Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Innepolitik

De Malaise an der Magistratur gouf scho viru 7 Joer ugeschwat! 

De Malaise an der Magistratur gouf scho viru 7 Joer ugeschwat!
Image parS. Hermann & F. Richter de Pixabay

De maitre Gaston Vogel hat virun zwou Wochen dem President vum Ierweschte Geriicht e gepefferte Bréif geschéckt, fir däitlech ze maachen, datt et e groussen Ënnerscheed gëtt, tëscht de magistrats assis an de magistrats debout http://3.127.214.33/gaston-vogel-schreiwt-dem-president-vum-ierweschte-geriicht/

De Procureur wir zum Beispill absolutt net Member vun der Cour:

“Si le Procureur était membre de la Cour, alors il me serait permis de demander avec angoisse où nous sommes ?

 

Je ne puis qu’espérer que Mr le Président, en citant tout le temps les textes associant Cour et Parquet, avait un égarement momentané de sa pensée.”

Am Kloertext: Riichter a Procureur solle vunenaner onofhängech sinn. De Message war däitlech un d’Adresse vun der Madame Solovieff an den Här Wiwinius. Dee Malaise besteet iwwregens scho méi laang. Virun iwwer 7 Joer huet de maître Alain Thorn als President vum groupement de magistrats grad esou zur Fieder gegraff an dem deemoolege Justizminister François Biltgen an d’Gewësse geriéd.Courrier de Thorn au Ministre de la Justice 16.03.2012

Alles am Sënn vun enger gréisstméiglecher Onofhängechkeet vun der Justiz. Et schéngt awer, wéi wann zu Zäit zu Zäit misst dorunner erënnert ginn!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *