Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Coronavirus- Reservisten: alles an der Legalitéit? 

Coronavirus- Reservisten: alles an der Legalitéit?
Image par Gerd Altmann de Pixabay

sécher! D’Land huet den Ament aner Probleemer, ewéi sech ëm Sujetën wéi Dateschutz ze këmmeren. Aussergewéinlech Situatiounen verlaangen nun eemol aussergewéinlech Moossnahmen! Trotzdeem: d’Manéier, wéi mam Personal aus dem Gesondheetssecteur ëmgespronge gëtt, suergt fir onnéideg Onrou.

Fir d’éischt war et d’indélicatesse, datt d’Personal via d’Medien gewuer gouf, sech MUSSEN via de Portal https://govjobs.public.lu/fr/benevoles-covid-19/professionnels_sante.html anzeschreiwen als eng Réserve. Déi Initiative vun der Regierung ass duerchaus sënnvoll, well een – op d’mannst zu deem Ablack- net konnt wëssen, wéi sech d’Situatioun mat der Epidemie géing entwéckelen. Mä normal, datt déi betraffe Leit sech Froen gestallt haten, an esou huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op der Tele probéiert ze berouegen: dat wär falsch verstane ginn.

Keng 48 Stonnen drop huet déi nämmlecht Ministesch awer vun enger eventueller Zwangs- rekrutéierung geschwat via en arrêté grand-ducal. Schlussendlech krut d’Personal e Bréif aus der Santé, fir mattzedeelen, datt hir Donneeën weidergeleet goufen, an zwar an eng aner Datebank:

RH 1

dat gëllt also och fir déi Leit, déi an der Pensioun sinn. E puer Froen gi mir duerch de Kapp: 1. Wéisou huet de Personalbureau vun engem Spidol nach d’Donneën vu Leit, déi schonn längstens am “passive Liewen” ukomm sinn? 2. Wat ass ënnert dem “etc” ze verstoen. Sinn domatter och gemengt d’Krankeschäiner, eventuell Krankheete selwer vun der Persoun, Disziplinarverfahren, Bewäertungen vum Virgesetzten…? 3. Ass esou eng Transmissioun vun enger Datebank an eng aner ouni den Accord vum Betraffenen legal? 4. Ass gekläert, ween iwwerhapt Zougang huet zu där Datebank?

Ech verstinn, datt een an der Hektik de Schwéierpunkt aneschters tässelt wéi an normalen Zäiten. Schliisslech war kee Land op der Welt op dës Pandemie virbereet. Mä, wär et net duergaangen, d’Leit hätten sech selwer op der Adress vun der Regierung gemelt? D’Gesondheetspersonal ass veronséchert an huet de Verdacht, et géing drëms goen, “schwaarz Schoof” ze fannen, déi sech net selwer mellen.

Et sollt een awer duerchaus no engem Rechtskader sichen. Mir sinn zwar an engem Krisenzoustand, ma nach fonktionnéiert eist Parlament: d’Ministeren sollen mat den Volleksvertrieder zesumme schaffen, och a virun allem, wat de spéideren Noutausgang betrëfft aus den ablacklechen wirtschaftlechen a gesellschaftleche Aschränkungen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *