Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Wéi laang nach de Koxen Heng? 

Wéi laang nach de Koxen Heng?
tageblatt.lu

D’Demonstratiounen dëse leschte Samschdeg werfe Froen op. An si wäerten politesch vum stater Knuedler héich gekacht ginn, woubäi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer net dat ka soen, wat si denkt. Schliisslech sinn déi Gréng mat an der Regierung. Ma d’Piratepartei huet schonn iwwer de Weekend op Twitter d’Demissioun vum Polizeiminister Henri Kox gefrot, nom Motto: es geht dicke dar!

Et waren u sech zwou Demonstratiounen, eng legal, déi aner illegal. Déi eng hu sech wéi virgesinn an aller Rou um Glacis versammelt an zu hirer 50 géint d’Covid-Moossnamen demonstréiert. E Grondrecht vun der Verfassung garantéiert. Déi zweet Demonstratioun war net virgesinn, war awer vun de Manifestanten besser organiséiert: d’Police hat hier léif Méi, hinne Paroli ze bidden, ouni et zu enger Eskalatioun kommen ze loossen.

Eng 50 Leit goungen am Cortège vun der Gare fort, Direktioun Stad. Null Problemo bis dohinner fir d’Police. Ma wéi gesot, Organisatioun ass alles. Ënnerwee sinn nämlech ëmmer méi Leit zum Cortège bäigestouss, sou datt et schliisslech tëscht 200 an 250 waren. Schonn méi kriddeleg fir d’Police, déi net doropper agestallt war. D’Beamten hunn hiert Bescht gemaach, konnten awer net verhënneren, datt plazeweis eng Partie Demonstranten de Cortège verlooss hunn, déi eng an Direktioun Foussgängerzon, déi aner Porte de Hollerich fir den Accès op d’Autobunn ze spären.

mat allem wat ech ze liesen an ze héiere krut – aus Kreesser vun der Police a vun der Politik- huet et sech dobäi gréisstendeels ëm Persoune gehandelt, déi aus Frankräich koumen. An et wieren sougenannte “casseurs” drënner gewiescht, also Leit, deenen et net ëm d’Pandemie geet, ma just ëm d’Freed un der Saach: demonstréieren, Kaz a Maus mat der Police spillen, fir Duercherneen suergen. Freed muss et gemaach hunn, well si verspriechen den nächste Samschdeg zeréckzekommen.

Datt virgëschter net weider randaléiert gouf, datt et net zu handfesten Ausernanersetzunge mat den Uniforméierte koum, war also just Chance! Ma d’Demonstranten hu schonn emol däitlech gemaach wat si wëllen an skandéiert: On veut la bagarre! Eng Zort Krichserklärung, d’Police gouf nees eng Kéier am Reen stoe gelooss, an hire Minister huet sech op en Neits net gemuckst!

Also twittert de Pirat Marc Goergen:

@gomarc777
E Policeminister wou total iwwerfuerdert ass, zënter Wochen! Gewalt géint Beamten, eng schlecht Virbereedung, et sinn si um Terrain wou eng schlecht Politik ze spiere kréien. Wéini wäert d‘Regierung ee neie Policeminister ernennen?

D’CSV huet um Méindeg Moien och reagéiert a géif gären de Minister an der zoustänneger Chamberkommissioun gesinn….warscheinlech fir him de Scharri-Warri ze blosen.

Wéi laang sollen nach esou illegal Demonstratiounen zougelooss sinn? De Prinzip vun “Deseskalatioun” ass wuel richteg, ma ass keng Léisung op Dauer. Wou war de Minister Kox e Samschdeg Mëtten? Bei sengen Truppen? Wat waren seng Informatiounen am Virfeld vun der Demo? Wéi gesäit den Dispositif aus fir en nächste Samschdeg?

Den Henri Kox gouf als Polizeiminister bis ewell kee gutt Bild vu sech of. Prädikat: mangelhaft! Wann hien an där Kommissiounssëtzung net sollt kënnen iwwerzeegen, kinnt et him e Strapp ze séier goen: wien ze spéit kënnt, gëtt vun der Geschicht iwwerholl! Am stater Schäfferot huelen si hien all Dag op enger Botterschmier eran, woubäi d’CSV de gréissten Honger muss weisen, well déi Blo aus Staatsräsong net richteg däerfen. Fir déi gréng Partei selwer ass de Kox wéi e schwéiere Pawee um Been. An déi stater Geschäftswelt knoutert och, grad an der Solden-Zäit wou d’Keesen sech net wëlle richteg opfëlle loossen.

Sollt de Mann net zu sengem Récktrëtt iwwerzeegt ginn, da wuel nëmmen, datt réischt virun Deeg gläich dräi Ministeren ausgetosch goufen.

 

Related posts

2 Comments

  1. Pascal Ludovicy

    Ma den Här Kox huet schon een ganzt schlecht Bild ofginn ,wie hin zou Reimech nach buergemeeschter war.
    Do verstinn ech die Grieng net ,oder ass et just “Copainspolitik” bei denen Griengen?
    Heer Kaiser die huet wie so oft den Nol op den Kapp getraff.

  2. Phil

    Zitat: “E Policeminister wou total iwwerfuerdert ass, zënter Wochen!”
    De Koxen Heng war schon als Buergermeeschter vun Réimech iwwerfuedert, zënter Joeren!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *