Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Skandal! Plagiater an der Konscht fënnt een wéi d’Hierken an der Tonn! 

Skandal! Plagiater an der Konscht fënnt een wéi d’Hierken an der Tonn!
Photo de Dan Cristian Pădureț: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photo-de-peinture-abstraite-multicolore-1193743/

 

knuppefreed gouf et an der Lescht an der Kulturzeen wéinst dem Virworf vu Plagiat un d’Adress vum jonke lëtzebuerger Kënschtler Jeff Dieschburg. Zerbalegt gouf sech virun allem op de soziale Medien, ma och op rezente Vernissagen. Et geet ëm d’Definitioun vum Plagiat. Kann en Artist sech un engem aneren sengem Wierk inspiréieren an dorausser en neit Wierk schafen? Ouni mat deem aneren doriwwer ze schwätzen? Ouni droits d’auteur ze blechen?

Dobäi ass de Sujet alles aneschters ewéi nei. Dat gouf et schonn ëmmer an dat gouf et ganz rezent, och a grad zu Lëtzebuerg. Et ginn op alle Fall eng Abberzuel Geschichtercher.

Geschicht 1

Zu Singapur gëtt et d’Model Mei Yue Duan. Si hat viru 4 Joer eng geschützte Foto vu sech gepost.

 

Eng russesch Molerin huet sech do servéiert. Wuelverstanen, si huet aus enger Foto eng Toile gemaach, e komplett neit Wierk geschafen.

 

An engem gëftege Sträit op de soziale Medien, dee vum Model ugefange gouf, heescht et – ouni datt een dat schwaarz op wäiss kréich-, datt d’Molerin den Tableau fir eng déck Staang Geld verkaf hätt ouni de Model ze froen an och ouni iergendeng Referenz uginn ze hunn.

D’Geschicht huet eng sukkulent Pointe! Och eng lëtzebuerger Molerin huet sech un deem Portrait inspiréiert. D’Madamm Dani Neumann, déi méi wéi eng Kéier e Präis krut op der Biennale zu Stroossen an och mat de Präisser Prix Grand-Duc Adolphe a Prix Werner ausgezeechent gouf. Sie huet hiert Wierk um Salon du CAL virun 2 Joer presentéiert. E puer ofgemolte Portraiten mam Titel Survivors VI. Et war et fir 15.000 Euro ze kréien.

 

 

Geschicht 2

Och um Salon 2021 gouf “gefriemelt”….

 

 

an de Maestro Xavier Karger huet um Vernissage der Ierfgroussherzogin Stéphanie d’Symbolik vum Buzz Lightyear a vum Duffy Duck erkläert.

Geschicht 3

 

Op der Ausstellung Fuelbox VI zu Stadbriedemes huet et u sougenannte Plagiater nëmmen esou gewimmelt. Zum Beispill “Cover me with sunshine”, Acryl op Toile, 120x100cm vun der Chantal Blasen; hir Virlag ass eng geschützte Foto vum bekannte Fotograph Flip Schulke.

Wuelverstanen, eng Virlag! An dësem Fall eng Foto. Dorausser gëtt en neit Wierk geschafen, eppes komplett Neits, aus Acryl.

Foto

 

 

Tableau

 

Geschicht 4

 

E schéine Portrait vun enger Fra. Et ass eng Foto vum Dimitry Ageev, an si ass geschützt.

 

An hei dat, wat d’Madamm Kristina Mygul dorausser geschafen huet. Eng toile aus Acryl, 80x90cm, mam Titel “Eyes to eyes”

 

 

Geschicht 5

 

D’Kënschtlerin Sophie Pirot huet sech op d’Molerei spezialiséiert, wou d’Basis eng Foto ass. Hei hiert Wierk “Les dioscures. Suave mari magno II “, eng huile sur toile.

 

 

An hei ënnendrënner d’Fotographie vun der Ekaterina Belinskaya

 

 

Natierlech ass déi frappant Ähnlechkeet keen Zoufall! D’Artistin huet sech un der Foto inspiréiert an eppes Neits geschafen. Wéi am Fall Jeff Dieschburg aus enger Foto eng Toile gemolt

Soll een elo dowéinst – dat heescht: wéinst absurde Virwërf- dës Kënschtler alleguerten verdaamen, hinnen d’Seel ginn, de Strang, d’Guillotine nees um Fëschmaart auspaken, oder nach méi schlëmm: der Press an de soziale Medien zum Fraass virgeheien?! Dëse Virgang ass an der Kënschtlerzeen näischt Neits, am Contraire, et ass Usus. De Beweis dofir fënnt een ausgerechent am ” Original-Plagiat-Wierk”, mat deem de Jeff Dieschburg ugeprangert gëtt.

Geschicht 6

Als Erënnerung: de Jeff Dieschburg huet sech un enger Foto inspiréiert an dorausser e Bild mat Uelegfaarf gemolt. Hei ënnendrënner gesäit een rieds d’Foto a lénks den Tableau deen zu engem Diptychon gehéiert. D’Fuerwen sinn aneschters, d’Madamm dréit en Ouerrank an e Schwert (dat op deser räich kurséiernder Juxtapositioun bewosst net gewise gett) an de Personnage ass spigelverkéiert gemoolt.

 

De Jeff Dieschburg gouf dowéinst hefteg kritiséiert, vun der Fotografin Zhang selwer a virun allem vun de Selbstgerechten an der digitaler Welt. Ma de Lëtzebuerger ass net deen eenzegen Artist, dee sech vun dëser Foto inspiréiert huet. Bei Wäitem net! Kanner staunen am Kasperl-Theater! Mir presentéieren hei eng Selektioun vu Biller déi entstane sinn mat als Basis d’Foto vun där Madamm Zhang. Et si gréisstendeels Molereien, awer och Collagen. All dës Biller sinn  public gemaach ginn, keent ( an Zifferen: null!) gëtt d’Foto vun der Madame Zhang unn als d’Original vun deem sech inspiréiert gouf. Ech wënschen gudden Amusement beim Kucken a Staunen.

 

 

Gell! Do bleiwen engem Mond an Aen opstoen! Biller, dacks mat frappanter Ähnlechkeet zum Original, munchmol awer och méi wäit ewech. Déi kënschtlerech Inspiratioun eben. Hei ënnendrënner eng Selektioun vu Biller déi entstane sinn op der Basis vun anere Fotoen vun der nämmlechter Madamm Zhang. E klenge Wénk fir drop hinzeweisen, datt dës Persoun duerchaus Bescheed weess, wat mat hire Wierker geschitt an also mam Tableau vum Jeff Dieschburg alles aneschters ewéi aus de Wolleke gefall ass.

 

Eng Partie vun deene Molereien hu schonn hire Besëtzer gewiesselt, anerer kann een nach ëmmer kafen oder et bestellt een sech si an der Print-Versioun. Ass dat net wonnerbar? Esou vill Plagiater verspriechen e Läicheschmaus! Ma perséinlech ginn ech dovunner aus, datt et an dësem Fall speziell géint d’Persoun Jeff Dieschburg gemënzt ass, villäicht aus perséinleche Rancünnen, villäicht aus Jalousie, villäicht aus politescher Motivatioun?

Solle mir wierklech dee jonke Borscht mat groussem Talent fäerdeg maachen wéinst enger Absurditéit? Oder solle mir net éischter dem Geriicht zu Berlin nolauschteren, dat an engem rezente Verdikt an engem änleche Fall zu engem klore Verdikt koum an dat vum SPIEGEL esou paraphraséiert gouf:“…kein Künstler fange in einer Art Vakuum bei Null an. Jeder Kreative wirke in einer Welt kultureller Geschichten und baue auf Vorhandenem auf. Wer ein Werk schafft, setzt es damit auch einer eigenmächtigen Auseinandersetzung aus. Das müssten Urheber hinnehmen…”

Eigentlech misst alles kloer sinn, eleng, et feelt verschiddene Leit um gudde Wëllen. Witzeg bei dësem Verdikt ass, datt d’Geriicht selwer och plagiéiert huet. Beim däitschen Aphoristiker Uli Löchner steet nämlech dat heiten ze liesen:

Kunst fängt nie bei Null an.

© Uli Löchner

D’Geriicht huet sech also vun dëser Formulatioun inspiréiert, ma hält mat sengem Verdikt virun allem fest, datt Konscht fräi ass, an zwar vill méi fräi wéi et verschiddene léif ass. De Géigendeel vu Konscht nennt sech “kënschtlech”. Genee esou gesinn ech d’Attacken op de Jeff Dieschburg. Kënschtlech opgebaute Kritik, déi um Enn wéi e Kaartenhaus zesummefält, allerdéngs net ouni e gewëssene Schued hannerlooss ze hunn!

 

Related posts

1 Comment

  1. Marco Barnig

    Flotten Artikel iwwert Plagiater an der Konscht. Zu dem Thema hunn ech op mengem Website en zousätzlechen Aspekt beliicht, den vun kënstlecher Intelligenz (AI) Applikatiounen déi nei Konschtwierker schafen.

    https://www.web3.lu/les-plagiats-de-lintelligence-artificielle-ai/

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *