Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Komm! Mir maachen der Bom hiert Haischen drop! 

Komm! Mir maachen der Bom hiert Haischen drop!
Image par Free-Photos de Pixabay

déi Däitsch wollten fir Sylvesterowend besonnesch witzeg sinn a koumen mat engem Lidd, an deem d’Boma eng “Umweltsau” vernannt gouf, op d’Melodie vum uraale Fuessgesang Wir versaufen unser Oma ihr Klein’ Häuschen! Do war awer an engem Siess déi däitsch Bud ze kleng. Et gouf sech geiergert, méi wéi een huet de Fanger gehuewen an op d’Moral higewisen, verschiddener hunn de mëttelste Fanger gewisen. D’Bomchen léist ee mat Rou! Basta! Bomi a Bopi sinn d’Wuerzelen vun enger Famill, si sinn wéi kleng Kënnercher, onschëlleg. Dat Lidd, vu Kanner virgedroen, gouf iwwer Sylvester zu engem casus belli, nach méi schlëmm wéi de Krich vun de Knupperten zu Berlin, an dee Krich huet (leider) Rietsextreemer op d’Strooss gefouert, déi hanner deem Ganzen eng Attack gesouchen vu geféierlechen, lënks-exreeme Kreesser. De WDR huet sech méi wéi entschëllegt, den Incident gëtt – deutsche Gründlichleit oblige- wahrscheinlech nach laang duerchdiskutéiert. Dobäi kéint een héchstens vun engem faux-pas schwätzen an d’Saach wier erleedegt.

“Umweltsau” weist allerdéngs, wéi déif sech d’Diskussioun ronderëm de Klimawiessel- a virun allem d’Diktat vun de Klimaaktivisten- an den däitsche Käpp, och an de Medien verankert huet. D’Boma gëtt zur Sau gemaach, well si an der Scheier mam Motorad fiert, an och nach – oh Graus!- en SUV an der Garage stoen huet. Dat entsprécht natiirlech iwwerhaapt net der Realitéit an déi Rietsextreem hu (leider) Recht, wann si drop hiweisen, datt d’Boma, déi däitsch Boma, nawell dacks an hirer Jugend zu den “Trümmerfrauen” gehéiert huet: si waren et, déi zesummen mat e puer ale Männer, déi zerbommbte Stied nom Krich gehollef hunn, ze raumen; si waren et, déi de Kanner gehollef hunn, ze iwwerliewen; deemols gouf et kee foie gras, ma héchstens souris grillées, pommes vapeurs. Iwwerhaapt huet déi éischt Nokrichsgeneratioun kleng geliewt, si gouf zu der Generatioun Schaffe,Schaffe, Häusle baue, wat interessanterweis och e Lidd war vun de Fuesboken aus de 60 ger Joer. Dat war d’Generatioun, déi näischt ewechgehäit huet, alles op d’Säit geluecht, d’Generatioun vun den Heimatfilmer, vum Winnetou, vu Preisen, déi wollten Däitscher ginn, ëmmer op der Sich no engem rouegen a friddleche Liewen. Et ass genee dat, wat lénks Kreesser hir spéider virgehäit hunn, nämlech ze vill an de Klengbiergertum verfall ze sinn, wou eng Mercedes méi wichteg gi war, ewéi kritescht Denken.

D’Umweltsau bei der Bom ze sichen, geet an déi falsch Direktioun: si war et, déi de Geméisgaart doheem an der Rei gehalen huet, si war et, déi d’Wäsch am äiskaale Buer gemaach huet, de Bopi goung dacks eng Stonn laang zefouss op d’Aarbecht, huet sech eng Schmier matgeholl, ëmmer am nämmlechte Pobeier agepaak, well Plastik hu se net kannt; gewäsch gouf sech mam Läppchen, dacks mat schwaarzer Seef (sunlight, op Lëtzebuergesch: Sunnlicht); op der Toilette gouf sech mat der Zeitung vum Dag ofgebotzt. Neen! D’Grousselteren hunn definitiv net ab deem Kontext d’Sau markéiert, och wann si deemols nach näischt vun Ëmweltschutz wossten.

Däitschland goung et – glécklecherweis- lues a lues wirtschaftlech besser an et ginn natiirlech där Grousselteren, déi elo richteg gutt kënne liewen. Hieren CO2-Bilan op e ganzt Liewe gerechent léisst sech awer bestëmmt mat engem vun der jonker Generatioun weisen. D’Bomi, pardon, d’Umweltsau huet jo net de Fliiger eng éischte Kéier matt 5 Méint geholl. A schliisslech sinn et d’Klimaaktivisten, déi verlaangen, fuerderen ,diktéieren, datt mir nees sollten esou liewen wéi Bomi a Bopi, pardon, also wéi Ëmweltsäi, oder?!

Sollen déi Al elo op d’Strooss manifestéiere goen, mam Slogan: ” Wir sind hier, wird sind laut, weil ihr unsere Vergangenheit versaut”! Oder villäicht wier éischter ubruecht:”Mir sinn hei, haut an hoggd, well Dir Ierch Aer Zukunft verbockt”!

Related posts

1 Comment

  1. Clemi

    D’Diskussiounen an d’Fuerderunge reng vum Alter hier betruecht: Och wann net (nëmmen) d’Grousseltere sou direkt vun de jonke Klimaaktivisten an d’Verantwortung geholl sollte ginn, mee éischter (och) d’Generatioun vun den Elteren, sou ass sou wéi den Auteur et hei duerleet “Grousselteren” awer dat richtegt Wuert. Well ëm Auteur (an der Pensioun) seng Grousselteren kënne wuel eelere Generatiounen, wéi z.Bsp. den Trümmerfraen, zougerechent ginn, bei de jonke Klimaaktivisten ass dat awer wuel anecht. Soe mer d’Mamm huet relativ spéit hir haut 15-järegt Kand kritt, mat 30, an däer hir Mamm nach éischter sou wéi et fréier de Fall war, soe mer mat 20. Dann ass dem 15-järege Klimaaktivist seng Boma 1955 gebuer! Dem 25-järege Klimaaktivist seng Boma 1945! Also nix mat Trümmerfraen! Anstatt vun der “Flugscham”, déi den Auteur jo net gären huet, probéiert hien eng “Trümmerfrauen-Scham” ze konstruéieren, déi ganz einfach falsch ass. Et weist awer wat haut oft de Problem ass: éier een eppes schreift oder seet sollt ee probéieren sech an déi richteg Perspektiv ze setzen. Oder wollt den Auteur dat net, well hie selwer zu dese “viséierten” Joergäng gehéiert?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *