Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg? Chape de plomb! 

Mënschenhandel zu Lëtzebuerg? Chape de plomb!
image credits:pexels

de Gaston Vogel iergert sech reegelméisseg iwwer Heescherten.                        Besonnesch iwwer déi vun där spezieller Zort: Leit déi “ en bande organisée” heesche ginn, oder besser, geschéckt ginn.

De Gaston Vogel hat sech an engem oppene Bréif un d’Stater Buergermeeschtesch besonnesch defteg ausgedréckt, vu Gestank an Ofschaum geschriwwen. Hie krut de Prozess gemaach, mam Virworf vum Opruff zum Haass.

6 Joer sinn dat hier, d’lescht Woch war de Verdikt. De Mann gouf fräi gesprach!

D’Press huet dee Prozess suivéiert. An der Haaptsaach aus der Optik, datt ausgerechent en Affekot wéinst incitation à la haine ugeklot war. Endlech eng gutt Geleeënheet, dee Mann op de Knéien ze gesinn, dee Mann dee bekannt ass fir vun der Long op d’Zong ze schwätzen an nach méi fir seng spatz Fieder. Eng wonnerbar Situatioun, natierlech am Numm vun de Mënscherechter!

Den Desaster koum e Freideg: de Vogel koum fräi. Frei wie ein Vogel, schreift d’Wort. Datt iwwer de Choix vum Vocabulaire kann diskutéiert ginn, steet ausser Fro. Wat mech verwonnert ass, datt grad den Thema vun de Mënscherechter bis ewell awer och guer net vun den Hären an Dammen Journalisten behandelt gouf. Laang 6 Joer keng Zeil, och net virum Prozess an duerno. Ausser op RTL, direkt no der Publikatioun vun deem Bréif.

Ëm Mënscherechter geet et dem Gaston Vogel. Hie geet vu Mënschenhandel aus. Hien net eleng. D’Police schreift zum Beispill op engem klenge Sticker: en donnant de l’argent aux enfants vous favorisez leur exploitation! Mat Kanner – an am Léifsten nach mat engem klenge Mupp- soll de Passanten hiert Häerz erweecht ginn, Porte-Monni eraus a Suen eran an de Becher. Déi Suen sinn awer net fir d’Kand, ma fir iergendee ‘Kinnek’ vun den Heescherten.

Wann d’Kand Owes mat eidelen Hänn zeréck an de Clan geet, riskéiert et wuel hefteg Strofen. Ausgerechent d’Yankee sinn op der Säit vum Gaston Vogel. E Vertrieder aus der amerikanescher Ambassade zu Lëtzebuerg huet desen Oktober der Justizministesch Sam Tanson ee Rapport iwwer de Grand-Duché zoukomme gelooss, an deem op e puer Plazen am Text Rieds geet vu Mënschenhandel.

Muss een nach méi däitlech ginn? Am Beschten eng Zeechnung fir all déi, déi et net kënnen oder besser, net wëlle verstoen! Dovunner keng Zeil an der Press. Wéi schéin ass et dach, an e Stéck Kéiss ze bäissen an dobäi de Vogel ze zerräissen. Natierlech ëmmer nach am Numm vun de Mënscherechter. Sic!

Also nach eng Kéier. Et geet net ëm den normale Strummert dee seng Hand ausstreckt fir e puer Euro z’ergatteren an déi dann géint eng ugemaachten Drëpp ze tauschen. Déi Leit hunn et schwéier genuch, an déi kann/soll ee roueg ënnerstëtzen. Et geet ëm déi, déi sech Moien fir Moien um 8 Auer als Equipe um Groussgaasseck versammelen, fir vun do aus hieren dispatching ze organiséieren.

Am Prozess koumen ënnert anerem déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Schäffen Laurent Mosar zu Wuert. Och si hu kee Blat virun de Mond geholl. Et kann een och un deen ominéise Bréif vum Buergermeeschter Bettel un de Staatsminister Juncker erënneren.

Eigentlech ass alles kloer wéi Boulette’s-Zopp!
A grad elo! D’Justiz gëtt schliisslech mat dësem Verdikt der Politik e Wénk, wouhinner et soll higoen.

Just do it!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *