Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

RIAL: 64 Fäll vun Antisemitismus zejoert zu Lëtzebuerg 

RIAL: 64 Fäll vun Antisemitismus zejoert zu Lëtzebuerg
RIAL

Mir liewen an enger Demokratie, déi net schlecht fonktionéiert. Den eenzele Bierge huet esou vill Fräiheeten wéi nach ni virdrun. Bal alles ass méiglech, jiddereen kann, wann hien nëmme wëll, “CHARLIE” sinn. Dobäi kommen déi sozial Medien, mat enger rieeger Bourse vu Meenungen an Iwwerzeegungen. Verschiddener outen sech do als Rietsradikal, als Antisemitt. Do fänkt et un, geféierlech ze ginn fir d’Demokratie!

De RIAL ass do, fir den antisemitteschen Tendenzen zu Lëtzebuerg op d’Schläich ze kommen. RIAL steet fir Recherche et Information sur l’Antisémitisme au Luxembourg. Wien mengt, esou eppes hätte mir am Marienland net néideg, huet sech geschnidden. Grad d’Pandemie huet gewisen, datt a verschiddene Käpp d’Virstellung vum béise Judd nach ëmmer net ewech geduecht ass.

Wann de Recensement fir den Antisemitismus sech am Joer 2019 op 47 gemellte Fäll belaf huet, da waren et der zejoert 64! Eng Hausse vu 16 Prozent. Dorënner 6 méi schro Fäll, déi an der Definitioun esou beschriwwe sinn: atteintes à l’intégrité de personnes ou à des biens, tels que bousculades, harcèlement, menaces ciblées, dégradations de bâtiments ou de cimetières, appel au meurtre, apologie du terrrorisme, négationnisme explicite. Reegelrecht Aggressiounen oder Profanatiounen goufen et keng zu Lëtzebuerg a vill Fäll haten sech an der Welt vum Internet ofgespillt.

D’Geleeënheet war einfach ze grouss: eng Pandemie, net onkontestéiert Krisemoossnamen hunn d’Dieren grouss opgemaach fir Spekulatiounen, wëllsten Theorien, Komplottiwwerzeegungen. Mir sollen alleguerten eng Pick gesat kréien a lues a lues dru futti goen; oder mir géifen duerch d’Impfung chemesch manipuléiert an zu braven Robokob-Aarbechter ëmtransforméiert ginn!

De Komplott kéim vun uewen erof, aus der i-cloud vun enger Elite. A wien ass déi Elite? Deejeenegen dee ganz vill Frick huet oder duerch seng Positioun kann un de politeschen a gesellschaftleche Fissellen zéien. Fir eng Partie Bierger ass dat de Judd. Wuelverstanen: dee béise Judd! An engem Otemzoch ginn Rockefeller, Rothschild, Kissinger genannt, déi an deem Komplott vum grousse reset  géingen matmëschen; a wien kee Judd ass, ma just iwwer enorm Zomme Geld verfüügt, gëtt mat an d’Rei vun de Judde gestallt, nom Motto: wien esou vill Fric huet, “muss bal jiddesch Genen” am Kierper hunn!

An esou gëtt och d’Pharmaindustrie mat an d’Boot geholl. Vu Beweiser fir dee Komplott bleift séier wéineg Plaz an Zäit.

Dacks ginn komplett verréckte Vergläicher gemaach mam Zweete Weltkrich. De Juddestär gëtt sech fräiwëlleg opgepecht, als Zeechen vun der Resistenz; dobäi war dee Stär d’Symbol vun der Ënnerdréckung, vun der Ausmusterung. Et gëtt sech net genéiert, de Spunnes ze dreiwen mat ARBEIT MACHT FREI

Allgemeng gëtt de Begrëff vun der SHOAH banaliséiert. All Fall vun Antisemitismus gëtt am Rapport festgehalen, just déi Markantst ginn am Detail beschriwwen an analyséiert.

Et kannn een- wann ee wëll- Kontakt ophuelen mat dëser Associatioun iwer mail: rial@rial.lu

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *