Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Corinne Cahen als Liggeministesch an der Bredouille? 

D’Corinne Cahen als Liggeministesch an der Bredouille?
image credits: gouvernement.lu

 

Aus dem Ëmfeld vun der Familljeministesch an och aus Deeler vun hirer Partei kritt een gepëspert, datt d’Stëmmung bei der Madamm Cahen déif ass, esou déif, datt si warscheinlech d’Decisioun hëlt, fir d’Summerméint am politeschen Ënnergrond ze verbréngen. Si wäert sech 2 Méint net mucksen, an der Hoffnung, datt Gras iwwer “d’Saach” wiisst, datt de Lëtzebuerger glécklech seng Crémant’s-Vakanz mat der Luxair verbréngt an am September alles vergiess ass.

D’Corinne Cahen huet der an der Lescht op d’mannst zweemol op d’Patte krut. Si war virun engem Mount de grousse Verléierer am Politmonitor, bedéngt duerch hir Pandemiegestioun an den Alters- a Fleegeheemer, a si war et, déi d’lescht Woch nees eng Kéier wéinst hirem Krisemanagement am Zentrum vun der politescher Aktualitéit stoung.

An der leschter ligne droite vum Parlamentarismus virun der Grousser Vakanz hat déi gesamt Oppositioun et jo net gewot, hier Demissioun ze froen. Zougestanen! Dat ass rarissimm an eisem Café Haag-Krautmäertchen, dofir awer net manner legitim. Esouguer wann et sech just ëm déi berüchtegt politique politicienne sollt gehandelt hunn, wär et fir d’Ministesch déi perfekt Geleeënheet gewiescht, hir Positioun ze erklären an och ze justifiéieren.

D’Madamm huet decidéiert, ze motzen, einfach mol näischt ze soen. Eng op de Bak fir déi ganz Chamber, eng Blamage fir d’Regierung!

D’Corinne Cahen huet einfach de Plenum verlooss a quasi niewendrunn eng Pressekonferenz gehalen, fir sech batter iwwer d’Oppositioun ze beschwéieren, déi einfach net wëll no der Klarinett vun der Regierung danzen. Dobäi huet si vergiess: net d’Regierung ass de Patron vun dësem Land, ma et ass d’Parlament. An anere Wieder, wann en Deputéierten hier eng Fro stellt, da muss si doropper äntweren.

An datt Froen gestallt gi waren, weist dee flénke Pirat Sven Clement, wann hien op Twitter Videozesummeschnëtt publizéiert vu senger eegener Ried am Parlament a vun där vum CSV-Mann Michel Wolter an sech et net huele léisst, d’Familljeministesch als Liggeministesch ze betitelen. An d’Madamm? Si motzt weider a blaméiert sech selwer an hir Partei. Esou huet si TWITTER-Frënn blockéiert, wéi de Sven Clement an esouguer Journalisten!

Alles Leit, déi hier ëffentlech keng Frechheeten un de Kapp geschmass haten, ma demokratesch eng aner Meenung hunn ewéi si! Aner Meenung? Ech laache mech kapott! Geet et nach mam liberale Geescht?!

Dobäi wär et esou einfach: e klenge mea culpa an d’Saach ass g’iess! Dat bréngt si awer net iwwer d’Häerz. Léiwer mol de Funk-Sender ausmaachen an d’Geschicht ofsëtzen an der Hoffnung, datt de Wieler dement ass oder datt eng aner Affär an d’Schlagzeile geréit, wéi zum Beispill am Oktober de Prozess ronderëm de feindleche Frëndeskrees vun der CSV.

Interessant ass, festzestellen, datt neierdéngs och fir déi groussherzoglech Press  de politesche reset vun der demokratescher Partei um Knuedler méi wéi a Fro gestalt ass. Wat ech viru Woche schonn un Hand vum Cahen-Resultat am Politmonitor kommentéiert hat, gëtt mat där neier Motzaktioun  vun der Ministesch a Steen gemeesselt: eng politesch Réincarnatioun als Buergermeeschteg vun der Haaptstad kënnt net an d’Tut. Op d’mannst net fir an 2 Joer.

D’DP-Ekipp um Knuedler kann also opootmen an d’Crémants-Stëpp fléie loossen nach ier et mat der Luxair an d’Vakanz geet. Zugläich ass déi DP geschwächt, an dat huelen der Cahen eng Partie Memberen iwwel. D’Ministesch an d’Parteipresidentin ass ugeschloen. D’Fro ass berechtegt, wéi laang si sech nach kann an de Seeler retten?

En einfacht Ofsëtzen geet menger Meenung no net duer. D’Bezeechnung ” Liggeministesch” bleift hänken. Dat wëssen och déi al Huese bei de Liberalen a fänken un, iwwer eng Demissioun vun der Madamm Cahen nozedenken. Zugläich ass gewosst, datt d’Corinne e ganz gutt Verhältnis huet mat engem gewëssene Xav’. De Staatsminister léisst seng Ministesch nëmmen da falen, wann de politeschen TGV um Wee ass, an d’Mauer ze rennen. Nach ass et net esou wäit.

Elo gi mir mol an d’Vakanz, dann ass kleng Schueberfouer, duerno sti mir op de Griewer, an dann ass Chrëschtdag….

Related posts

1 Comment

  1. Roger BRaun

    elo verstopt dei sech fir 2 Meint
    an dann mengt se et waer alles vergies
    se soll zerecktrieden och als Praesident vun der DP ass dei neischt

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *