Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

CoVid-19: e Bierger a Papp ried den Deputéierten an d’Gewëssen! 

CoVid-19: e Bierger a Papp ried den Deputéierten an d’Gewëssen!
Image par Klaus Hausmann de Pixabay

Valy Rodin

valyrodin@gmail.com

 

 

Députéiertechamber

L-1728 LËTZEBUERG

 

 

 

Betrëfft: Verlängerungen vun den Corona Mesuren bis Enn des Joers

 

 

Lëtzebuerg, den 18. September 2020,

 

 

Dir Dammen an Hären Deputéierten,

 

 

Mäi Numm ass Valy RODIN, ech sinn e Lëtzebuerger vun 43 Joer dee bestuet ass an e Bouf vu 7 Joer huet.

Ech wëll mech direkt bei Iech entschëllegen dass ech net dee klassesche Wee vun der Petitioun gewielt hunn fir un Iech unzetrieden: Et ass awer elo esou, dass den aktuellen sanitären Kontext wichteg ass, dofir hunn ech mer einfach geduecht dass en oppenen Bréif villäicht méi effikass wier.

Ech hoffen, dass dir Iech och e puer Minutten vun Äerer wäertvoller Zäit kënnt huelen, ech wier Iech als einfache Bierger wierklech dankbar dofir.

 

Den 28. August sinn ech net méi aus dem Staunen erauskomm wéi ech gelies hunn dass de Regierungsrot Wëlles hätt déi aktuell Covid-Mesuren per Amendement bis ENN DES JOERS ze verlängeren !

Wéi kann een schonn am August wëssen wéi de Virus sech bis zum Schluss vum Joer wäert entwéckelen ?

Mee elo mol eent no deem aneren…

 

Wéi dës drastesch Mesuren beschloss goufen, gouf kloer gesot dass se an der Zäit sollten limitéiert bleiwen, an d’Evolutioun vum Virus selwer permanent am Aan sollt behale gi fir eben ze verhënneren dass d’Mënschen ze laang an hiren Biergerrechter sollten ageschränkt ginn.

 

Am Ufank vun der Epidemie wor jiddereen onsécher, a mir woussten och net richteg wat op eis duerkéim.

Dohier kann ech réckbléckend och verstoen dass d’Regierung esou huet missen handelen, well eben grad d’Inconnue dee Moment ganz grouss wor. D’Gesondheetsministesch huet och deemools ganz bravouréis gehandelt, dat hunn ech hier och geschriwwen.

 

Haut, ongeféier 6 Méint nodeems déi éischt Fäll zu Lëtzebuerg diagnostizéiert goufen, ass d’Situatioun eng ganz aner:

 

  • d’Wëssenschaftler kennen de Virus besser, well se mëttlerweil vill Erfahrungswäerter hunn
  • déi alldeeglech Zuelen vun neien positiven Fäll, Kranken an Stierffäll sinn stabel, de facto sinn d’Spideeler net iwwerlaascht
  • d’Behandlung vun den Covid-Patienten gouf adaptéiert/verbessert
  • de Virus selwer ass net méi esou virulent wat d’Baisse vun der Létalitéit zum Deel erkläert

 

Wat de Lockdown an d’Masken ugeet, ass och interessant ervirzehiewen dass den National Bureau of Economic Research (NBER) an enger rezenter Studie beweist dass de Lockdown an d’Maskepflicht KENG INZIDENZ op de Verlaf vum Covid-19 hat.

https://aier.org/article/lockdowns-and-mask-mandates-do-not-lead-to-reduced-covid-transmission-rates-or-deaths-new-study-suggests/

 

Dem Johan Giesecke seng Gedanken, éméritéirten Professer um Karolinska Institute Medical University zu Stockholm, ginn an eng ähnlech Richtung.

https://www.aier.org/article/lockdown-free-sweden-had-it-right-says-world-health-organization-interview-with-prof-johan-giesecke/

 

Deeselwechte Mann gouf esouguer kierzlech fir seng (am Ufank kontroverséierter) Approche zur Herdimmunitéit vun der WHO entretemps gelueft.

https://www.euroweeklynews.com/2020/09/11/johan-giesecke-swedens-herd-immunity-strategist-gets-who-promotion/

 

D’autant plus wor et och esou ,dass mir wéi d’Grenzen zou woren, d’Frontalieren wéi ëmmer an eist Land eragelooss hunn fir normal weiderzeschaffen ze kënnen, soss wier eise Gesondheetssystem kollabéiert.

Fro: Huet de Virus all Moien op der Grenz Stall gehale ?

Oder ass et vläit éischter esou dass mir vill Chance haten, an sämtlech Pendler NET porteur vum Virus waren ?

 

All dës Fakten missten iech dach interpelléieren, respektiv zum Nodenken bréngen.

Ech si weder Politiker nach Wëssenschaftler, ech hu just mäi gesonde Mënscheverstand mat deem ech d’Zuelen liesen déi eis alleguerten virleien:

An déi schwätzen eng kloer Sprooch an soen dass mir hei am Land definitiv net an enger Epidemie vun nationaler Tragweite sinn.

Ergo gëtt et aktuell keng rechtlech Grondlag déi di aktuell Mesuren rechtfäerdegen, also gehéieren se, reng juristesch gesinn, opgehuewen !

 

An nee, ech sinn kee Coronaleugner an verharmlosen dat Ganzt sécherlech och net.

 

Ech sinn mer bewosst dass mir och zu Lëtzebuerg Leit haten déi krank woren a verstuerwen sinn. Mee et muss een och alles an de richtege Kontext sëtzen an relativéieren.

Et ass dach esou dass eng ekrasant Majoritéit vun der Populatioun mol näischt vun där Krankheet matkrut/matkritt…

D’Statistiken beleeën glaskloer, dass et sech bei den Stierffäll hei am Land majoritairement ëm eeler Leit handelt déi, par la force des choses, schonn gesondheetlech méi ufälleg op potentiell Pathologien sin.

 

Iwwregens: Et gëtt ëmmer vun enger Pandemie geschwat… per Definitioun ass dat geographesch gesinn richteg, awer och nëmmen geographesch bedéngt.

Wou sinn dann déi vill Kranker ?

Fir vun enger Pandemie schwätzen ze kënnen muss een en signifikativen Undeel u Kranker an Doudeger an enger Populatioun zielen kënnen, respektiv e Prozentsaz hunn deen opmannst zweestelleg ass.

Et gëllt eng einfach Reegel: Keng Kranker/Doudeger, keng Pandemie !

Oder as et villäicht eng ganz nei Art vun Pandemie, ouni Kranker an ouni Doudeger ?

 

Den villzitéierten, renomméierten Professer a Chercheur John P.A. Ioannidis vun der Stanford University huet an enger rezenter Meta-Analyse (August 2020) déi sougenannten weltwäit “Median Infection Fatality Rate” vum COVID-19 op 0,24 % estiméiert (duerfir goufen 32 Platzen als Referenz geholl).

Dee Prozentsaz klëmmt effektiv bis op 0,9 % an deenen Zonen déi méi schlëmm vum Virus betraff sinn/woren.

Ech gi ganz staark dovunner aus, dass eist Land ënnert déi éischt Statistik fält.

 

Ech stellen an deemselwechten Otemzuch eng aner Fro:

Wéi vill Leit stierwen all Joer hei am Land u Kriibs, Häerzinfarkter, der Grippe oder och nach un enger Longenentzündung ?

Oder sinn déi Pathologien alleguerten verschwonnen an integral vum Covid-19 ersat ginn ?

Wann een de Medien nolauschtert kéint een dat awer bal mengen…

 

Ech kommen elo zu engem aneren, wichtegen Punkt vu mengem Schreiwes:

de port du masque obligatoire op verschiddene Platzen, respektiv an den Geschäfter.

 

Op laanger Dauer ass d’Verwendung vun esou Masken mat enger kierperlecher an psychologescher Maltraitance gläichzestellen.

Et brauch een keng Studien fir dat erauszefannen, all seriöen Wëssenschaftler dee säin Job selon les règles de l’art ausübt kann deem och net widderspriechen.

Den Mund-Nasen-Schutz stellt effektiv eng potentiell Gefor duer well no laangem Droen Otembeschwerden net auszeschléissen sinn.

 

Wéi dir et vläit entretemps matkrut, huet den Emmanuel Macron den 8. September an engem lycée no kuerzer Zäit missen no Loft schnapen well en ënnert senger eegener Mask wärend engem Speech bal erstéckt ass !

https://www.francetvinfo.fr/sante/maladie/coronavirus/masques-sanitaires/video-donnez-moi-un-masque-plus-leger-emmanuel-macron-manque-de-s-etouffer-lors-d-un-deplacement_4099119.html

 

Hei nach eng aaner interessant Info: Den Bundestagspresident Wolfgang Schäuble huet an enger Hausmitteilung den Abgeordneten offiziell matdeelen gelooss dass et geféierlech wier eng Mask méi laang wéi 30 Minutten um Stéck ze droen.

https://www.focus.de/politik/deutschland/hausmitteilung-an-abgeordnete-bundestag-erklaert-bizarre-masken-empfehlung-und-rudert-jetzt-zurueck_id_12397938.html

 

Fazit : Héichgradéiert Politiker drécken sech geschéckt laanscht déi Gesetzer déi se indirekt stëmmen loossen, mee verlaangen awer vun de Leit an de Geschäfter an aneren zouen Strukturen dass d’Mask ganzdags gedroe soll ginn.

Kann just een vun iech mir dat verständlech erklären ?

Oder muss een dovunner ausgoen dass an Zukunft een Zweeklassesystem och zur “neier Normalitéit” wäert zielen?

 

Een aneren och net onwichtegen Problem ass dass eng Mask een reegelrechten “ bouillon de culture” ass, eng dreckeg a fiicht Fatz, duerch déi mir dee ganzen Dag anootmen. Mir paken se stänneg mat den Hänn un well se dauernd verrutscht. Mir ginn domadder op d’Schaff, stiechen se an d’Täsch (d’Fraen an hier Poschen), ginn domadder an de Resto an och emol dertëschent op d’Toilette.

Ass dat wierklech hygienesch ?

An soyons sérieux, ech kennen keen Mënsch deen seng Mask all 4 Stonnen wiesselt, respektiv mat wenigstens 60 Grad wäscht, wierklech keen.

E Chirurg an engem OP-Raum deet d’Mask un an peekt se just nach een Mol no der OP un fir se dee Moment ewechzegeheien. Mir ottonormal Verbraucher maachen dat definitiv net esou, oder ?

 

De Combel vun där ganzer Geschicht ass dass deen Mund-Nasen-Schutz a Geschäfter an op verschidden ëffentlechen Platzen keng Wierkung huet.

 

Hei de Beitrag vum Prof. Dr. med. Ines Kappstein, Fachärztin an der Mikrobiologie, Virologie, Infektiounsepidemiologie, Hygiene an Emweltmedizin:

https://www.thieme-connect.de/products/ejournals/pdf/10.1055/a-1174-6591.pdf

 

Wéi schonn gesot, eng Mask ass och Synonym vun psychescher Belaaschtung :

Et ass nämlech onnatierlech d’Leit net richteg erëm z’erkennen.

De Mënsch ass definitiv net duerfir konzipéiert: Ech zum Beispill, ginn duerch meng aussergewéinlech Gréisst (2,02m) an meng méi däischter Hautfaarf ganz einfach erkannt. Par contre hunn ech ganz oft Schwieregkeeten maskéiert Leit/Bekanntschaften z’identifizéieren déi physesch net esou aus der Rei danzen wéi ech.

Mir sinn all Gesellschaftswiesen déi de noen mënschlechen Kontakt sichen a brauchen:

Ech géing et woen ze behaapten dass dëst esouguer e Bestanddeel vun eiser  “condition humaine“ ass.

 

Wat mech awer zudéifst erschüttert, schockéiert an deelweis revoltéiert sinn d’Kanner déi ab 6 Joer gezwongen ginn eng Mask ze droen.

 

Duerch d’Covidgestz huelt dir hinnen een Deel vun hirer Liewensfreed an Spontanitéit ewech. Se verstinn deen ganzen Zauber net well se einfach ze jonk sinn. Verschiddener wëllen dat och guer net begräifen, an dat ass och an deem Alter hiert absolut Recht. Mir Erwuessener hu scho deelweis Problemer domadder, dann versetzt iech dach mol eng Kéier an de Käpp vun de Kanner…

Gëtt et hei am Land iwwerhaapt e Pediater deen dës Mesuren fir kannergerecht empfënnt ?

 

Ech kann et als responsabelen Papp einfach net veräntwerten mech NET dogéint ze wieren.

Duerfir: Gidd w.e.g WENIGSTENS eise Kanner hiert normaalt Liewen zréck !!!

 

Causa Testing: De Large Scale Testen ass och nach eppes wou ech de Sënn einfach net verstinn. Deen ominéisen PCR-Test gouf nie entwéckelt fir Massendepistagen bei der Populatioun duerchzeféieren, d’Verfaren gouf exklusiv fir Laborzwecker konzipéiert:

Et geet bei deem Test kee Virus nogewisen, mee nëmmen e Brochdeel vun enger charge virale déi NET zu 100% beweist dass eng getesten Persoun wierklech krank ass.

Et steet och esou op den Tester selwer: “These assays are not intended for use as an aid in the diagnostic of coronavirus infection.” “For research use only. Not for use in diagnostic procedures.

Dobäi hunn d’CDC (Centers for Disease Control and Prevention) an d’FDA (Food and Drug Adminsitration) an den USA dëst och confirméiert, wéi et an der New York Times ze liesen ass.

https://www.nytimes.com/2020/08/29/health/coronavirus-testing.html

 

Mee grad dës wichteg Prezisiounen ginn systematesch ignoréiert…Wisou eigentlech ?

 

Dobäi däerf een och net vergiessen dass een exponentiellt Testen en direkten Afloss op déi falsch positiv Tester huet, wéi et den däitschen Gesondheetsminister Jens Spahn selwer an enger Interventioun Mëtt Juni um ARD explizéiert huet. Déi vill Tester sinn also sënnlos, net aussokräfteg a kaschten eis als Steierzueler e Verméigen.

 

Aner Fro: Firwat ginn kärgesond Leit ouni Symptomer getest ?

Et géif mer jo och net an de Kapp kommen eng Röntg vu mengem Been unzefroen (op eventuellem Verdacht op e Broch) wann ech guer näischt wéi hätt…

Mäin Hausdokter géing mech jo mat Recht fir verréckt erklären !

 

Fir mam Testen ofzeschléissen: Wierder wéi “positiv”, “infizéiert” oder och nach “krank” sinn leider e festen Bestanddeel vun eisem Alldag ginn. De Problem ass awer dass déi all an daatselwecht Dëppen fléien an oft verwiesselt ginn. Et gëllt awer kloer z’ënnerscheeden:

Positiv heescht net onbedéngt infizéiert, an infizéiert heescht och net onbedéngt krank !

Wéi soot den Albert Camus : “ Mal nommer les choses, c’est contribuer au malheur du monde”.

 

Komme mer elo zu dem potentiellen Covid-19 Impfstoff. Wéi steet d’Chamber derzou ?

Kéint hei am Land eng Zwangsimpfung enges Daags a Fro kommen, oder kënnen d’Bierger op deem Punkt berouegt sinn, an och an Zukunft selwer iwwert hiren eegenen Kierper entscheeden ?

 

D’EU-Kommissioun huet jo schonns mat AstraZeneca eng Vereenbarung ofgeschloss fir sech en Zougrëff op Milliounen Impfdosissen ze sécheren.

Et ass iech jo bewosst dass dës nei Generatioun vun RNA-Impfstoffer nach ni zougelooss gouf well se eben nach ëmmer net ausgeräift ass, an deemno geféierlech an irreversibel Nowierkungen kéinten verursaachen !?

Iwwregens, wor et net esou dass viru Kuerzem grad bei AstraZeneca akut Nowierkungen bei engem Probanden festgestallt goufen ?

Géift dir selwer, en toute connaissance de cause, an e puer Méint esou en experimentellen Impfstoff ären Kanner/Enkelkanner wëllen administréieren ?

Dëst Verfaren, as Aneschters wéi bei der klassescher Impfung, en massiven Agrëff an der Physiologie vun eisen eegenen Zellen !

Den Carlos Gúzman, en renomméierten Professer an internationalen Expert aus dem Helmholtz-Zentrum für Infektionsforschung zu Braunschweig (HZI) erkläert an deem Kontext dass en RNA Impfstoff weder fir haut, nach fir muer z’erwaarden ass:

https://www.berliner-zeitung.de/gesundheit-oekologie/ein-forscher-sagt-der-druck-der-oeffentlichkeit-auf-die-impfstoffentwickler-ist-zu-gross-li.84934

 

Dobäi muss een sech och d’Fro stellen op deen zukünftegen Covid-19 Vaccin net daatselwecht Schicksal wäert erliewen wéi den Impfstoff deen am Kader vun der Schwéngsgripp virun iwwer 10 Joer entwéckelt gouf, an sech au final als eng reng lukrativ Geschäftsiddi fir verschidden grouss Pharmakonzerner entpuppt huet.

Den Christian Drosten hat och schonn deemols vun engem Killervirus geschwat a vu Millounen Doudeger gewarnt, mee et huet sech um Enn als komplett falsch erwisen.

 

Den Dokter Wolfgang Wodarg huet d’Hannergrënn vun där Maskarade kloer analyséiert an exposéiert:

https://www.wodarg.com/app/download/8975802914/+-Falscher+Alarm+Die+Schweinegrippe+WW+in+BIG+PHARMA.pdf?t=1590101181

 

Sidd dir nach ëmmer skeptesch ? Dann googelt mol an sicht folgend Doku op:

“Profiteure der Angst – Das Geschäft mit der Schweinegrippe (arte/NDR 2009)”.

 

Kuckt iech dat un, gënnt iech déi Stonn, dir wäert et definitiv net bereien.

Ech gi nämlech deem Gefill net lass dass mer elo am Kader vum Covid-19 en copy-paste Szenario vum H1N1 wäerten erliewen…

 

 

Wéinst dem Covid-Gesetz an déi doduerch entstanen Kollateralschied stinn awer och nach eng Rëtsch aner Froen am Raum:

 

Op wéi vill Faillitten a Chômeuren wäerten mir Enn des Joers kommen ?

Wéi vill Existenzen wäerten nach zerstéiert ginn ?

Riskéieren mir net eise Kanner en onendlechen Bierg u Scholden ze hannerloossen ?

Kéinten mir awer net eisen vitalen Triple A verléieren ?

Wéi laang soll eis Wirtschaft dat iwwerhaapt nach alles paken ?

 

Dobäi kënnt, dass mir momentan an enger Welt liewen wou mat der Angscht vun de Leit gespillt gëtt: D’Bierger sinn veronséchert a verängschteg, se ginn all Dag nonstop mat Hiobsbotschaften an düsteren Zenarien bombardéiert, respektiv endoktrinéiert.

 

Eis Gesellschaft ass esou gespléckt wéi nach ni.

Den Artikel 24 vun eiser Constitutioun garantéiert eis d’Meenungsfräiheet an verbitt d’Zensur. Leider ass et awer esou dass déi liberté d’expression ëmmer méi ënnerbottert gëtt, soubal een net onbedéngt mat der Covid-Politik vun der Regierung averstane as.

Doranner gesinn ech een kloren Verstouss géint eis Grondrechter, an dat kann et definitiv net sinn !

 

Verschidden Leit déi aus Risikozonen zeréckkommen gin sech (an dat net aus eegener Iwwerzeegung) testen loossen well se vun hirem enken Entourage op hier Covid-19 Sérologie ausgequëtscht gin fir sécherzestellen op se awer net vläit positiv kéinte sinn.

Mécht dat iech als Deputéierten keng Suergen ?

 

Lëtzebuerg gëllt als oppent, diverst an tolerant Land: Des Eegenschaften woren ëmmer déi Stäerkten déi eis ons duerch onsécher Zäiten no vir bruecht hunn.

Duerfir ass et wichteg, sech nees als Gesellschaft ze fannen, eis un en Dësch ze sëtzen an op Basis vun wëssenschaftlechen an objektiven Fakten ze argumentéiren..

Déi ganz Gestioun vun der Kris ass vun Ufank un vill ze vill politiséiert ginn.

D’Emotiounen an déi iwwerdriwwen Panik hunn d’Saach definitiv net méi einfach gemaach.

 

Komm mir loossen an Zukunft déi Leit eng Mask undoen déi dat wëllen an sech dobäi méi sécher fillen. Déi vulnerabel Leit sollen sech natierlech weiderhin schützen kënnen an Distanz halen, an eis Kanner sollen nees normal opliewen dierfen.

 

Déi absolut Prioritéit ass eis Wirtschaft nees zu 100% un d’Lafen ze kréien andeems een d’Betriber an de Horesca erëm an normalen Konditiounen schaffen léisst: De Staat kann och net ad vitam aeternam Suen fléisse loossen fir d’Economie ze stäipen, och wann d’Regierung seet dass et kascht wat et kascht: Déi Rechnung kann iergendwann eng Kéier net méi opgoen.

 

Dir Dammen an Hären Députéierten, déi nächst Woch stëmmt Dir iwwert en eventuellt Verlängeren vun den Covid Mesuren of. Dee Vote ass vun grousser Wichtegkeet an absolut weeweisend fir eis Gesellschaft. De Franzous géing soën: “Nous arrivons à un moment pivot de l’histoire…”

 

Wann Dir bis heihinner gelies hutt soen ech iech villmools Merci fir Äer Zäit, Äer Gedold an Äeren Interessi  !

 

Mat déiwem Respekt,

 

Valy RODIN

Related posts

13 Comments

  1. Marie-Paule

    Komm mir machen 2 Mount wéi wann neicht wier an kuken dann Tesultat mussen dann awer och Konsequenz assumieren Keen intensiv Bett keen congé technique etc

  2. Marco Rossi

    Den Beweiss dat mir Politesch Gefaangener sinn, daat huet näischt méi matt Corona dingsbums ze dinn. Déi eischt 3 Meint waren Masken tabu….an duerno obligatoresch!!!

  3. Matti

    Besser hätt een daat do net kennen zesummen fassen. D berouegt mech immens, dass emmer mei Leit unfänken kritesch mat dem ganzen Thema emzegoen. Här Rodin ech sin bei all Punkt komplett mat iech anverstanen!

  4. Claude Jungels

    Dessen Breif huet och wann en gut geschriwen as wei vill anrer eng Rei Problemerscher:
    Dei meecht Referenzen dei dier benotzt sin entweder Zeitungsartikelen oder Meenungen wann och zum Deel vun “Expert’en'”. Beides as awer an Der Welt vum scientific weineg waert.
    Wann dier zb eng sérieux Recherche macht (zb pubmed, et sin eng eltlech Méta-analysen disponibel) dann as schon kloer dass d’Mask eppes brengt emmer wann se natierlech bessen uerdentlech benotzt get (an dat mist lo soulues den leschten verstannen Hun, eng aner Sach as schlechten Wellen ouni onbedingt en Covid-leugner emer ze sin).

    PCR as den emmer rem genantent Argument me schlussendlech weineg Leit hun wieklech hieren Senn komplett verstannen (Google-Dokteren).
    Wat Statistiken vun den Falsch positiven ungeht verhiest Der zb (bewost oder och net) dat et wait mei “Falsch” negatives gin wei Falsch positive, wouduerch daat ganzt Argument hifaelleg schon get.
    Wat den ennerscheed teschend infizeiert, krank.. as hud Dier sorry me och net (Wellen?) verstoen..
    Sou kann een weider eenzeln dei meechten vun den Argumenter zimlech einfach widerleen.
    Eng Aaner Saach as dat een es einfach saat Huet an sengen deeglechen Liewen duerch d’en covid bessen limiteiert ze sin.. me daat leist sech net duerch pseudo-sciebtific Argumentatioun an Artikelen beleen oder evalueieren.
    Mat beschten Greiss an Respekt virun aérer Meenung

  5. tom levy

    Top! grousse Merci

  6. Mylène

    Wéi kann een aus den 2 Informatiounen
    1) Mir hun all eng Mask un
    2) Mir hun wéineg Kranker op eisen Statiounen
    zur Konklusioun kommen dat mer keng Mask méi undoen sollen?
    An net zur logescher Konklusioun, dat daat heescht, dat d’Mask an déi aaner Mesuren ganz offensichtlech hellefen? Et kann een jo gär kucken, wéivill Leit an aaneren Länner, gären iwwer den Atlantik, dorunner stierwen. Laut CDC (deen hei am Text jo och gär zitéiert gett) gett Corona dest Joer zur 3. heefegster Doudesursach an den USA.

    Präventioun ass wierklech déi ondankbarsten Form an der Medizin…

    1. Gilbert

      Hei informéiert iech ee Fachmann iwwert d´Masken. https://www.deutsche-apotheker-zeitung.de/daz-az/2020/daz-33-2020/hauptsache-maske. Maskeflicht gouf eréicht agefouert wéi d´Zuele vun de Neiinfektioune schonn staark um fale waren.
      Das „Centers for Desease Control and Prevention“ – die amerikanische Seuchenschutzbehörde – hat die bisherige Zählweise bei Covid-19-Verstorbenen ergänzt. Nun wird offengelegt, wieviele Patienten tatsächlich an Covid-19 verstorben sind. Dies geschah jedoch still und heimlich – in den großen Medien wurde bis jetzt nichts davon berichtet. Das CDC stellte jetzt fest, dass statt 161.000 nur 9.600 Amerikaner tatsächlich an Covid-19 gestorben seien – also nur 6 % der ursprünglich genannten Zahl (Stand 26.8.2020).

  7. Tom

    Waat een Quatsch. Haaptsaach dogeint an alles besser wessen op basis vun Pseudoargumenter. Et geet eis einfach ze Gutt. Lo op eemol as et sou eng schweier psychesch Belaaschtung een Masque ze droen…. Ech mengen et gin Leit dei hun ganz aaner Problemer. Fir all Argument fent een iegend een Artikel oder Studie dei daat “hannerleet”.

  8. Mario Dichter

    Här Jungels,
    Dir schreiwt: “Wann dier zb eng sérieux Recherche macht (zb pubmed, et sin eng eltlech Méta-analysen disponibel)…”
    Kéint Dir op déser Plaatz wegl. eng vun deenen etléchen “Méta-analysen” verlinken?

    Weider schreiwt Dir: “PCR as den emmer rem genantent Argument me schlussendlech weineg Leit hun wieklech hieren Senn komplett verstannen (Google-Dokteren).”
    Wiert Der dann wegl. esou léif, eis all de komplette Sënn vun der PCR ze erklären?

    An elo gët ët richtig interessant, ech zitéieren: “Wat den ennerscheed teschend infizeiert, krank.. as hud Dier sorry me och net (Wellen?) verstoen..”
    Och do si mir natirléch all gespaant op Är wëssenschaftléch Ausféierungen!

    Desweideren geheit Der dem Auteur vir, mat Zeitungsartikelen ze argumentéieren a verlinkt duerno selwer een, deen wuel weise soll, wéi onverantwortléch a Schweden gehandelt gin ass.

    Bon, jiddefalls si mir elo mol all gespaant op Är Äntwerten, déi mer eis dann a Rouh ukucken an évaluéieren, esou wéi daat séch an der Wëssenschaft gehéiert!

    Bescht Gréiss

    1. Claude Jungels

      2 Metanalysen: zb eng Lancet Publication:
      https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/32497510/
      Oder
      https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/32473312/

      Et kann een ganz wuel infizeiert sin ouni simptomatesch ze sin also e Krankheetsbild ze hun.
      Genau daat as daat gefeierlecht (an och zum Deel Differenz zu anren genantenen Virus-Erkrankungen wou d’Leit net mei op der Stross remgetreppelt sin an et konnten verbreeden, an och zu engem gebrachenen Been fier d’Beispill vum Breif opzegreiffen).
      Asintomatesch me infizeiert Leit dei also denVirus an hierem Kierper hun (an dat as mettlerweil kloer bewissen) kennen den Virus awer wuel iwerdroen an also ustiechend sin. Am iwregen (wei bei villen Virus’en) as en schon transmettant an infectant an daat souguer bei denen Leit dei duerno simptomatesch gin.
      Do as am préventive d’en Senn vun der PCR (get fier vill aner Krankheeten an aner Sachen benotzt an as also absolut naicht neies sait covid-19), dei Leit ze fannen dei infizeiert sin, den Virus verbreeden kennen ouni awer nach Sintomer ze hun. Duerno sin ennert den positiven Leit vun denen dier all Daag heiert natierlech och eng ganz Retsch wuel sintomatesch Leit. Fir eng PCR an all Detail ze erklaeren sin ech weder den Spezialist nach leisst sech daat an e puer Zeilen machen an brauch e gewessent Hannergrondwessen. Me ech froen mech wei souvill Leit mengen nodeems se een Beipackziedel geliess hun oder 2 Zeitungsartikelen bémol zu PCR spezi’en muteieren fier detailer vun daer Technik ze kritiseieren, an wann een se liest manifestement keen blassen Schimmer hun.

      Ausserhalb vun aller scientifiquer Argumentatioun gin Ierch ze bedenken dat daat mecht Sanitaire-Personal fier preventiv Mesuren as (net onbedengt all politesch Decisioun), Leit dei flait mat hierer Ausbildung an Studien awer d’Hannergrenn bessen besser verstin. Am iwregen sin eis Beruffer fier d’Majoriteit weder mei interesant gin duerch den covid-19 (am Geigendeel), nach verdengen mer mei Suen doduerch (am Geigendeel) zumols an engem liberalen Gesondheetwiesen wei zu Letzebuerg. Fierwat sin dei meecht also fier sou Mesur’en dei eis professionnel an wei bei jiderengem am privaten den Aldaag versauren? Sin mir all domm Schoof??
      Mat beschten Gréiss

      1. Claude Jungels

        Dir hud natierlech Recht wat meng Schweden Referenz ugeht, et muss een emmer versichen sech ze verbesseren:
        https://www.bmj.com/content/369/bmj.m2376.long

  9. Mario Dichter

    Mylène,

    liest wegl. deen heiten Artikel https://nues-am-wand.lu/testen-testen-testennichts-genaues-wei%ce%b2-man-nicht-2/ op méngem Bolg, wou ech unhand vun den Zuelen vun der Santé weisen, dass d’Masken absolut keen Effekt haaten op de Réckgang vun de soug. “Infektiounszuelen”.

    Doraus ergët séch d’Fro un Iech: Waat ass Är Propose, wéi laang mer nach maskéiert solle ronderëm laafen, obschons d’Zuele eng däitléch Sprooch schwätzen, wann een séch dann wirkléch domadder auserneen setzt: 1 (!) Patient op der Intensivstatioun, firwaat och ëmmer an 15 (!) Doudesfäll an engem Zäitraum vu 4 (!) Méint, woubäi d’Doudesursaach laut der Madame Ministésch mol nët kloër ass: https://nues-am-wand.lu/antwort-der-gesundheitsministerin-auf-offenen-brief-vom-16-04-2020/

    Merci fir Är Äntwert a bescht Gréiss

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *