Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Minarett a vill Genuddels 

Minarett a vill Genuddels
Image by LoggaWiggler from Pixabay

D’

Pastafarianer – Reljioun oder Sekt? kee weess et!- hunn d’Staater Buergermeeschteg gëschter per Bréif kontaktéiert. Si wëllen op d’mannst eng Kierch, – am léifsten 2 – 3, déi vun de Katholiken net méi gebraucht ginn, lounen. Anscheinden kritt een esou ee Gebai schonn fir 1500 – 2000 Euro d’Joer. E Schnäppchen! An d’Gemeng Lëtzebuerg huet der 21 ze bradéieren. Obwuel, et wäert een och hei mussen dat Klenggedrécktent liesen. D’ Kierch vum Spaghetti-Monster

Bx0pW%8z7U6tw$sQYzhcoAsv

huet wëlles, an där fréiherer Kierch eng Pizzeria opzemaachen, verbonnen mat enger Discothéik, an esou ass de Bréif  un d’Madame Buergermeeschter ënnerschriwwen, matt : datt d’Genuddels mat Ierch ass!. Et wäer op alle Fall e Ristorante mat engem extreem nidderege Loyer…concurrence déloyale?!

Domatter gëtt d’Gewulls an de Cornichongen fir déi Staater Buergermeeschteg nach e bësselche méi grouss! Well, et ass zanter e puer Deeg gewosst, datt eng aner grouss Kierch fuschnei soll opgoen, an zwar op Wonsch vun der moslemescher Kommunautéit! De Faruk Licina, President vun der Shoura ass am Interview mam Lëtzebuerger Wort (13.03) däitlech: “mir wëllen eng zentral Moschee!”. An deem neie Gebai soll kënne gebiet ginn, ma et kéimen do och Bureauën ënnerdag; Lëtzebuerg wier bis ewell dat eenzegt Land, wou et nach keng Zentralmoschee gëtt! Et wier also un der Zäit, an zwar mat Minarett.

Eischt Gespréicher tëscht dem Staats- a Kultusminister si scho viru Woche gelaaf, elo ass d’Gemeng Lëtzebuerg gebieden, der islamescher Communautéit derbei ze hëllefen, deen néidegen Terrain fir d’Moschee ze fannen. Well, esou en zentraalt

Image by Konevi from Pixabay

Gebai soll jo näischt Klenges ginn. D’Madame Polfer wäert légèrement embêtéiert sinn, an de Quartier gëtt sech wuel kaum drëmmer gerass, esou eng grouss Moschee bei sech bäipraffen ze loossen. Am meeschten Diskussiounen ginn et wuel nach wéinst dem Minarett. D’Gebimmels vun de kathoulesche Kierchen huet gréisstendeels opgehaalen, oder awer, d’Klacken ginn zu enger verstänneger Zäit laude gelooss, soudatt dat schaffend Vollek ka schloofen. Ob dat och wäert de Fall sinn mam Mann, dee vun uewen erof zum Gebiet oprifft, bleiwt ofzewaarden. Villäicht besteet jo eng Méiglechkeet, eng Kierch, déi eidel steet, als Moschee ëmzetransforméieren?! Eng Erausfuerderung fir d’Architekten op alle Fall.

Mol kucken, wat déi ëffentlech Diskussiounen esou alles bréngen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *