Jo, de léiwen Härgott oder den hällegen Darwin gouf eis Männer e puer Muskele méi ewéi de Fraen.Déi konnt ee fréier asetzen, fir op d’Juecht ze goen, haut wann een am Bausecteur schafft oder Handwierker ass; si kënnen och duerchaus Sënn maachen, wann een als Mann der schwangerer Fra hëlleft, d’Cornichongsdëpchen opzemaachen.
Ierch Bouwen, 16 – 18 Joer al, schéngt d’Natur net verwinnt ze hunn, well Dir hutt gläich zu e puer musse sinn, -zu 10!- fir fir d’éischt e Schaffner vun den CFL ze zerschloen, an duerno e Maschinist! Wow! Zu 10! Wat e Courage musst Dir an der Panz hunn. E Mënsch zerschloen, dat mécht een hautdesdaags net méi, ausser, an Noutsituatiounen, fir sech selwer ze verteidegen. Waard Dir an esou enger Situatioun: goungen déi CFL-Beamten mam Messer op Ierch duer? Haten se e Klabes bei sech? Wuel kaum. Ma Dir hutt einfach drop lassgeschloen, Dir waard jo e Grupp, an am Grupp fillt een sech staark.
Ech plädéieren ëmmer fir ‘circonstances atténuantes’, ma an Aerem Fall dinn ech mech do schwéier, fir net ze soen: et ass mir onméiglech. Wann ee jonk ass, mécht een Dommheeten! Averstaanen, mä awer an de Limitten, an déi hudd Dir iwwerschratt!
Huelt elo dat Wéinegt u Courage an de Grapp a gitt bei d’Police Ierch mellen. Duerno gidd Dir déi zwou CFL-Persounen an d’Spidol besichen an entschëllegt Ierch. Hudd Dir dee Courage? An dann hëlleft Dir der Mamm beim Grompere-Stampfen, fir Puree ze maachen. Domadder gëtt ee grouss a staark.
woumatds’dë vollkommen recht hues frank.
pas de pitié avec les canards boîteux.zivilen dingscht,dien tooperten hiir eidel rommelskaepp gehéierlich auswaescht………..