Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

D’Europawahlen, e Witz, eng farce!? 

D’Europawahlen, e Witz, eng farce!?
image credits: pixabay

Déi, déi sech et leeschte konnten, sinn also elo zeréck vun Ischgl a Co. Näechsten Termäin: Péngschtcroisière, an an déi Vakanz falen d’Europawahlen vum 26. Mee, dat heescht, an exakt dräi Méint. Do bleift net méi vill Zäit, an eng Partie Parteien hu mol nach net hir Kandidatelëscht stoen. Eng CSV wëll dat Ugangs Maerz maachen an et ass esou gutt wéi sécher, datt de President Engel op eng Lëscht sätzt mat lauter neien an éischter onbekannte Kandidat*innen, also och ouni d’Viviane Reding, där hir politesch Carrière domatter och un den Nol ka gehaange ginn. Dat mécht Sënn: engersäits kann ee sech als Partei den image ginn, datt een op dee berüchtechten “renouveau” setzt; anerersäits steet esou gutt wéi fest, datt deen 3. Europasëtz vun der CSV futsch ass, a mat enger Lëscht mat lauter frëschem Blutt kann ee sech liicht erausrieden. Trotzdeem ginn d’Europawahlen en éischten Test fir den neien CSV-President!

 

Et fänkt u knapp ze ginn mat der Zäit! Wou sinn d’Kandidaten/innen? Wou ass de Programm vun de Parteien fir déi Wahlen? Et gëtt jo ëmmer nees a gären drop higewisen, datt Lëtzebuerg net ouni europäesch Unioun

image credits:pixabay

kann auskommen, weder finanziell/wirtschaftlech, nach sos. Dat stëmmt och ouni Zweiwel, ma de politeschen Asaz léisst dach staark ze wënschen iwwereg. Geschwënn maachen d’Leit hir demande fir d’Bréifwahl a schécken hiren Ziedel an, ier d’Campagne esou richteg lass geluecht huet!

Fréier wor dat mat den Europawahlen net esou opgefall: bis 2009 hu mir ëmmer um nämmlechten Dag national gewielt, plus europäesch; domatter wor eng héich Participatioun garantéiert, an et konnt een ëmmer soen: d’Haut ass dem Wieler méi no ewéi d’Hiem, den Haaptinteressi loung bei den Nationalwahlen! Dëst Joer musse mir eis extra fir d’EU deplacéieren. Et misst een aver geschwënn wëssen, virwat ee wiele geet…oder geet do e Prabbeli duer, deen een als Gadget vun engem vun de Kandidaten an d’Hänn gedréckt krut? Wou bleiwen all déi Stëmmen, déi ëmmer nees virun den Euroskeptiker waren, dem Populismus?! Denkt drunn: tëscht Ischgl a Péngschtcroisière gëtt et och nach zwou Wochen Ouschtervakanz…

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *