Ausverkaaf fir d’Stad Lëtzebuerg?

0
1377
tapis hertz

estaater Geschäftsmann sot mir viru Wochen:” Eleng an der Stad stinn 32 Verkaafsflächen eidel!” Ech hat natirlech net d’Geleeënheet, dat ze iwwerpréifen, ma mengem Gefill no gouf ech dem Mann Recht. Da kënnt elo eng 33. Fläch derbei an net grad déi Klengst. Tapis Hertz hällt op! E grousst a schéint Geschäft a virun allem, en Traditiounshaus. Eent méi dat muss Raute wénken, dat d’Stad verléisst a seng Zukunft éischter op där sougenannter grénger Wis gesäit, déi esou gréng net méi ass, well am Laaf vun de Joer ëmmer méi Beton iwwer de Wues gelaaf ass. An et kënnt gläich déi 34. Verkaafsfläch bäi, déi riskéiert, méi laang eidel ze stoen: de Keller op der Theaterplaz. Do huet d’Patronne hir Decisioun aus private Grenn geholl, de Commerce war do eigentlech iwwer Joerzéngte gutt gelaaf, ma d’Fra fënnt fir d’Baschten kee Successeur, wat éischter penibel ass fir d’Personal. An eng 35. Fläch gëtt an den näechste Méint och fräi, e grousst Geschäft, dat et wäit iwwer 100 Joer an der Stad gouf. Ech soe keen Numm, fir dem Geschäft net ze schueden; am Gespréich ass Louis Vuitton, fir ze iwwerhuelen. Ech verdeiwelen net déi Leit, déi e puerdausend Euro fir eng Posch ausginn – si sollen hir Freed dermatter hunn-, ma do läit awer grad d’Kromm an der Heck: an der Stad ginn et extreem vill Luxusgeschäfter an awer och eng Partie “Billigladen”, wou een eng Blouse fir 4€95 kritt.

 

d.éi zwou Fassetten hunn hir Daseinsberechtegung. Eng Haaptstad muss Luxus hunn, an zugläich Deenen entgéintkommen, déi sech bedeitend manner kënne leeschten.Ma et feelt d’Offer fir de Mëttelstand, also Geschäfter fir Client, déi sech eppes Besseres kënne leeschten, ouni allerdéngs an de pure Luxus ze verfaalen. An et feelt déi méi breet Palette an der Offer: verschidden Artikelen fënnt een net méi an eiser Stad, do ass ee scho gebieden, an d’Périphérie erauszefueren oder op Tréier ze goen- wat ech schonn vu staater Geschäftsleit selwer un d’Häerz geluecht kruut(sic). Normal ass dat net.

Image parNissor Abdourazakov de Pixabay

 

villäicht läit de Probleem doranner, datt vill vun de Geschäftsleit auslännesch Marke sinn, déi en auslännesche Gérant astellen, dee soll kucken, datt d’Keess um Enn vum Joer eenegermoosse stëmmt, an domatter huet et sech. Kee grousst Gemeckers matt de politeschen Instanzen, keen Drock op d’Politik, well, et geet ee jo net wielen! Villäicht awer och kuckt de stader Geschäftsverband där trauereger Entwécklung ze laang an ze roueg no. Déi ganz Hoffnung op de Centre Hamilius ze leeën, geet matt Sécherheet net duer. Bei mir perséinlech fänkt et scho mol guer net gudd unn, well ech d’Gebai net grad schéi fannen. Mä, mol ugeholl, et ginn -op d’mannst an den éischte Méint- tatsächlech vill Leit hir Nues dohinner weisen: et ass alles aneschters wéi gewëss, datt déi nämmlecht Clientèle och nach zousätzlech en Tour duerch d’Groussgaass trëppelt!

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here