Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

“Geheime” casier: den Hausseegen an der Regierung hänkt schiif! 

“Geheime” casier: den Hausseegen an der Regierung hänkt schiif!
Image parRon van den Berg de Pixabay

Wéi där Deeg de Minister François Bausch aleng virun d’Press getrueden ass, fir iwwer deen ominéise Casier ze schwätzen, duecht ech bei mir: “Aarme Fränz! Du kriss d’Pëll also eleng ze schlécken”! An et confirméiert sech ëmmer méi, wat een esou an de Couloiren, Restauranten etc, ze héiere kritt, datt de Minister vun der bannenzeger Sécherheet méi wéi sauer ass op säi Partei- a Regierungskolleeg Felix Braz. Den Här Justizminister ass wuel den Ament op Rees am Ausland, ma et heescht vu méi wéi enger Säit, datt hien sech verleegne léisst. Hie geet net op den Telefon, äntwert op keng SMS, ass ewéi vum Äerdbuedem verschwonnen. Dat stéisst dem Bausch sauer erop, ëmsou méi, wou d’Ministeschresponsabilitéiten nach net definitiv gekläert sin: kloer, et ass de Bausch, ma et kéint zugläich de Justizminister sinn; well, wann d’Responsabilitéit vun deem “fichier” un d’Procureure générale geet, dann ass och de Felix Braz verantwortlech fir de Kuddelmuddel!

 

Bei de Sozialisten huet kee sech gemuckst. Iwwerraschend? Net onbedéngt! Et ass ee sech bewosst, datt ee vun hire Minister,- an net där geréngster een- mat an der Schosslinn steet: den Etienne Schneider. Hie kéint ënner Ëmstänn méi vun der Laascht ze droe kréien, well hie war jo ënner Gambia1 gläich fënnef ganzer Joer e.a. Minister fir déi bannenzeg Sécherheet, säin Nofolger François Bausch elo knapp 8 Méint. An der LSAP war een dowéinst déi lescht Deeg fläisseg wéi Seejomussen, fir déi Abberzuel vu Gesetzer a Reglementer ze sichen an ze liesen, déi am Laf vu baal 30 Joer a Saachen Dateschutz geschriwwe gi waren. Et ass ee sech och bei de Genossen eens, datt een net einfach d’ganz Schold kann un d’CSV weiderreechen, well dat éischt Gesetz 1992 vum Marc Fischbach geschriwwe gi war; éschtens ass dat bëlleg, ze bëlleg, an zweetens waren d’Kommeroden bal déi ganzen Zàit vun deene 27 Joer mat deene Schwaarzen am Regierungsbett. Kuerz, d’LSAP huet sech preparéiert, an et ass mat engem Statement muer, Freideg, oder déi aner Woch ze rechnen. De casier ass muer allemol Haaptthema am Regierungsroot.

Bei de Genossen geet et also drëm, de Schued op d’eege Partei an op d’eege Ministeren esou kleng wéi méiglech ze haalen; par contre reiwt een sech d’Hänn, fir endlech de lästege Koalitiounspartner déi Gréng an de Labyränthen ze gesinn. Aehnlech Glécksgefiller gin  et bei deene Bloen. Déi Kleng haten sech an der Läscht ewéi déi Grouss beholl, ëmmer déi zwee aner Partner drop higewisen, datt si das Zünglein an der Waage wieren, datt ouni si näischt geet. Erënnere mer eis drunn, datt dat arrogant Behuelen vun deene Gréngen um Knuedler mat eng vun den Uursaache wor, virwat déi blo-gréng Koalitioun net an eng drëtt Editioun goung; ëmmerhinn waren déi Gréng vum Wieler net ofgestrooft ginn! An esou trëppelen dann elo LSAP-Politiker duerch d’Groussgaass a schwätzen vun engem Skandal, wuel an der Hoffnung, datt de Schoss op d’Ecologiste geet! De casier ass nach esou bal net, politesch caséiert!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *