen.

Zum Punkt 3: Déi kommunalpolitesch Dossier géingen hir um Häerz leien. Schliisslech war si bis 2013 Garer Geschäftsfra a virdrun och Presidentin vum Stater Geschäftsverband. De Problem ass just, datt d’Madamm Cahen néirewou sonnerleg beléift ass.

déi Stater Blo ginn mat hir guer net eens. D’Gemengepersonal mécht sech schonn zanter Méint Suergen, datt d’C.C. kéint seng nei Cheftaine ginn. An den abléckleche Koalitiounspartner CSV versteet sech esou gutt mat där Madamm, datt am Noutfall géing op enger Dräierkoalitioun zeréckgegraff ginn fir eng Buergermeeschtesch Cahen ze verhënneren.

Ofgesinn vun hirer Persoun huet déi stater DP e gréissere Probleem. Eng valeur sûre war bis dato d’Lydie Polfer. Ob si nach eemol an d’Wahlen zitt, bleift ofzewaarden, ma esou oder esou, d’Zaldot(inn)en hannert hir sinn net méi grad déi Frëschst mat Simone Beissel, Patrick Goldschmidt a Colette Mart.

vdl.lu

Nei Leit wären net vu Muttwëll, ma aus der Regierung eriwwer wiesselen bei déi zwee Léiwen geet gären an d’Box. Dat huet eis d’Vergaangenheet gewisen: de sozialistesche Minister Robert Goebbels wollt an der Zäit wiesselen a goung eidel aus. De beléiften Ex-Staatsminister an Ex-Kommissiounspresident Jacques Santer hätt sech och nawell gutt an der Märei gesi gehat a stoung um Wahlsonndeg dach éischter plakeg do. Gemengewahlen sinn eben grondverschidden vun Nationalwahlen!

Sollt d’demokratesch Partei also tatsächlech d’Madamm Cahen an d’Course um Knuedler schécken, da kéint et duerchaus sinn, datt d’DP nach eemol Stëmme verléiert. An datt fir d’éischte Kéier zanter iwwer 40 Joer d’CSV stäerkste Kraaft gëtt. Et wär deen Ament also un de Schwaarzen, sech de Koalitiounspartner erauszesichen an de Buergermeeschter ze stellen.

vdl.lu

Eng Roll fir de Serge Wilmes, deen déi lescht 5 Joer als éischte Schäffen fair mat der bloer Equipe zesummegeschafft huet an aus de gemengepolitesche Kannerschong eraus ass. Ma wéi gesot, eng schwaarz-blo Koalitioun mat der C.C. kënnt net a Fro; da wëll d’CSV et léiwer zu Dräi probéieren, mat LSAP an déi Gréng.

E riskant Spill vun de Liberalen! Wëllen si tatsächlech hir Héichbuerg onnëtz a Gefor bréngen? Wuel kaum. Et ass éischter unzehuelen, datt dëse Samschdeg e Steen an d’Waasser gepucht gouf fir ofzewaarden, wéi vill Wellen datt hien hannerléisst. Ma domadder eleng ass de Liberalen hire Probleem net geléist!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Wer viel von sich verlangt und wenig von anderen, wird vom Hass verschont bleiben.
    Konfuzius

    ..wann een dat ganzt mol hei am Kontext e bësselchen anëscht liest, da versteet een all déi, déi d’Madamm hei erkannt hunn, oder?

  2. Phil

    Corinne Cahen als Buergermeeschter… jo, dann awer zu Hannerwainhäffen. An em Gotteswëllen loost déi Gréng aus dem Spill… déi hun schon genuch Schued ugeriicht!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *