Recent Posts

Post Categories

Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...

Blog Post

Innepolitik

LSAP versus déi Gréng!? 

LSAP versus déi Gréng!?
Image parFree-Photos de Pixabay

Den LSAP-President Franz Fayot ass de Moien op Radio Lëtzebuerg färm zeréckgeruddert! Hie blouf zwar bei sengen zentralen Aussoen aus sengem Zeitungsartikkel vun e leschte Samschdeg, mä, huet et no villem Hin-an-Hir staark relativéiert. En SUV ass keng Drecksschleider méi, ma säi Propriétaire soll dach méi Steieren bezuelen; do kéint ee mengen, hie wéilt déi Gréng politesch ënner Drock setzen – esou koum et allemol aus sengem Artikel eraus- ma elo heescht dat neierdéngs: jidder Eenzelnen muss sech froen, ob säi Liewensstil dee Richtegen ass, am Senn vu Klimaschutz! De Prinzip vum pollueur-payeur ass awer eng gutt Iwwerleeung, a sollt mat méi courage ëmgesat ginn. Also awer en Appel un dee léiwe grénge Koalitiounspartner, eppes un der Autosteier ze änneren. Fir de Rescht steet den LSAP-Chef hannert dem Regierungsaccord, a virun allem, hie wéilt keng Politik géint d’Leit maachen. Domatter huet hien de facto seng hallef Dosen Steieren zeréckgezunn, déi hien a Saache Logementsproblematik an d’Spill bruecht hat; ausser d’Hausse vun der Grondsteier, obwuel och déi juristesch net onëmstridden ass.

De Franz Fayot koum am Live-Interview um Radio op alle Fall bedeitend manner kéng an iwwerzeegend eriwwer, wéi am geschriwwene Wuert an der Zeitung! An dee fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels huet am Tageblatt och nees zur Fieder gegraff: Die Märchen des Don Turmes: mit punitivem Ökologismus in eine nachhaltige Sackgasse, ass säin Artikel iwwerschriwwen.

image credits: wikipedia

De grénge Minister gëtt mam Don Quichote verglach, dee géint Wandmillen unzekämpfen huet, déi den Turmes mordicus op all Kopp wéilt wuesse loossen wéi Spargelen. Dobäi hätte wuel weder hien nach d’Deputéierten ee vu ville Rapporten vum IPCC gelies (UNO-Gremium fir de Klima), dee festhält, datt eenzeg an eleng de Stroum aus Atomreakter d’CO2-Emissiounen kann nohalteg erofdrécken.

De Robert Goebbels war als féiere Minister vill vun deene Gréngen kritiséiert an attackéiert ginn: hie gouf vun hinnen de Betonsminister genannt, wéinst grousse Bauprojet,dorënner d’Nordstrooss, an huet deemenstpriechend eng Rechnung bei hinnen opstoen. Seng Iwwerleeungen sinn awer meeschtens erfrëschend, well hie gäre géint de Mainstream schwëmmt, schreiwt.

Dobäi ass et duerchaus ze justifiéieren, gréng Politik ze hannerfroen. Dëst Joer ginn zum Beispill 492 Milliounen € an den Ëmwelt- a Klimaschutz investéiert! Vill Suën ! Vierwat ze maachen? 2022 sollen et 710 Millioune sinn, an de Bierger huet als Steierzueler ee Recht drop, gewuer ze ginn, wat mat deem Geld geschitt! Déi Rout schéngen an déi Richtong wollen ze goen: de Wahlverléierer leckt seng Wonnen a kraazt um Lack vun deene Gréngen.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *