Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Film-Fong: et geet net ëm Bréidercher a Kakuetten 

Film-Fong: et geet net ëm Bréidercher a Kakuetten
Luxemburger Wort

 

Rout Kart fir déi Rout! Si hu sech net un hier Deontologie gehalen! Ech hat virun Deeg -pièces à l’appui- drop higewisen, datt fir d’éischt LSAP-Politiker an duerno där aus der CSV vun zwee Filmproduzenten (Thiltges/Steil) kontaktéiert gi waren fir iwwer déi ablacklech Situatioun am Filmfong ze schwätzen. Esou wéi d’Reglement dat virgesäit, huet d’CSV-Fra Diane Adehm dat e Méindeg an der Kommissioun confirméiert a wollt dat och esou aktéiert hunn. Kee Piipcheswuert awer vun de Soozen! En oubli? E faux-pas?  Oder soll eventuellt Gemauschels verstoppt bleiwen?

Luxemburger Wort

D’Madamm Adehm, déi Presidentin vun där Kommissioun ass, sollt do roueg emol den Hummer benotzen an d’Kommissiounsmemberen op hir Flichten hiweisen. D’Reglement verlaangt dat ausdrécklech am Sënn vu méi Transparenz am Lobbyismus. Mä wat notzt e Reglement wann sech net dorunner gehale gëtt?!

Den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden huet no der Sëtzung vun der Kommissioun probéiert, d’Saach an d’Lächerlecht ze zéien. Virun der Press – déi gréisstendeels net virbereet war, ausser engem Kolleeg am Lëtzebuerger Wort an d’Tageblatt leescht sech de Luxus, bis haut glat a guer näischt doriwwer ze schreiwen-, huet de Mann säi mea culpa gemaach: et hätt een tatsächlech wärend Aarbechtsreuniounen op Käschte vum Staat giess. Et géing sech do summa summarum ëm Bréidercher am Wäert vun 315 Euro handelen…an déi géing den Här Daleiden selbstverständlech op seng Kap huelen. Asiicht gesäit dach wuel e bësselchen aneschters aus.

Allerdéngs ass et komplizéiert, d’Spueren vun där “Bäckeschdosen Bréidercher” am Bilan erëmzefannen. Am 1. Dokument ënnendrënner geet et mol ëm zwou Kontosnummeren:

gkonline

 

Dann de Budget vum Joer 2017. Ënnert autres charges missten d’Bréidercher mat dra sinn. Total: 1 Millioun 150.000€

gkonline

Méi präzis formuléiert gouf et d’Joer duerno, also am Exercice vun 2018. Do gëtt et eng Zeil fir Frais de réception et buffets ënnert der Kontosnummer 61524100. Do mat dran de Filmfestival an de Filmpräis. Wat nach? Et handelt sech ëmmerhin ëm e Betrag vun 160 Mille! Ënnendrënner autres charges diverses, nach eemol mat bal 50 Mille an ouni weider Prezisiounen.

gkonline

Bréidercher oder net? Op der Säit 25 ënnert frais de restauration estiméiert d’Cour, datt di verschidde Restaurantskäschten gekoppelt un intern Aarbechtsreuniounen net als eng prise en charge vum Fong berechtegt sinn! Beispill: Iessen vum comité de sélection mat sengem Sekretär. D’Cour des Comptes betount, datt einfach Aarbechtsreuniounen tëscht Fonctionnairen, Mëttes- oder Owendiessen zu Laaschten vum Staatsbudget ( a vum Bierger, Umierkung vun der Redaktioun) NET ze justifiéiere sinn.

 

Fir e bessert Versteessdemech, hei nach eemol d’Kär-Aussoen aus dem Rapport vun der Cour des Comptes:

Op der Säit 12 ënnert organisation du Fonds gëtt notéiert, datt de Verwaltungsrot vum Film-Fong am November 2013 decidéiert hat, eng Persoun aus der Administratioun ze chargéieren fir den Direkter anzesprangen wann deen net do ass. Zanterhier existéiert de Posten vun enger directrice adjointe, ouni awer, datt dee Posten duerch dat neit Gesetz virgesinn ass. Wëll heeschen: am Film-Fong ass eegemächteg en héije Posten fir eng directrice-adjointe geschafe ginn, e Posten, deen elo zanter 9 Joer ouni gesetzlech Basis fonctionéiert!

Op de Säiten 26, 27 an 28 ënner marchés publics huet de Rechnungshaff verschidde Fournisseuren identifizéiert, deenen hir Déngschtleeschtungen de Plaffong vun 55.000 Euro iwwerschratt hunn, ouni datt op eng procédure ouverte (soumissioun) zeréckgegraff ginn ass, esou wéi dat awer den Artikel 161 vum groussherzogleche Reglement virschreift. Dat war de Fall fir d’Astellung vun enger société d’événementiel, fir eng informatesch Plattform, fir den Doublage op Lëzebuergesch an och fir d’Engagementer vu Consultanten. Eleng fir déi informatesch Plattform koum d’Cour op e Käschtepunkt vun 1,1 Millioun €. Déi Gesellschaft déi den Doublage gemaach huet, hätt 294.000 € bezuelt krut an och si wier net iwwer de Wee vun engem appel public selektionéiert ginn.

Grad esou fir réalité virtuelle, mat engem Käschtepunkt vun iwwer 74.000 Euro. Och do hat de Fong en Déngschtleeschter engagéiert ouni op eng Soumissioun zeréckzegräifen. Donieft hunn d’Consultance-Fraisen vun engem Prestataire (Paul Thiltges) an de Joren tëscht 2013 an 2018 615.000€ kascht, ouni datt eng procédure ouverte duerchgefouert gi war.Kakuetten? Wat dëse Fall apart grave mécht, ass de Fait, datt dësen Consultant Paul Thilges iwwer all déi Joer wou hien fir de Filmfong als Consultant geschafft huet a bezuelt gouf, zugläich mat 2 Firmaen ( Paul Thiltges Distributions an Juliette Films) als Produzent opgetruede war an an där nämmlechter Zäitfënster vun 2013 bis 2018  seng zwou Gesellschaften de Betrag vun 16.793.432€ als Finanzsprëtz vum Fong ausbezuelt krut! Nennt een dat net Interessekonflikt?

Hei den Detail:

Paul  Thiltges 2013 -2018 (aides à l‘écriture et à la production)

Paul Thiltges Distributions ( Thiltges et Grumbach)   +  Juliette  Films   (Grumbach et Thiltges)

 

2013  (  2. O87 720 € )

Fevrier 2013 :  287.720 €   Juliette Films   „Fifties“

Mai 2013 :        1 800 000 €   Juliette Films   « Yves Saint-Laurent »

 

2014 (  4.222.000 € )

Fevrier 2014 :           1 800 000 €  Juliette Films   « le tout nouveau testament »

Mai 2014 :                 297 000€ Juliette Films  « Faustino »

Juin 2014 :                 165 000€  Juliette Films   « Thorium »

1.750 000 €  Juliette Films   « Funan le peuple nouveau »

Septemb : 2014 :       50 000€ Juliette films court métrage « Arêne »

Decemb : 2014 :        60 000 € Paul Thiltges Distributions  « Grouss Gefiller »

 

2015 ( 5.386.000 € )

2015 :     30 000€ Paul Thiltges Distributions «  Grouss Gefiller »

10 000 € Paul Thiltges  Distributions  « Diebe aud den 1.Blick »

1.696.000€   Juliette Fillms  « Peter and Wendy »

1.700-000 €  Juliette Films  „ A storm in the stars“

1.950.000€  Paul Thiltges Distributions  „ Rusty Boys »

 

2016 ( 180 000 )

Fevrier 2016 :  120 000€ Juliette Films court métrage « Arêne »

Avril 2016 :       30 000€ Paul Thiltges Distrib. «  Apple Pie Lullaby »

Septem2016 :   2016 : 30.000€ Paul Thiltges Distrib. « Bille&Zottel »

 

2017 ( 4.464.712  )

Mai 2017 :        90 000€  Paul Thiltges Distribut.« A Greyhound of a Girl «

Aout 2017 :      951712 €  Paul Thiltges Distributions « Apple Pie Lullaby »

198.000 €  Paul Thiltges Distribut.« Son of a very impotant man »

Novem :2017:  25.000 € Paul Thiltges Distributions «  Losdt in the 80s «

3.200.000 €  Paul Thiltges Distrib. «  A Greyhound of a Girl »

 

2018 ( 453 000 )

( Fevrier 2018 :  30. 000 €  Paul Thiltges Distrib.  « Fanon ».

38.000E €  Paul Thiltges Distr. „Alice“

Avril  2018:        10.000 € Paul Thiltges Dostrib.  „Les témoins vivants »

  1.    000 €  Paul Thiltges Distrib.  «  Lost in the 80s“

Juillet 2018 :     60. 000 €  Paul Thiltges Dsitrib. „Allah n’est pas obligé“

Novem 2018 :  15.000 €  Paul Thiltges Distrib.  «  Bille & Zottel »

30.000 €  Paul Thiltges Distrib.  « Borough Park «

 

Total aides à  « Paul Thiltges Disbributions «  et  « Juliette Films » via Film Fund de 2013 à 2018 :      16.793.432 €  Circulez! Rien à voir!

De Rechnungshaff konstatéiert weider, datt fir e Betrag vun 501.000€ de Fong keng Kontrakter konnt virweisen! Kleng Bréidercher?

Op der Säit 34 ënnert complétude des dossiers de demandes d’aides financières sélectives huet d’Cour an der Analyse vun Echantillonen erausfonnt, datt vun 40 Projeten fir d’Finanzhëllef ze kréien, bei 27 Dossieren déi erfuerderlech Dokumenter net komplett waren.

Op der Säit 36 ënnert caducité et restitution des aides financières sélectives geet ervir, datt wann eng Film- oder Audio-Produktioun net an den Delaien konkretiséiert ginn ass, datt dann d’Finanzhëllefen vum Fong hifälleg ginn. Dobäi stellt de Rechnungshaff fest, datt déi Konventiounen keen Delai virgesinn esou wéi dat am Artikel 12 vum groussherzogleche Reglement virgesinn ass.

Op der Säit 36 och, ënnert formalisation des contrôles stellt d’Cour fest, datt bei verschiddene Reprisen d’Kontrolllëschten vum Fong déi selektionéiert Dossieren betreffen, ganz einfach feelen. Dat neit Gesetz gesäit esou Kontrolllëschten awer kloer vir!

D’Säiten 37 an 38 dann, ënner montants remboursés, mat der Feststellung vum Rechnungshaff: de Fong huet 173 Milliounen Euro u Produktiounsfirmaen verdeelt an dovunner goufe jusz 273.376 zeréckbezuelt. 0,22%! Dobäi missten déi Suen op intern Konten vun de Produzenten beim Fong plasséiert ginn fir se spéider bei neie Produktiounen ze benotzen. D’Cour stellt awer fest, datt dës Suen net am Kader vun neie Projeten agesaat gi waren! Peanuts?

Op der Säit 38 ënnert suivi des remboursements geet aus der interner Prozedur vum Fong déi 2014 opgestallt gouf, ervir, datt de Bénéficiaire ( de Produzent) dee vum Fong Suen krut, eng analytesch Kontabilitéit muss féieren. Déi verschidde Posten mussen eng Kéier pro Joer beim Fong agereecht ginn.An dësem Kontext huet d’Cour 13 Projeten kontrolléiert a vun deenen woren der zwee ni an d’Produktioun gaangen.Ënnert deenen 11 aneren an och finaliséierte Projeten war der nëmme 4, déi di virgeschriwwen järleg Recettelëscht komplett erfëllt hunn, ee Projet hat guer keen.

Op der Säit 39 ënner Contrôle des sociétés de production geet erfir, datt d’Produktiounsfirmaen déi Finanzhëllefen vum Filmfong kréien, administrativ stabel an dauerhaft Strukturen mussen opweise kënnen, mat enger “organisation comptable” an internen Kontrollprozeduren. D’Cour schreift zu deem Punkt, datt si op der Basis vun den Dokumenter déi si zur Verfügung hat, sech NET konnt vergewësseren, datt de Fong préift, ob déi Produktiounsfirmaen iwwer stabel an durabel administrativ- an internen Kontrollstrukturen verfüügt. Weider: d’Informatiounen iwwer Aktionären, Associeeën a Gérance-Organer wieren net komplett gewiescht.

Weider Kritikpunkten vum Rechnungshaff: op der Säit 41 ënner Certificats d’investissement audiovisuel huet d’Cour 10 vun 142 Projeten analyséiert, déi vun esou Zertifikater an de Genoss vu Steiervergënschtegungen komm sinn am Laf vun de fënnef leschte Joer am ale System. Der Cour war et net méiglech ze kontrolléieren, ob déi Dispositiounen respektéiert goufen, aus der einfacher Explikatioun, well déi Dossier keng Kontroll-Dokumentatioun duerch de Fong enthalen hunn!

Op der Säit 44 ënner autres aides heescht et, datt dës Hëllefen kënnen accordéiert ginn no Consultatioun vun engem comité restreint deen zesummegesat ass mam Direkter vum Kulturministère, den Direkter vum CNA an dem Direkter vum Filmfong. D’Cour huet fënnef där Hëllefen analyséiert mat der Feststellung,datt iwwerhaapt keng Tracen existéieren, ob dee Comité consultéiert gouf oder net! Déi respektiv Decisioun gouf all Kéiers vum Verwaltungsrot getraff. De Rechnungshaff stellt dann och fest, datt eng formaliséiert Prozedur iwwer d’Verifikatioun duerch de Fong an d’Festsetzen vu maximale Beträg einfach feelen. Zwou esou Hëllefen goufen ausbezuelt, ouni datt een Decompte presentéiert gouf!

Op de Säiten 44 a 45 ënner aides carte blanche hält de Rechnungshaff fest, datt wärend der Kontrollperiod eng formaliséiert Prozedur gefeelt huet, wat d’Accordéieren an d’Ausbezuelen vu carte-blanchen betrëfft. Fir d’Analyse huet d’Cour 2 Projeten vun 10 esou Carte Blanchen erausgesicht. Bei engem vun dësen zwee Projeten gouf festgestallt, datt d’Konventioun ënnerschriwwe war, dunn awer nodréiglech ëmgeännert gouf, ouni allerdéngs den Avis vun der zoustänneger Kommissioun ze froen

Et kann een also net wierklech behaapten, den Direkter hätt alles am Grëff. Oder awer, ze vill! Op deem Punkt sinn eng Partie Observateuren a Kenner vun der Zeen sech eens: de Guy Daleiden huet ze vill Muecht. Fir hei vu klenge Bréidercher ze schwätzen, grenzt un enger Frechheet! Un Arroganz vis-à-vis vum Steierzueler net ze iwwertreffen!! Villäicht wier et mol guer keng esou Domm, wann en Deputéierten sech géng an d’Cour des Comptes bequemen fir no méi Detailer ze froen. Bis op Weideres bleift de Präis vun de “Bréidercher” e secret des dieux. An en änlecht Holz schléit iwwregens op Facebook d’Nathalie Oberweis vun DéI Lénk

gkonline

Deem seng Bréidercher wären also gebak!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Kurz und bündig: Och dat hei ass…eng Schan!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *