Recent Posts

Post Categories

Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...
Séparation des pouvoirs, d’Basis vun der Demokratie 
D’Procureur général d’Etat Martine Solovieff geet a 4 Méint an d’Pensioun. Si war e leschte Samschdeg Invitée an der RTL-Emissioun...
Frank Bertemes: Rentendebatte und Bürgerbeteiligung 
„Sage es mir, und ich werde es vergessen. Zeige es mir, und ich werde es vielleicht behalten. Lass es mich...

Blog Post

Gesellschaft

Lëtzebuerg awer eng Bananerepublik? 

Lëtzebuerg awer eng Bananerepublik?
Image par Steve Buissinne de Pixabay

de 25. Mee gouf zu Minneapolis an den USA e schwaarze Mann vu Polizisten dout gemaach. Et war eigentlech eng lues Hiriichtung: ee vun den Uniforméierten souz mam Knéi op sengem Genéck, sou datt de Mann net ootme konnt. I can’t breathe. De Mann war erstéckt!

E puer Deeg drop gouf et ronderëm d’Welt an och zu Lëtzebuerg Protestmanifestatiounen- obwuel bei eis de lockdown nach net groussaarteg opgemaach gi war. Déi Maniff virun der amerikanescher Ambassade war ubruecht.

image credits: Wikipedia.org

Elo awer sinn et 6 Deeg hir, datt zu Paräis, also quasi virun eiser Hausdier, e franséische Professer op oppener Strooss vun engem Islamist de Kapp erofgehaen krut. Ouni déi Islam-Gleeweg wollen an een Dëppen ze puchen: eng Grujelegkeet sonnergläichen! A kee Piipcheswuert vu kenger Säit?!

natierlech war et fir d’éischt eng Attack op dee Professer Samuel Paty, deen et gewot hat, a sengem Cours Karikaturen vum Mohammed ze weisen. Et war awer virun allem eng Attack op eis Gesellschaftsform, op eis Manéier, zesummen ze liewen. Et war eng Attack op eis Fräiheet! Den Attentat war e Freideg Owend geschitt an ech hunn bis haut op Reaktioune gewaart. Ëmsoss. Kee Commentaire op RTL an am Lëtzebuerger Wort, kee Communiqué, keen Tëscheruff, keen Näischt.

Ass et aus Angscht oder wat ass d’Ursaach? Mir liewen tatsächlech an Zäiten vun intellektuellem Terror, wou een all Wuert muss oofweien, fir net dësem oder deem wéi ze doen. Déi Attack zu Paräis misst eis awer ze denken ginn, als Fransous, als Lëtzebuerger, als Europäer. Am europäesche Parlament gouf eng Gedenkminutt fir de Paty respektéiert, ma fir de Rescht hu sech d’Reaktiounen a Grenze gehalen. Schappeg fir e Konstrukt, dat sech Wäerte-Unioun nennt!

Däitscht Schoulpersonal iergert sech iwwer ähnlech Zoustänn wéi a Frankräich. An Däitschland geet et manner ëm Karikaturen, ma éischter ëm Unterrichtsstonnen iwwer den Holocaust, iwwer de Massaker géint dat jiddescht Vollek! Kritesch Stëmmen gëtt et wuel, ma et muss een se wäit siche goen.

mir sinn souwisou genuch mam Corona-Virus geplot. Schliisslech ass engem d’Haut méi no wéi d’Hiem. Verschidde Länner flirten mat der Iddi vun engem neien lockdown, net grad esou confinéiert wéi deen am Fréijoer, mä dach eng hefteg Aschränkung am Liewen vun de Bierger. Lëtzebuerg ass bis ewell dee Wee net gaangen, woufir ech d’Regierung expressis verbis wëll felicitéieren. An trotzdeem stellen ech mir d’Fro, ob et net un der Zäit ass, an déi politesch Normalitéit zeréck ze kommen?

 

… Excellente Virdenker ass do de Wolfgang Schäuble, de Chef vum Däitsche Bundestag…

Déi nämmlecht Fro stellt sech an Däitschland de Wolfgang Schäuble, een éischter onkamouden Bundestagspresident. De Mann erënnert d’Regierung drun, datt d’Parlament hir onbegrenzte Spillraum gelooss huet, awer nëmmen ob begrenzten Zäit.

Image par Pavlofox de Pixabay

An déi Zäit wier elo esou lues ofgelaf. Also back too the roots! De politesche Power gehéiert an d’Parlament an net an d’Regierung! Schliisslech kontrolléiert d’Parlament eng Regierung; dat Ëmgedréit ass Diktatur.

De Bierger war jo nëmmen mat dësem Rollentosch averstanen, well hie versprach krut, datt et sech ëm e Provisorium déit handelen. Fir de Schäuble ass d’Zäit räif, zeréck an d’Demokratie ze goen. Ëmsou méi, wou de Bierger ufänkt rabbelkäppeg ze ginn an net méi bereet ass, all Moossnam ouni d’Fauscht an der Täsch ze acceptéieren.

souwisou hätt d’Madamm Merkel sech zesummen mat ‘hire’ Virologen verrannt, mengt den Här Schäuble. Et wier am Sënn vu méi Demokratie a vu méi Akzeptanz ënner dem Vollek, wann d’Covid-Situatioun géing am Parlament diskutéiert  an decidéiert ginn, och mat der Oppositioun.

Esou eng Positioun ze vertrieden, ass natierlech vermessen, 1 Dag no engem Rekord vun 416 Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg. Um Krautmaart kéint allerdéngs wéinstens eng Diskussioun doriwwer ulafen. Ech erwaarde mir net, datt den éischte Bierger vum Land, Fernand Etgen, de President vum däitsche Bundestag kopéiert; esou eng Positioun ass mat eiser politique politicienne um Krautmaart net méiglech. Ma ech erwaarde mir, datt jidder Deputéierten sech drun erënnert, datt hien e Vertrieder vum Vollek ass. E Fräibilljee fir d’Regierung geet net méi duer!

“…elo schonn eng verluere Generatioun…”

D’Beispill Lufthansa an Däitschland gëtt ze denken: tëscht 27.000 an 30.000 Aarbechtsplazen falen eweg. Das Personal wird ausgedünnt. Wat zwou Saachen bedeit:

  • vill Leit mussen sech no enger neier Aarbecht ëmkucken
  • a virun allem: jonk Leit brauchen sech net bei der Lufthansa unzemellen. Déijéineg, déi wollte Pilot ginn, kënnen sech dat ofschminken. E Liewensdraam ass geplatzt! Frustratioun total schonn mat 20 Joer, dat fänkt net gutt unn!

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean-Marie Azzolin

    Top Artikel, kann daat matt ennerschreiwen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *