Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Covid-19: d’Keess op an d’Klacken eraus! 

Covid-19: d’Keess op an d’Klacken eraus!
Image par Alexandr Litovchenko de Pixabay

verschwörungstheoretiker gesinn déi ablécklech Pandemie als Volleksverblödung. Där Meenung sinn ech net, op d’mannst net pauschal, ma et ginn natierlech Punkten, wou een d’Regierung bei eis an an anere Länner duerchaus kann hannerfroen. A wann et eng Verschwörung ass: géint wien? A firwat, respektiv wien profitéiert dofunner? Géint d’Vollek? Jo, mat de Sécherheetsmoossnamen, sic Fräiheetsaschränkungen, déi allerdéngs – esou dat politescht Verspriechen- just provisorescher Natur solle sinn; zugläich ass et ze verstoen, datt d’Geknouters ënner dem Vollek zouhëlt.

Dorunner Schold ass, datt d’Regierung bei eis an an den direkten Nopeschlänner den Terrain vun den Decisiounen a vun der Kommunikatioun haushéich dominéiert an zesummen mat der Press keng kritesch Diskussioun zouléisst. Schéine Bonjour vum mainstream! Wat als Konsequenz huet, datt eng Partie Leit – berechtegt oder net- vun Diktatur schwätzen, an datt d’Mësstrauen wiisst. Perséinlech sinn ech der Meenung, datt en dat Wuert Diktatur net soll ze fréi an de Mond huelen.

Verschidde Virwërf vun Verschwörungstheoretiker maachen duerchaus Sënn a si missten -wuel verstanen: kritesch- vun der Press opgegraff ginn. Wann nämlech d’Fro opgeworf gëtt vum à qui profite le crime?, da kann een net laanscht d’Äntwert kommen, datt d’Pharmaindustrie hei massiv Geld verdéngt. Ugefaangen bei den Tester, opgehalen bei den Impfungen.

dat war schonn de Fall bei der Schwéngsgripp am Joer 2009. Eng Pandemie, déi glécklecherweis manner uerg ausgefall war, wéi ugeholl: D’Weltgesondheetsoganisatioun goung vun nëmmen 18.500 Doudegen aus, en internationaalt Fuerschungsteam koum op e Bilan vun 203.000 Affer. Déi extreem Diskrepanz gouf deemools domadder explizéiert, well d’WHO just déi Fäll considéréiert huet, déi a Laboratoiren bestätegt gi waren.

Dee Virus, u sech hefteg, huet sech zimmlech séier ofgeschwächt. D’Welt huet opgeotemt a konnt weider dréien, wéi wann näischt geschitt wier. Ech hunn an där Zäit nach den Owesjournal presentéiert a maachen haut mäin mea culpa, och deemools op en Hannerfroen verzicht ze hunn. Verschwörungstheoretiker goufen et an där Zäit och net vill, par contre gouf d’Diskussioun op héijem Niveau gefouert, wéi zum Beispill e Joer drop vum däitschen Arznei-telegramm:

Dass jedoch die Schwelle für die Ausrufung einer Pandemie und damit für frühzeitige milliardenteure Medikamenteneinkäufe gesenkt wurde, lässt sich als Folge einer Pandemieplanung mit Experten interpretieren, die entsprechende Interessenkonflikte haben.

image credits: pixabay.com

Domadder gemengt war, datt d’WHO d’Definitioun vun der Pandemie staark geännert hat. Haut gëllt als Pandemie eng Krankheet, déi sech zimlech séier a ville Länner ausbreet an och op verschiddene Kontinenter; an der Definitioun virdrun stoung nach ze liesen: vill Mënschen mussen dovunner betraff sinn. Den arznei-telegramm notéiert ee Joer méi spéit:

Im April 2009 hat die WHO die Definition der Pandemie abgeschwächt und die Passage, in der eine “beträchtliche Zahl von Toten”7vorausgesetzt wird, weggelassen.6,8 Auf der Basis dieser “aktualisierten Pandemiekriterien”9 erklärte die Organisation am 11. Juni 2009 die Schweinegrippe zur Pandemie (Stufe 6), also rund sieben Wochen nach Bekanntwerden der ersten Infektion. Zu diesem Zeitpunkt war, wie die Generaldirektorin der WHO, Margaret CHAN, soeben noch einmal herausstellt, die Zahl der Toten weltweit gering. 

Am Ënnertoun liest en eraus: dee ganzen Zimlabumm vun deemools hätt guer net musse sinn! Ganz däitlech gëtt den Text e puer Zeilen ënnendrënner: Das meiste für Impfstoffe und antivirale Mittel ausgegebene Geld ist verschwendet! Ech ka mech nach gutt drun erënneren, datt Leit zu Lëtzebuerg a Panik an d’Apdikten TAMIFLU bestelle goungen. De grousse Rush op d’Zockerbounen vun der Pharmaindustrie hat ugefaangen. De Verdikt vum arznei-telegramm ass brutal!

Die WHO hat Pandemiepläne aufgestellt, an deren Ausarbeitung Experten beteiligt sind, die Interessenkonflikte bei Firmen haben, die von den WHO-Strategien erheblich profitieren. Die Interessenkonflikte sind der WHO bekannt, werden aber nicht öffentlich gemacht. Eine solche Geheimniskrämerei ist bei Entscheidungen, bei denen es weltweit um Milliarden Euro geht, nicht hinzunehmen. Das gilt auch für Schutzbehauptungen der WHO, die sich auf interne Routinen beziehen, mit denen kommerzielle Einflussnahmen durch externe Berater verhindert werden sollen. Diese Strategien bleiben unkonkret und unverbindlich. Ausschluss von Experten mit Interessenkonflikten an der Entwicklung von WHO-Leitlinien und nachvollziehbare Transparenz würden wesentlich zur Glaubwürdigkeit der WHO beitragen.

D’Press hat schonn deemols de Feeler gemaach, net genuch kritesch ze hannerfroen. Dat huet engersäits dermadder ze dinn, datt et an de wéinegste Redaktiounen Journalisten gëtt mat wëssenschaftlecher Formatioun, anerersäits mam Phenomen: et stierft kee méi un der Krankheet, also interesséiert et och keen! Déi e bësselchen méi eeler Joergäng ënnert eis hunn allerdéngs d’Schwéngsgripp nach an Erënnerung a probéieren elo mam COVID-19 sech e Reim draus ze maachen

image credits: pixabay.com
och haut ass d’Pharmaindustrie de grousse Gewënner. An e puer Méint fänkt de rush un op de Vaccin, ewéi virun engem hallwe Joer op den Toilettëpabeier. A gare-la-box d’Madame Lenert huet eng Ampull ze wéineg bestallt! Virun 11 Joer war et schonn de Motto: Keess op an d’Klacken eraus! 1,1 Milliarden Dollar Umsatzsteigerung im ersten Quartal 2010 allein bei der Firma Novartis gehen auf Verkäufe von Schweinegrippeimpfstoffen zurück. Der Reingewinn des Konzerns stieg in diesem Zeitraum um rund die Hälfte. Déi Kéier wäert et richteg flamen!
Et geet hei net drëm, d’Pandemie kleng ze rieden. Et geet éischter drëm, hir verschidde Facetten ze beliichten, eng fräi Diskussioun zouzeloossen! Och wann den arznei-telegramm virun 10 Joer méi wéi däitlech war a senge Konklusiounen iwwer déi deemoleg Schwéngsgripp, esou soll een hei net zu der automatescher Schlussfolgerung kommen vun engem identeschen Zenario- och wann Verschwörungstheoretiker dat gären esou hätten. An awer ass et gutt, ët ze wëssen!
MEA CULPA

A mengem Artikel https://guykaiser.lu/covid-19-net-den-uz-dreiwen/ hat ech eng Fro opgeworf, wat eng vun den informateschen Handelssäiten vun der Weltbank betrëfft. Dobäi goung et ëm Tester, déi ee schonn 2018 – an esouguer 2017- konnt bestellen am Traitement géint de Covid-19. Ënnert anerem hat ech geschriwwen:

Oha! Wéi kann een 2018 Tester bestellen fir e Virus ze detektéieren, deen et zu deem Zäitpunkt nach iwwerhaapt net gouf?! Et sief och d’Weltbank wier vum Phenomen PISA befall. Handelt et sech ëm en Test, fir en anere Corona-Virus? Oder war et tatsächlech nëmmen en dommen Iertum an der Formulatioun? Dobäi gouf den Numm vum Virus an den Numm vun der Krankheet de 11. Februar vun dësem Joer eréischt decidéiert….

Tatsächlech war et domm gelaf! D’Tabell an där Statistik war quasi iwwer Nuecht geännert ginn a mir war net opgefall, datt d’Iwwerschrëft deementspriechend och geännert gi war. Dat war dem Faktencheck correctiv.org no geschitt tëscht dem 6. September 17 Auer 10 an dem 7. September um 1 Auer 33 an der Nuecht. Virum Changement war d’Iwwerschrëft

CoVid-19 Test kits exports by country in 2017

No den Ännerungen

medical test kits

Als Explikatioun: et handelt sech ëm medezinescht Geschier, dat et schonn virun der Pandemie gouf an dat elo vun der WHO als effikass agestuuft gëtt an der Bekämpfung vun der Pandemie. D’Ännerung vun der Iwwerschrëft hat ech iwwersinn. Duerch meng Froen konnt een den Androck kréien, d’Pandemie wier schonn 2017 souzesoen geplangt gewiescht. Ech gouf ongewollt zum Verschwörungstheoretiker. Dat wollt ech net an ech entschëllege mech dofir!

Related posts

2 Comments

  1. Ivo Molák

    Villmols merci, Här Kaiser, fir Är interessant Ausféierungen.

    Wa nëmmen genuch Leit dat liesen an ee bëssi driwwer noodenken gingen. Leider ass de Géigendeel de Fall an déi Meescht informéieren sech net, beziehungsweis, hannerfrooe néischt.

    Elleng zu den Impfungen… 2009 war en Saach, do huet sëch Big Pharma „nëmmen“ eng gëlle Nues verdingt, an och wann extrem bedauerlech, fir deen, deen et gertaff huet, de menschlëche Misère, entstaanen duerch d‘Impufungen, huet sech relativ a Grenzen gehaal.

    Aktuell geseit et leider ee bëssi aanescht aus. Déi Impfungen, déi lo fir eis „viirbereet“ gin, sin ee ganz aanert Caliber. Ech mengen, net „nëmmen“ Quecksëlwer, Formaldehyd, Aluminium an déi aaner „gutt“ Saachen, déi an eis Kierperen gesprëtzt gin. Nee, eis DNA soll modifizéiert gin. Dat muss een sëch op der Zong zergoe loossen. Ech si mir net sëcher, ob sëch d‘Leit desse bewosst sin. Wann ech liesen, dat si sech regekrecht sou ee Vaccin erbeiwënschen, gëtt mir richteg weech. A vun der Entwëcklungszeit an Testphasen mol net ze schwätzen.

    An d‘Politiker? Sin si sech deess bewosst? Oder nach schlëmmer, huelen si et a Kaaf, well si méiglecherweis an iirgend enger Form dovu profitéieren? Ech si jo nach ëmmer zouversichtlech, dat sëch de gesonde Menschenverstand duerchsetzt

    Sou, lo haalen ech aawer op, soss geet et neess mat mir duerch.

    Merci fir Är wonnerbar a wichteg Aarbecht, mat Ärem Site hei. Wieren Är aal Aarbechtskollegen nëmmen hallev sou objektiv a kritesch wéi Dir, wiere mir schon op der gewonnener Sëit.

    Ganz vill léiw Gréiss a passt op Iech op.
    Ivo Molák

  2. Gilbert

    Datt d´Press sech aus iergend engem, mir net novollzéiende Grond, der Politik ënnerworf huet konnt ech haut (erëm eng Kéier) feststellen. Ech wollt een Commentaire publizéieren, deen awer vun RTL zenséiert gouf. Och op meng Nofro hin, wisou de Commentaire net verëffentlech gouf, krut ech net emol eng Äntwert. Wéi kann sou eng,angeblech fräi Press, sech sou erniddregen?
    Hei de Commentaire: Halt einfach op mat den Tester
    Eine von der Expertengruppe „Centre for Evidence Based Medicine“ – was „Zentrum für Evidenz-basierte Medizin“ bedeutet (CEBM) – aus Oxford durchgeführte Studie ergab, dass PCRs alte Viren nachweisen und falsch positive Ergebnisse liefern können. Diese Entdeckung ist von hoher Relevanz, denn sie stellt die Zahl der weltweit infizierten Menschen in Frage, die aktuell bei ca. 30 Millionen liegt. Sie könnte der Schlüssel zur Bestimmung des Endes dieser weitreichenden Maßnahmen sein, die wir aktuell erleben.
    Dat kann een op cebm.net liesen.Dëst steet och an där Etüde:
    PCR positives on asymptomatic people should be treated with care since it is possible that the asymptomatic people are not infectious. If by injecting that virus into culture cells, the virus is not able to reproduce in the cells, that virus cannot infect anybody any longer. This means that even if you are a PCR positive, you are no longer contagious, that is, the virus in you is no longer actif.
    Dat dote sinn dach bestëmmt keng Verschwörungstheoretiker.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *