Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Lex Dieschbourg: Demokratie ass flexibel! 

Lex Dieschbourg: Demokratie ass flexibel!
rtl.lu

 

Ermëttlunge géint Regierungsmembere gi méiglech, titelt RTL.Lu a schreift weider: An Zukunft sinn Enquêten géint aktuell oder fréier Regierungsmemberen méiglech – dat entspriechend Gesetz gouf en Dënschdeg unanime an der Chamber gestëmmt. E Gesetz, dat als Hannergrond huet datt déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der sougenannter “Gaardenhaischen-Affär” ka befrot ginn. Héiert sech gutt un! En Hauch vun Demokratie. Ass et awer net onbedéngt!

Wien dovunner ausgaangen ass, datt elo d’Deputéierten – virop déi aus der Oppositioun- kéinten der fréierer Ministesch op den Zand fillen, ginn Ligen gestrooft. Virun allem den CSV-Vertrieder Michel Wolter hat sech jo viru Joer an d’Matière ageschafft, ma och hien muss d’Féiss roueg halen. Déi ganz Prozedur ass am Gesetz definéiert, e Gesetz dat -pour la petite histoire-, e Joer laang schleefe gelooss gouf. Absicht?

D’Chamber muss elo decidéieren, datt den Untersuchungsriichter däerf géint d’Madamm Dieschbourg enquêtéieren. Dat geschitt no Dispens vum Staatsrot an no der Publikatioun vum Gesetz. Dat dierft bis Mëtt Mäerz daueren.

Nächst Etapp: jidder Deputéierten däerf duerno seng Froe stellen a seng Feststellungen un den Untersuchungsriichter maachen. Tipptopp! De Riichter mécht allerdéngs domadder wat hie wëll!

Dräi Méint méi spéit, den 1. Juli trëtt déi nei Verfassung a Kraaft a schonn dann ass d’Chamber nees aus dem Spill eraus. Zack!

Réischt fir de Fall, wou et spéider sollt zu enger Uklo an zu engem Prozess kommen, réischt dann gëtt den Deputéierten gewuer, ob a wat mat senge Froen a Feststellungen geschitt ass.

An der Cité Judiciaire muelen d’Millen bekanntlech gemälleg, virum Oktober geschitt do näischt. Firwat Oktober? Well do Wahle sinn. Hand op d’Häerz: no de Wahlen interesséiert keng Bisamrat sech méi fir de Sujet!

D’Affär Gaardenhaischen war vun Ufank un op dëser Websäit thematiséiert ginn. Etienne Schneider a Corinne Cahen haten si deemools erofgespillt http://bit.ly/2AG2v3p Dee Chalet ass wuel keng Villa an hat nawell d’Ministesch aus dem Gläichgewiicht bruecht. Affär à suivre deemno, ma net virun 2024. Den Dossier gouf 5 Joer schleefe gelooss. An hopp! Le tour est joué!

Alles ganz demokratesch wuelverstanen!

An der CSV sinn se mol net ganz onglécklech iwwer déi dote Situatioun. Schliisslech huet d’Ministesch jo demissionéiert. Hier nach eemol op de Pelz réckelen kéint an der Ëffentlechkeet schlecht ukommen, als übles Nachtreten, oder wéi de Fransous seet: on ne tire pas sur une ambulance!

Et wëll ee schliisslech net als Kläpper vun der Natioun desagreabel opfalen.

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Stellt Iech emol vir, mir hätten sou eppes wéi eng wierklech a konsequent “partizipativ” Demokratie. Da kéint een, souwäit een definéierte Quorum vu Stëmmen oder Ënnerschrëften ërrecht wär, eng Plainte géint verschidde politësch Responsabler deposéieren a si entspriechend hire Verfeelungen géint d’Demokratie respektiv géint déi ëffentlech Gesondheet ukloën (cf. Impfungen, Impfschied – aktuell Petitioun 2489) – dat wär mol eppes.
    Déi Gaardenheischenaffäre ass am Zesummenhang mat där real existéierender Korruptioun an deem, wat an der “Pandemie” (Stéchwuert: d’Leit aspären, mat alle physëschen, besonnësch awer psychesche Konsequenzen an och d’Stéchwuert Niewewierkunge vun deenen Pseudo-Impfungen ) eigentlech just ee Klacks, bidd awer gewësse Méiglechkeeten…
    Duerfir och Merci fir den Tipp vun dëser wichteger Petitioun op dësem Site, déi hoffentlech och duerchkënnt.

  2. Romain Bernard

    Esou laang wei dei dei d’Gesetzer maachen, dei dei se wiehlen (oder duerchwenken) an dei dei se sollen duerchsetzen, selwer dierfen decideieren op geint hierereen dierf ermettelt ginn kann vun Rechtsstaat, Demokratie an Gewaltentrennung keng Rieds sinn.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *