Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

D’Monarchie an der Zwéckmillchen 

D’Monarchie an der Zwéckmillchen
Image par Erich Röthlisberger de Pixabay

dëse Sonndeg war ech bal vum Stull gefall, wéi ech op RTL de Presseclub gelauschtert hunn. Hei de Wuertlaut  vun rtl.lu erof kopéiert:

De Pol Schock: Dat Privat ass dat Privat an dat Ëffentlecht ass dat Ëffentlecht, mä wann an enger Famill Gewalt ugewannt gëtt, dann ass dat och eng Fro, e Fall fir de Parquet an ech froe mech esouguer, firwat hei de Parquet net ageschallt gouf.
De Roy Grotz: Ass Gewalt ugewennt ginn?
De Pol Schock: Ganz kloer.
De Roy Grotz: Hues de Beispiller do? Also sou eppes hunn ech elo net gelies am Rapport selwer.
De Pol Schock: Et si Leit, déi soe ganz glafwierdeg, datt si der an d’Schnëss kruten…

Ierch geet et bestëmmt ewéi mir! Dir hutt Aer Probleemer, dat ze gleewen! Um Groussgerzoglechen Haff wäre Leit geschloe ginn??!! Ech ginn dervunner aus, datt de Paul Schock – deen ech perséinlech net kennen- weess, vu wat datt hie geschwaat huet, datt hien also duerchaus kann op Persounen zeréckgräifen, déi esou eng Ausso géinge widderhuelen.

Image par Jill Wellington de Pixabay

Ech muss och mäi Respekt fir dee Mann ausschwätzen,  dee Courage ze hunn, vu Gewalt um Haff an der Ëffentlechkeet ze schwätzen. De Pol Schock riskéiert Kopf und Kragen: sollt et stëmmen, dann ass et hien, deen de Groussherzog a seng Madame (zu Recht) an d’Pan geklaakt huet. Sollt et net stëmmen, respektiv sollt déi betraffe Persoun hir Ausso op déi eng oder aner Manéier relativéieren, huet hien sech fir länger Zäit blaméiert, souzesoen, disqualifizéiert. Et wär fir de ganze Journalismus eng schlecht Reklam, ma déi Groussherzoglech Koppel ass elo schonn ugeschloen!

 

De Parquet misst nämlech spéitstens elo intervenéieren. No där Ausso vum Journalist misst et zu enger enquête préliminaire kommen: de Journalist muss gelauschtert ginn, an natiirlech grad esou d’Grand-Duchesse an déi Persoun(en), déi sollt(en) eng erwëscht hunn.- eventuell esouguer den Här Waringo. Sollt de Parquet nämlech näischt ënnerhuelen, gesinn déi verschidde Säiten zimmlech blöd aus, wéi am Reen stoe gelooss, wéi geruff an net ofgeholl, an ënnert dem Vollek mécht sech d’Meenung breet, datt do nees eng Kéier eppes ënnert den Teppech gekiert gi wierA wéi ass et mat deene verschiddenen Haff-Marechallen? Sollt eppes derhannert sinn, hun si eppes dovunner matkruut? Wéi ass et mam Premier?(04/02/20)

Ech gi mol dervunner aus, datt de Parquet duerchaus wäert aktiv ginn. Eleng de Fait, datt et dann esou eng préliminaire Enquête gëtt, ass jo schonn eng Blamage fir den Haff! Grousse Schued fir d’Monarchie, souguer dann, wann sech sollt erweisen, datt glaat a guer näischt un de Virwërf drunn ass. Deen Ament gëllt d’Reegel vum semper aliquid haeret!

Engersäits hoffen ech fir de Journalist, datt seng Aussoen vu gëschter Kapp a Fouss hun an och behaalen; anerersäits sinn ech keen “obsedéierte Géigner” vun der Monarchie; ech hunn méi wéi eng Kéier kënnen erliewen, wéi wichteg e Monarch ka sinn, fir ronderëm d’Welt diplomatesch Diren opzemaachen; eng Meenung, déi vun de leschte Wirtschaftsministeren gedeelt gëtt.

Sollt also de Journalist Recht behaalen, misst déi Groussherzoglech Koppel ofdanken, demissionnéieren a géing domatter Plaaz maachen fir déi nei Generatioun. Et wier gutt, wann de Parquet géing séier schaffen a wäit virun Nationalfeierdag zu enger Konklusioun kéim…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *