Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Aussepolitik

Fixspoun-Journalismus 

Fixspoun-Journalismus
Photo de Terje Sollie provenant de Pexels

 

Am däitsche Pressebësch war déi lescht Wochen eng lass! Normal, et war Wahlcampagne, an do wollt jidder politesche Journalist e Wuert matschwätzen. Verschiddener ware vun de Beem erofgeklotert an haten sech op d’Sich no engem Affer gemaach. Fir d’éischt goufen Olaf Scholz an Annalena Baerbock an de Viséier geholl bis schliisslech mat groussem Hallodri d’Juegd op den Armin Laschet geblose gouf; d’Saison vun der journalistescher Klappjuegd gëtt wuel réischt dann fir zou erkläert, wann deen CDU-Mann definitiv am eegene Blutt erstéckt ass.

Glécklecherweis ginn et Medieleit, déi dës Situatioun thematiséieren. Wéi zum Beispill de Gabor Steingart: “Die Latte für einen Journalismus, der sich als vierte Gewalt versteht, liegt hoch- so hoch, dass viele Journalisten mühelos darunter herstolzieren”! Et geet net drëm, de Laschet besser ze maachen wéi hien ass, et geet ëm den allgemengen Ëmgang vun der Press mat där Persoun.

Dee Mann, deen ëmmer frou dra kuckt, ëmmer e Laachen um Gesiicht huet – eng Kéier wuel ze vill-, war am Vollek an a Journalistekreeser beléift. Bossegerweis war hien an engem Siess an der gesamter Press duerchgefall, an zanter dem 26. September, Dag vun de Wahlen, Dag vu sengem Mësserfolleg, gëtt et “übles Nachtreten”.

Den Armin Laschet steet net eleng do. Denke mir zeréck un déi lescht Wahlen bei eisem Noper. Deemools haten d’Sozialdemokraten e gewëssene Martin Schulz zum Kanzlerkandidat gekréint. Der hundert Prozent-Mann! Endlech e Sparring-Partner fir d’Angela. Ma och hien war wéi duerch e Wonner vun engem Dag op deen aneren bei der Press ënnen duerch. Eng richteg Erklärung dofir gouf et ni. Ma fir de Martin war d’Course grad esou am Virfeld verluer ewéi fir den Armin! De Martin verléisst d’Enn vum Joer definitiv de Bundestag.

auch der “SPIEGEL”, der für jede Minderheit eine erhöhte Sprachsensibilität einfordert, zeigt im Umgang mit der kleinsten Minderheit im Lande, der Gruppe der gescheiterten Kanzlerkandidaten, eine erhöhte Gnadenlosigkeit. De Magazin hat geschriwwen, wann net nach déit e Wonner geschéien, géing de Pattex-CDU-Chef Armin vun den eegene Leit entsuergt ginn. Entmënschlechung! Een onméiglechen Ausdrock!

D’Süddeutsche Zeitung  gesäit beim Mann e Manktëm u Respekt viru sech selwer. Den Hannergrond vun deem Gedanken ass, datt de Laschet et net gemaach huet ewéi d’Redaktioun dat verlaangt hat, nämlech ze demissionéieren. D’FAZ stellt sech d’Fro: “Wird ausser der Kritik, dem Spott, mit dem er überzogen wird, irgendetwas von ihm bleiben?”. Dat satirescht Blat CICERO kënnt zur Konklusioun:” Klein, dick- und Meister der Nullsätze”. Also en Nullekackert!

Kloer! Seng Wahlcampagne wor net ronn gelaf, de Mann hat Feeler gemaach, wéi zum Beispill dat onverschimmtent Laachen matzen an der Waasserkatastroph. De gréisste Feeler war wuel deen, datt d’CDU sech géint déi kleng Schwësterpartei duerchgesat an net de Söder aus Bayern, ma de Laschet an d’Course geschéckt huet. Dat huet dem Wieler net gefall an dat wor besonnesch der Press sauer opgestouss!

Mam Laschet als Kanzler hätten d’Journalisten 0-8-15-Sätz ze héiere krut, beim Söder wären et markant Aussoen gewiescht, mat deenen de Journalist flott Geschichten hätt kënnen opbauen. E bësselchen Franz Josef Strauss, Versioun light! D’Kandidatur Laschett huet de Journalisten de Cortège versaut. Rache ist süss! An si wossten, datt si e groussen Deel vum Vollek hannert sech hätten.

de Gabor Steingart kënnt zur Konklusioun: “Diese Raserei gegenüber einem Politiker, dessen grösster Makel darin besteht, eine Wahl verloren zu haben, wirft kein gutes Licht auf unseren Berufsstand”. A warscheinlech huet d’Sucht matgespillt! D’Sucht op esou vill wéi méiglech Klicken um Internet. Grad der Press déi gäre mam Fanger op d’Konkurrenz weist, nämlech op déi sozial Medien an do virop Facebook, däerft esou ee Feeler net geschéien!

Der gute Journalist kritisiert, aber er hasst nicht. Er will verbessern, nicht vernichten, mengt de Steingart. Kritik ka schaarf a bësseg sinn, ironesch a sarkastesch, däerf awer d’Dignitéit vun enger Persoun net duerch de Bulli schleefen. Och déi traditionnel Press kann d’Gesellschaft splécken. Dofir soll dem Journalist seng Waff d’Fieder sinn, an net de Fixspoun!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *