Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Blétz an Donner an der CSV? 

Blétz an Donner an der CSV?
image credits: pixabay

1.Noom leschten Optrétt vum Serge Wilmes op Radio lëtzebuerg huet e sech verwonnert de Schmalz aus den Ouere geriwwen. Wat goung den 1. Scheffen op der Gemeng Lëtzebuerg dann unn, därmoossen mam neien CSV-President Frank Engel ofzerechnen?! Schlechte Verléirer? Bon, do kritt ee gesot, de Mann wär vun RTL “geködert ginn, et géing am geplangten Interview exklusiv

image credits: pixabay

ëm d’Aarbecht vum Wilmes um Knuedler goen. Ma esouguer an deem Fall hätt den Här jo no den éischten 1-2 Froen ronderëm d’CSV-Presidence kënnen ofwénken, a live op der Antenne drop opmierksam maachen, datt eppes aneschters ofgemaach gi war. Mä, neen! Hien huet sech während 8 Minutten dreiwe gelooss, an et stellt ee sech d’Fro, ob net méi derhannert stécht. Ech krut elo vun RTL-Leit confirméiert, datt de Serge Wilmes virum Interview kloer an däitlech an d’Bild gesat gi war. Et war also mat “prémédidatioun”!

2.Aus der CSV ausgetrueden si bis ewell just zwee Memberen, an nawell héiert een ëmmer méi dacks, datt d’Onzefriddenheet ënner enger Partie Deputéiert grouss wier. Et war een eben nach ni méi wéi 5 Joer an der Oppositioun, dat muss een elo léieren. Ma, et muss een och Perspektiven fir d’Zukunft gesinn. An do geet et duer, tëscht der stater Plëss d’Arem an der Badanstalt ze trëppelen, fir gepëspert ze kréien, datt vereenzelter géingen drun denken, eng nei Partei ze grënnen, am genre vun en marche à la Macron. Wuelverstaanen, dee Projet besteet den Ament just an de Käpp vun deem engen oder anere Parteimember, ma et heescht ëmmer nees, déi richteg Käpp bräichte just zum richtegen Ament zesummekommen…(.)

Et erënnert ee sech: den Etienne Schneider war kuerz virun de Wahlen och mat esou enger Iddi koum, fir se huerteg nees zeréckzezéihen. Elo also zirkuléiert déi nämmlecht Iddi ënner de Konservativen, a si stinn net eleng do.

3.Bei der DP ass d’Situatioun eng aner, an zugläich eng  ähnlech. Den Ament laacht si sech an d’Fäischtchen a waard just drop, datt déi gréisste Vollekspartei a Stécker fiert, fir eventuel deen een oder aneren Deputéierten bei sech opzehuelen. Keen aussergewéinleche Phenomän. Ma och an der liberaler Partei ginn et ëmmer méi Stëmmen, déi sech vun hirer Partei net méi richteg

image credits: rtl.lu

vertruede fillen an déi och net ofgeneicht wären, eng nei Partei ze grënnen.An do kënnt dann munnechmol de Serge Wilmes an d’Gespréich: hien hätt sech bewosst an dem Interview op RTL – an och nach duerno-politesch onméiglech gemaach, fir mol ofzewaarden, wéi d’Reaktiounen a senger eegener Partei wären. Well, eent ass sécher: de Mann gëtt elo vum neien CSV-Chef Engel kaal gestallt, hie kritt net méi vill ze radetten, wëll heeschen, säi politesche Spillraum limitéiert sech op d’Aarbecht op der Gemeng Lëtzebuerg. A propos: och, wann et sech hei den Ament just ëm Gedankespillereien handelt, si kommen esou gutt vun CSV wéi vun DP ëmmer aus Stater Kreeser. Rumeuren a Spekulatiounen ginn also hiere Wee, de coming-man Serge Wilmes huet sech an den Absets manövréiert….léist hien et dobei sinn?

Related posts

2 Comments

  1. Yves Feltes

    Da loss se emol kommen, dei nei Partei… villeicht as se jo neideg

  2. Dem Xavier Bettel säin Dram – Oppenen Bréif

    […] A wéi kéint een esou eng Orange-Blo Koalitioun fäerdeg bréngen, wann ee sech selwer net (zevill?) wëll änneren? An deems ee beipsillsweis géif ufänke, fir de méi wirtschaftsliberalen Deel vun der Premier-Partei entgéint ze kommen. Et dierft deem Fligel wuel kaum gefalen, dass een déi “lasteg” Sozialiste an déi sozialliberal Gréng muss mathuelen, déi engem ënnert anerem eng gréisser (ekonomesch aktuell onnéideg a vläit souguer kontraproduktiv) Steiererliichterung fir d’Betriber stoppt. Et solle jo och bei de Liberale verschiddener ginn, déi net méi ofgeneigt si, fir souguer eng nei Partei ze grënnen. […]

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *