Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Photovoltaik zu Lëtzebuerg: vill Pobeierkrich, wéineg Ënnerstëtzung! 

Photovoltaik zu Lëtzebuerg: vill Pobeierkrich, wéineg Ënnerstëtzung!
Image parP-association de Pixabay

vu Photovoltaik verstinn ech net all ze vill, ma ech liesen driwwer a kréien och dat eent oder anert ze héieren, grad wat d’Situatioun zu Lëzebuerg ugeet. Do heescht et zum Beispill, datt CREOS extreem zéi ass; d’Ufro  eleng fir d’Autorisatioun wär komplizéiert a CREOS géing sech gutt Zäit loossen fir engem ze äntwerten, réischt no Wochen kéim en accusé de réception. Fir esou kleng Privatinstallatiounen vun zum Beispill 6,6kWp misst et dach méiglech sinn, déi Prozedur méi einfach ze halen. Eng aner Kritik – déi ech net deelen- ass de Fait, datt CREOS eng sougenannten “Wegelagerungsgebühr” freet, och dann wann een op säin eegene Stroum zeréckgräift an d’Stroumleitungen vun CREOS net brauch. Ech deelen déi Kritik net, well ech mir soen, datt de Stroumreseau fir déi ganz Gesellschaft opgeriicht gouf, an also jiddereen muss säin Obulus bäisteieren. Virun iwwer 25 Joer gouf et e Mann an enger Gemeng, deen esou wéineg Hausmüll hannerlooss huet, datt hien sech d’Poubelle vum Noper wollt deelen. Viru Geriicht kruut de Mann net Recht:

Image paranalogicus de Pixabay

et muss ee fir d’Poubelle bezuelen, och wann ee (bal) keng brauch. Iwwregens ginn et an der Tëschenzäit a ville Gemengen Mini-Poubellen fir e Spottpräiss! Doniewt sinn ech der Meenung, datt wann d’Photovoltaik mol eng Kéier en panne fält, dee betraffene Stot méi wéi glécklech ass, kënnen op CREOS zeréckzegräifen. Komplett onverständlech ass, datt een um Stroum, deen ee selwer produzéiert huet, muss eng Taxe u CREOS bezuelen, fir déi Kilowatt, déi een och selwer verbraucht.

Waat mir zousätzlech net wëll an d’Bëls eragoen ass, datt et awer guer keng Ënnerstëtzung gëtt, fir a Privathaiser eng Batterie ze installéieren, also fir de Stroum, deen ee selwer produzéiert, kënnen ze notzen, wann et entweder schlecht Wieder ass oder wann d’Sonn sech kuschele geet. Et géing ee bal mengen, d’Politiker hätten eppes géint autark Haiser, respektiv CREOS géing ëm hieren Ëmsaz fäerten! Iwwerhaapt ginn et genuch Kujenaden fir déi Leit, déi de Courage hunn, sech eng Photovoltaik op den Daach setzen ze loossen. Den Opwand op der Steiererklärung – hunn ech mir soe gelooss- wier mat gläich dräi Formulairen einfach ze grouss! https://www.myenergy.lu/uploads/editor/files/Traitement_fiscal_installation_photovoltaique.pdf

Image parGerd Altmann de Pixabay

Et gi Leit, déi sech besser auskennen wéi ech, déi mengen, et sollt een e Fräibetrag beim Revenu aféieren, soudatt déi meescht Bedreiwer vu klengen Installatiounen iwwerhaapt keng Steiererklärung fir hir Anlag bräichten ze maachen. A wa mir schonn bei de Steiere sinn: firwat ass d’Photovoltaik vum reduzéierten Taux expressis verbis ausgeschloss? Ënnerstëtzung gesäit aneschters aus. Esou wéi et den Ament ass, muss d’Persoun sech eng TVA-Nummer froen, 10 Joer eng TVA-Erklärung ofginn fir sech dann duerno nees ofzemellen.

Fazit:wee gären eng Photovoltaik hätt, brauch Courage fir géint de Pobeiertiger unzekommen, deen- esou nierwebäi- ni ëmweltfrëndlech ass a vill Nerve kascht. Et sollt ee mol roueg bis bei eis Noper luusse goen, wéi déi et maachen. Wallounien schéngt do e Musterschüler ze sinn, zum Beispil gëtt do  keen zweete Compteur installéiert mä ganz einfach leeft de Compteur, wann ee méi produzéiert, wéi ee selwer brauch, hannerécks an ëmgedréit.

Image parTaken de Pixabay

Grad elo wou déi Gréng – a schonn zanter 6 Joer- an der Regierung sinn, dierft een sech méi Ënnerstëtzung erwaarden: manner administrative Krich, méi finanziell Ënnerstëtzung. Et gëtt nach en zousätzlecht Argument, fir grad elo d’Photovoltaik ze ‘pushen’: eeler Leit hunn dacks Suen op der Säit leien, op der Säit, dat heescht, meeschtens op der Bank; well d’Zënsen esou niddereg sinn, entwäert dat Kapital lues awer sécher. Eeler Leit sichen no Méiglechkeeten, hiert erspuertent Geld sënnvoll unzeleeën, hunn awer am héigen Alter net  onbedéngt de Courage, e prët ze maachen, fir an de Steen ze investéieren. Eng Photovoltaik par contre wier eng gudd Geleegenheet, virausgesat, et gëtt villes méi einfach.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *