Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Bausch kënnt laanscht e blâme a Saache SREL! 

Bausch kënnt laanscht e blâme a Saache SREL!

Gläich ginn et 6 Joer, datt d’SREL-Affaire an der Ëffentlechkeet opgekacht gouf, eigentlech misst ee soen, NEI opgekacht gouf, well d’Fakten ware schonn 5 Joer virdrun beschtens bekannt. Ma dozou méi an den nächste Wochen. Op alle Fall huet sech viru 6 Joer d’Enn vun der schwaarz-rouder Koalitioun ofgezeechent, d’Enn vum Jean-Claude Juncker als Premier, an hannen um Horizont huet sech eng éischte Kéier an der Lëtzebuerger Politik eng Dräierkoalitioun ofgezeechent.

 

Et gouf deemols déi berüchtecht SREL-Enquêtekommissioun, där hire President de Sozialist Alex Bodry war an där hiere Rapporteur de gréngen Deputtéierten François Bausch. Dëse Mann hat an där Fonctioun e bësselche vill geplappert, a virun allem, ze vill op sengem Internetblog geschriwwen.”SREL: der sichere Weg zum Totalschaden”. Hie gouf vum Ex-SREL-Mann Frank Schneider dowéinst op d’Geriicht geholl an de gréngen Deputéierten huet an deenen zwou Instanze verluer. D’Riichter koumen zu der Konklusioun, datt och e Volleksvertrieder eng gewëssen Vertraulechkeetspflicht muss respektéieren. Als membre-rapporteur vun der Enquêtekommissioun hätt hien där hire Konklusiounen net virzegräife gehat duerch Kommentären op sengem Blog!

 

Déi zwee Verdikter hätten eigentlech mussen e politescht Nospill fir de Bausch musse bedeiten. De sougenannte Bureau vun der Chamber koum bis ewell an där Affaire zweemol beieneen- natiirlech op Drock vun der CSV-, wou allerdéngs d’Majoritéitsparteien drop hiweisen, datt hinnen aus formaljuristesche Grënn d’Hänn gebonne wieren. De Bausch wier haut net méi Deputéierten, ma Minister, a kinnt deemno net méi vun der Chamber e blâme ausgeschwaat kréien.

De François Bausch hat viu 6 Joer op sengem Blog op d’Noutwennegkeet bestanen fir e strengen Deontologiecodex anzeféieren fir d’Memberen vum Geheimdéngscht. Déi zwee Verdikter Schneider – Bausch weisen, datt et esou e Codex och fir d’Deputéierte misst ginn. Mä, et goung deemols jo ëm Héigeres, also heiligt der Zweck die Mittel! Ganz apart ass, datt déi gesamt Press déi leschte Méint refuséiert huet, heifunner ze schreiwen an ze schwätzen.

 

Hei ass nach ëmmer de link op deemols

http://archive.is/YycM9

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *