Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Logement

Schëttermarjal: eng Residenz fir Schlaangen! 

Schëttermarjal: eng Residenz fir Schlaangen!
image credits: Wikipedia

de Schëttermarjal ass en Hank tëscht dem Kierchbierg a Weimerskierch. Net besonnesch grouss, ongeféier 100 Meter breet an 300 Meter laang. D’Awunner aus der Oemgéigend hunn déi Plaaz net ongär, fir sech d’Féiss ze vertrëppelen a wou de Mupp ka seng Geschäfter maachen. Elo soll eng Residenz dohinner kommen, wéi ëmmer mat de gewinnte Protester. Beem an Hecken stinn do, eng Partie Schlaange kréngelen sech tëscht de Steng. Wéinst strengen Ëmweltoploen riskéiert d’Residenz e ganzt Joer Verspéidung ze kréien!

Image par P. Schreiner de Pixabay

Dobäi schléift de Projet schonn zanter Joer an den Tiräng, och aus Zäiten, wou déi Gréng nach mat un den Hiewelen um Knuedeler souzen. 2016 gouf et eng gréisser Diskussioun, no de Protester vum lokalen Interesseveräin a vum mouvement écologique. D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg – och Gréng!- koum zu dësem Verdikt, deen ech vu Wikipedia erof kopéieren:

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ufanks Oktober 2016 matgedeelt, datt Schëttermarjal net géif als Naturschutzgebitt klasséiert ginn, dat aus zwéi Grënn: de Site géif op nationalem Niveau keng besonnesch Wichtegkeet hunn, an am allgemenge géif den Ëmweltministère keng Zon als Naturschutzgebitt klasséieren déi an engem PAG als Bauland ausgewisen ass[5].

Domatter war alles kloer, an deen neie Schefferot – elo blo/schwaarz- wollt huerteg Neel mat Käpp maachen. Huerteg? Et ass éischter fir sech kabott ze laachen!

an deem Hank war ganz fréier mol eng Steencarrière, an an deem Biotop fillen sech elo eng ganz Partie Schlaangen esou richteg monter, dorënner Schlaangen, déi méi rar sinn.

Image par Mylene2401 de Pixabay

Déi Déiercher mussen elo fach- an ëmweltgerecht “geplënnert” ginn op eng Plaz, wou si sech grad esou wuel fillen, wéi an der Schëttermarjal. Experten goufe geruff, ëm hir Meenung gefrot. Bis d’Déiercher geplënnert sinn, dauert wuel nach e Strapp.

Esou laang kënnen d’Hecken, déi do stinn, net ëmgeseet ginn, an d’Reglement gesäit vir, datt tëscht dem 1. Mäerz an Enn Oktober absolutt net däerf an den Hecke geschafft ginn. Haut si mir de 25. Februar….et bliff dem Promoteur 4 Deeg Zäit, fir  d’Gedéiësch ze deportéieren, d’Gestrëpps dem Erdbuedem gläich ze maachen. Eng Saach vun der Onméiglechkeet!

also kritt de Projet e weidert Joer Verspéidung! Um Knuedler sin se alles aaneschters wéi amuséiert an och de Promoteur wäert zwou décker Bullen am Hals hunn. Ass et do wierklech net méiglech, mat allem Respekt fir d’Natur, eng dérogation spéciale ze maachen?! Ëmwelt soll duerchaus eng Prioritéit bleiwen, allerdéngs och de Wunnengsbau. De Projet gëtt souwisou realiséiert, virwat net am Laf vun dësem Joer?

Mä bei eis leeft et aaneschters wéi bei de Chineesen: eng Klinik bannent 10 Deeg opriichten, dat ka jiddereen; e Projet awer op Joren erauszéien, dat ass wierklech eng Konscht!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *