Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Children of the revolution 

Children of the revolution
Image by pixel2013 from Pixabay

Kanner a Jugendlecher ginn op d’Strooss fir de Klimaschutz. Dat ass gutt!Wir sind hier, wir sind laut, weil ihr unsere Zukunft versaut! De Motto kënnt gutt eriwwer, ma et héiert sech un, wéi wann déi eeler Generatioun(en) awer och glat a guer näischt op deem Punkt ënnerholl hätten. Dat stëmmt nëmmen zum Deel, well d’Generatioun vun de Bomen a Bopen huet ëmmerhinn gréng Parteien staark gemaach, Organisatiounen wéi Greenpeace  sech zu Multikonzerner entwéckele gelooss an zu Lëtzebuerg hu mir de gudden alen mouvement écologique an zëg aner Ëmweltorganisatiounen.Wat richteg ass: mir hunn eis domatter e rouecht Gewësse kaaf, an dat war et dann. Dat gëllt fir eng Partie Beräicher. Ech wëll hei just e Beispill opgräifen an explizéieren.

“…Mir hunn dacks déi néideg instrumenter geschafen..”

…awer se huerteg zeréck an den Tirang geluecht. Wa mir mam Flieger fléien, produzéiere mir Dreck, vu Lëtzebuerg op Malle aller/retour ëm déi 400 kilo CO2. Dat ass net wéineg, ma zanter ronn 2 Joerzéngten gëtt et eng Zort Beichtstull,

Image by Free-Photos from Pixabay

wou een zwar kee Rousekranz ze biede kritt, ma wou een eng kleng Finanzstroof fir säin ëmweltfeindlecht Behuelen ze bezuele kritt, loosse mer soen, Lëtzebuerg/Mallorca 20 Euro. Dat héiert sech no wéinech unn, ma wann 2 Millioune Passagéier dat géinge maachen, kéime mer am klenge Lëtzebuerg op ëmmerhinn 40 Milliounen Euro; et däerf een och net vergiessen,datt vill Leit méi wäit fléien an d’Finanzstroof deementspriechend eropgeet. Déi Suen kéinte benotzt ginn, fir ëmweltfrëndlech Kompensatiounen, wéi Beem planzen, Solar- a Wandenergie ëwnnerstëtzen etc.

Natiirlech kéint een déi “Strof”, oder villäicht besser, deen “Ausgläich” nach eropsätzen, ma et sollt ee kleng usätzen, well et besteet d’Gefohr, datt um Enn déi Kompensatioun präisslech méi héich ausfält, ewéi den Ticket selwer- op d’mannst bei de Bëllegloftgesellschaften. Den Haaptprobleem besteet den Ament doranner, datt de System just op fräiwëlleger Basis fonktionnéiert, an also bal kee Schwäin sech dorunner hält. De System ass esou oder esou- soziaal ongerecht, ma déi mam Zylinder um Kapp konnten sech nach ëmmer méi leeschten, ewéi déi mam Hummer am Grapp. Et sollt en déi “Taxe” esou héich halen, datt och Persounen, déi sech finanziell net esou gutt stinn, awer nach d’Méiglechkeet behaalen, och an d’Vakanz däerfen ze fléien.

Den Ament benotzen an Däitschland 8 Prozent vun de Passagéier dese Systeem. Dat geet bei wäitem net duer. 6,6 Milliounen Euro kommen domatter eran, ma et missten der iwwer 10 Milliarde sinn!

 

kloer! Et kann een esou weider fueren (fléien) wéi bis ewell, ma et kann een och dorauser eng Obligatioun schaafen. An do kommt Dir Jonker an d’Spill. Dir wëllt Drock op d’Politik maachen? Dat do ass eng vu ville Méiglechkeeten. D’CO2-Kompensatioun huet zwar vill Imageprobleemer, ma wann een dorausser en nationale Projet mécht, vun der ganzer Regierung ënnerstëtzt, an et gesäit een herno konkret Resultater, da sinn déi huerteg vergiess. Let’s make it happen. 

Image by Jürgen Sieber from Pixabay

Déi Gréng sinn an der Regierung, matt hinnen ass bestëmmt doriwwer ze schwätzen. Eng ähnlech Taxe sollt fir Croisière-Schëffer gëllen an natiirlech fir d’bleche Kutsch. Och fir den Auto muss eng serieux Spritsteier kommen, awer och hei nees mat Mooss an och net just fir den SUV, deen Dir Ierch als Feindbild ausgeduecht hutt. D’Regierung huet 1-2 Cent de Liter decidéiert, wat wéineg ass, ouni ze präziséieren, wat matt denen 2,5 Milliounen Euro spéider ze geschéien huet. Dobäi hu grad déi Gréng ëmmer d’UNIVERSALITéIT vum Staatsbudget a Fro gestallt!

Mä, kaft net d’Kaz am Saak. Loosst Ierch vu Ministeren mol all d’Chiffere ginn, déi an dësem Kontext gebraucht ginn: Statistikken vum Automarché, vun de Passagéier, vun de Frontallier, vum wirtschaftlechen Zoustand vun eiser Populatioun etc. An et muss kloer sinn, datt d’Einnahmen vun esou enger CO2-Kompensatioun net iergendwou am Staatsbudget versickeren, ma datt déi Suen och fir d’Ëmwelt benotzt ginn.

Ein gutes Gewissen ist käuflich huet DIE WELT den 30. Mäerz getittelt an huet dat och am positive Sënn gemengt. Elo schonn huet een d’Méiglechkeet dofir, et brauch een et just ze maachen. E gutt Gewëssen berouecht, mécht glécklech! Dir kënnt elo schonn vun esou Instrumenter profitéieren, Dir musst just dofir bereet sinn. AM Beschten ass natiirlech, guer net méi mam Flieger ze reesen, mä, ween ass schonn dozou bereet?!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *