Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Wien ass Schold? De Klimawandel! 

Wien ass Schold? De Klimawandel!
Photo de Markus Spiske provenant de Pexels

 

klimaskeptiker a Klimaleegener ginn an een an an dat nämmlecht Dëppe gehäit. Dorunner huet een sech gewinnt. Dat huet als nefast Konsequenz, datt awer och glat guer näischt méi am Kontext vu Klimagedeessems a Fro gestallt gëtt. Keen huet de Courage, Virgeknates eropstoussen ze loossen, fir et eng zweete Kéier ze verdauen. Glécklecherweis ginn et Ausnamen, och an der Press.

An der DIE WELT ass zum Beispill den Axel Bojanowski, Chefreporter fir d’Spart vun de Wëssenschaften der Meenung, datt der Klimawandel zur perfekten Ausrede für politisches Versagen wurde. Als Däitschen kënnt hien natierlech prioritär mam Beispill vun der Waasserkatastroph am Ahrtal. D’Politik war beflass, déi ganz Schold dem Klimawiessel zouzeschreiwen; domadder war si aus dem Schneider. Gedanken goufen sech bis ewell keng gemaach, wéi een déi Katastroph hätt kënne verhënneren, op d’mannst minimiséieren.

Et hat tatsächlech am Juli kräfteg an där Regioun gereent.

Photo de Valeria Boltneva provenant de Pexels

Allerdings fielen die im Juli in Westdeutschland gemessenen Niederschlagsmengen keineswegs aus dem Rahmen, sie waren in Deutschland in den vergangenen Jahrzehnten immer wieder überboten worden. Domatter ass de Klimachangement op kee Fall a Fro gestallt, wuel awer déi eventuell Auswierkungen vun deem Wandel.

Iwwerschwemmungen goufen et an deene Géigenden iwwert Joerhonnerten, ouni datt iergendeppes vun den Autoritéiten ënnerholl gi wier, fir déi nächste Kéier de Schued a Grenzen ze halen.

en anert Beispill am nämmlechte Kontext sinn d’Bëschbränn am amerikanesche Bundesstaat Washington. De Gouverneur huet vu Klimabränn geschwat a koum an der Ëffentlechkeet gutt un, ouni sech selwer mussen a Fro ze stellen. Feierspezialisten hunn dat allerdéngs aneschters gesinn. De Bësch wier net an der Rei gehale gewiescht. D’Äscht hätte musse méi geschnidde ginn, dann hätt d’Feier net esou liicht kënne vu Bamkroun zu Bamkroun eriwwersprangen.

Klima-Joker och vum Buergermeeschter zu Nei-York, wou et am September grad esou zu Iwwerschwemmunge koum. Zwar macht die globale Erwärmung grössere Regenmengen wahrscheinlicher, aber die bei den jüngsten Unwettern gemessenen Mengen in New York waren im 20. Jahrhundert alle paar Jahre vorgekommen, wie der New York City Panel on Climate Change Report auflistet.

Photo de GEORGE DESIPRIS provenant de Pexels

Oder dee fierchterlechen Tornado an den USA. Alles d’Konsequenz vun ze vill CO2. Dobäi heescht et am leschten Rapport vum IPCC vun der UNO, datt sech net erkenne léisst, ob d’Zuel vun den Tornado tatsächlech zouhëlt, nach ob esou Stierm méi hefteg ausfalen ewéi fréier.

Der Politik passt de Klimawiessel wonnerbar an de Krom! D’Schold ass bei héiere Gewalten ze sichen, do kann een näischt dergéint maachen, ausser manner CO2 an d’Atmosphäre blosen. Déi eventuell positiv Auswierkungen vun esou enger Klima-Politik hëlt ee fréistens an e puer Joerzéngten an Uecht, also wann déi betraffe Politiker scho längst begruewe sinn.

Datt et op eisem Planéit méi waarm gëtt, soll hei net a Fro gestallt ginn. Ob awer duerch de Klimawandel d’Waasserkatastrophen méi schlëmm goufen, léisst sech net beweisen. Fakt ass: d’Awunner goufen ze spéit gewarnt an evakuéiert. D’Responsabilitéit dofir läit also bei de Politiker an déi wëllen näischt dovunner wëssen.

Spätestens seit sich internationale Medien 2019 zur Kampagne ” covering Climate Now” zusammenschlossen- darunter Spiegel, Stern und taz- hat sich die Kommunikation über den Klimawandel verengt auf die Eindämmung des CO2-Ausstosses. Ziel der Initiative war es, “ein neues Drehbuch für den Journalismus” zum Klimawandel zu schreiben.

D’Sproch an de Medien gouf eng aner, de Vokabulär huet geännert. Aus ‘Klimawandel’ gouf ‘Klimanotstand’, eng Krichserklärung am Numm vun der Wëssenschaft. Dat huet seng Wierkung, schonn bei klenge Kanner weist sech ëmmer méi heefeg de Syndrom vun der “Öeko-Angscht”.

Den Thomas Schilling, deen an der Zäit den Nobelpräis an der Wirtschaft krut, hat virun 12 Joer schonn gemengt, et misste Weeër fonnt ginn fir d’Gefor ze iwwerdreiwen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *