Lëtzebuerg lieft op Puff!

0
497
Image par Jerzy Górecki de Pixabay

 

bedéngt duerch de Covid huet sech dëst Joer den Interessi vun der Ëffentlechkeet um Staatsbudget a Grenze gehalen. Dat ass schued, well déi finanziell Situatioun vum Staat fänkt och un, riskant ze ginn: Lëtzebuerg lieft -grad wéi déi aner Länner an der Europäescher Unioun- op Puff, an zwar ëmmer méi a warscheinlech nohalteg!

Zwar si mir eréischt knapp an der Halschecht vun deem, wat am Maastrichter Traité erlaabt ass, ma den Trend vun der Staatsschold weist däitlech no uewen. Dobäi war Gambia I ugetrueden, fir mat iwwer 150 Spuermoossnamen op d’Brems ze drécken!

Reng statistesch gëtt et eng Wirtschaftskris all 7 bis 10 Joer: 2002 gouf et de “Krach” op der Bourse (Internetblos), 2007/2008 koum d’Bankekris (Subprime), an elo dann d’Kris, déi duerch e Virus ausgeléist gouf. D’Zuele weisen, datt grad déi zwou lescht Krisen déif Spueren beim Lëtzebuerger Staat hannerlooss hunn!

Déi éischt 7 Joer vum neie Joerdausend war d’Welt am Grand-Duché nach an der Rei: d’Staatsschold goung just vun 7,5 Prozent vum PIB an d’Luucht op 8,2%. Duerno goung et Halligalli. Duerch d’Bankekris goung d’Schold bannent engem Joer vun 8,2 op 15,4% erop, d’Joer duerno op 16,1 an esouguer op 20,2%! Bannent dräi Joer also méi ewéi eng Verdueblung!

D’Auswierkungen vun där Kris waren net nëmmen hefteg, ma hu laang nogewierkt- zum Deel bedéngt, well d’Banken keng esou grouss Geschäfter konnte maachen an deementspriechend manner Steieren bezuelt hunn. Et war déi Zäit, wou an der schwaarz-rouder Koalitioun vill gestridde gouf iwwer selektiv Spuermoossnamen a wou d’Staatsschold nawell fatzeg geklomme war, vun 19% op 23,7%. Du gouf de Juncker gestierzt…

Gambia I hat et tatsächlech fäerdeg bruecht, d’Blat ëmzedréien an d’Schold bannent 3 Joer op 20% vum PIB erofzesetzen. Duerno goufen d’Suen (nees) zur Fënster erausgepucht, ëmsou méi, wou Finanzen an Wirtschaft sech excellent erholl haten. Den Apel fir den Duuscht war an der Poubelle gelant. Fir dat nächst Joer tabléiert d’Regierung ob eng Staatsschold vu bal 30 Prozent!

“….bannent 14 Joer also e Multiplikatiounsfacteur vu bal 4….!

et ass zwar Zuelenzalot, déi awer däitlech mécht: d’Period tëscht zwou Krisen geet an der Längt net duer, fir datt sech d’Staatsschold kann erhuelen! Zu där Konklusioun kënnt och de Rechnungshaff, deen als Mat-Verursaacher déi niddereg Leetzënse gesäit. Sollten déi enges Daags eropgesat ginn, wären Länner, déi héich verschëlt sinn, stënterlech Faillite. Et bleift der Regierung déi nächst zwee Joer näischt aneschters iwwereg, ewéi d’Investitiounen generéis ze halen an also weider op Puff ze liewen!

A mat allem Respekt fir allméiglech Moossnamen fir eng besser Ëmwelt: d’Politik muss sech virun An halen, datt eis Populatioun ëmmer méi al gëtt! D’baby boomers sinn am gaangen, an d’Pensioun ze goen; wann si sollten tëscht 25 an 30 Joer weider liewen, suergen si fir e gréissert Lach am Pensiounsfong a fatalerweis och am Dëppen vun der Fleegeversécherung. Rifkin! ass d’Äntwert  vun der Regierung op Froen, déi d’Zukunft vum Land betreffen. Ob dat duergeet? Zanter datt den Etienne net méi an der Regierung ass, mengt een, dee Rifkin wär op en Asteroid geschoss ginn.

Ëmmerhinn sinn iwwer 63.000 Persounen méi wéi 70 Joer al, mat Tendenz no uewen!

http://bit.ly/2Lpe9c1

 

KOMMENTAAR

Please enter your comment!
Please enter your name here