Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Den Doud vu Gor-leben 

Den Doud vu Gor-leben
Foto von Milada Vigerova von Pexels

 

déi Gréng sinn politesch an de Labyrinthen. Atomstroum soll neierdéngs de Label “gréng”, “nohalteg” kréien. Ausgerechent d’AKW sollen mat zu der Léisung bäidroen, manner CO2 an d’Atmosphär auszestoussen. Zu Berlin behëlt sech de Minister Dreitagebart esou, wéi wann hien sech géing géint déi Propose vun der EU-Kommissioun wieren. Zu Lëtzebuerg mécht et de Claude Turmes him no. Ma allebéid wëssen si, datt dee politesche Krich verluer ass.

Fir déi Propose gestoppt ze kréien, missten 20 vun de 27 Memberstaten mat op d’mannst 65 Prozent vun der europäescher Populatioun dogéint stëmmen, respektiv am EU-Parlament misst et eng absolutt Majoritéit sinn! Do bestinn absolutt keng Chancen fir déi Gréng. De Magasinn DER SPIEGEL schreift sarkastesch: grün war die Hoffnung. Däitschland huet dee Mätsch am Klima-Krich verluer, sech vum fréiere franséische Sozialist Macron iwwerdubbere gelooss.

Foto von Petar Avramoski von Pexels

Kee Wonner. D’Land vum Camembert ass nämlech och d’Land vum Atom-Stroum. Leader an deem Beräich sinn d’USA mat 93 Atomzentralen, duerno kënnt direkt Frankräich mat 56, un drëtter Plaz China mat 51, Russland mat 38, Japan 33. Den Emmanuel setzt fir d’Zukunft op déi sougenannten SMR, Small Modular Reactors, also op Miniatur-Installatiounen, bei deenen d’nuklear Gefor bei wäitem méi kleng ass ewéi bei Rieseninstallatiounen à la Kettenuewen.

“…Domadder kann Europa opootmen…”

Sonn a Wand sinn onsécher Stroumproduzenten. Mat der däitscher Visioun – nach vun der Angela Merkel entaméiert- komplett op den Atomstroum ze verzichten, war de Risk vun engem totalen Black out an enger ganzer Partie europäesche Staaten geklommen. Et geet net ouni Atom, op d’mannst net fir elo direkt. Dat weisen och d’Statistiken: Däitschland exportéiert u Frankräich am Joer am Schnëtt 3 Terawattstonnen Stroum, den Hexagon par contre liwwert 14 Terawattstonnen un Däitschland.

De SPIEGEL huet eng Blëtzëmfro maache gelooss. 47 Prozent vun de Leit fannen d’Propose vun der EU-Kommissioun richteg, 45 Prozent fannen si falsch. Dat ass e knappt Resultat, weist allerdéngs, datt d’Meenung am Vollek am gaangen ass, sech ze dréien.

Usech ass et jo eng win-win-Situatioun. Wat de Fransousen hiren Atom ass, gëllt an Däitschland fir de Gas: déi blo Flämmchen soll neierdéngs och nees als ëmweltfrëndlech aklasséiert ginn, ënnert der Konditioun, datt nei Gaswierker fir de Stroum ze produzéieren, enges Daags kënne Waasserstoff verbrennen. Op déi Manéier ass déi néideg Stroumproduktioun och déi aner Säit vun der Musel garantéiert.

Foto von Rafael Classen rcphotostock.com von Pexels

Virun allem gëtt op den technesche Fortschrëtt axéiert. Engersäits Mini-AKW, anerersäits Waasserstoff. D’Produktioun vum H2 brauch den Ament selwer nach ze vill Stroum. Et mécht also wéineg Sënn, mat vill Stroum H2 ze produzéieren, fir dann mat deem nämmlechte Waasserstoff neit Elektresch hierzestellen. Den Ament!

Schonn virun iwwer 2 Joer  gouf op dëser Websäit op d’Bedeitung vun deem Waasserstoff higewisen.https://bit.ly/3JROJNd . Wann der Fuerschung bis den Duerchbroch gelongen ass, bestinn fir d’Mënschheet op deem Plang keng Energieproblemer méi. H2 an den Autotank, H2 an de Masuttstank, H2 als Stroumproduzent.

“…Wie sag’ ich’s meinem Kind?…”

Eigentlech gutt Noriichten, déi den Energiesecteur berouegen an dozou bäidroen, datt d’Präisser net an d’Onendlecht klammen. Déi Gréng awer hunn e Problem, nees eng Kéier wéinst hirer Ideologie déi an de leschten Deeg hefteg ugekrazt gouf. Si mussen acceptéieren, datt Atom ëmweltfrëndlech, op d’mannst extrem klimaneutral ass. Dobäi war den Atom déi dreiwend Energie, fir Ëmweltparteien iwwerhaapt op d’Welt ze setzen! Et erënnert ee sech un déi berüchtegt Castor-Transporter. Déi gréng Welt steet 40 Joer duerno op der Kopp.

Foto von Javier Cruz von Pexels

Donieft mussen si acceptéieren, datt Wand- a Solarenergie et net bréngen, op d’mannst net genuch. Hir Ideologie gouf vum technesche Fortschrëtt iwwerholl. Si missten elo de Courage hunn an och dat acceptéieren. An e puer Deeg presentéiert de Minister Habeck säi Programm; an 8 Joer sollen 80 Prozent vum Stroum vu Wandmillen a Solarzelle kommen! Dofir missten 16.000 Wandrieder opgestallt ginn, 8 Milliounen zousätzlech Photovoltaiken installéiert ginn. Just Wonschvirstellungen oder Realpolitik?

Fir op den Artikel am SPIEGEL zeréckzekommen. Déi Gréng si besonnesch staark als Moral-Apostel. Si nennen sech “Wäert-Konservativ”, weise gären de Fanger an deelen deenen aneren Lektiounen a Saache Moral aus. Dat mécht sech besonnesch gutt, wann een an der Oppositioun ass. Ouni Kompromësser.

Déi Gréng zu Lëtzebuerg sinn zanter 8 Joer an der Regierung, an Däitschland sëtzen si zanter 2 Méint mat un de Schalthiewelen vun der Muecht. An enger Dräierkoalitioun mussen si Kompromësser agoen. D’Moral awer léisst keng Kompromësser zou!

Related posts

1 Comment

  1. Phil

    An wann déi Roud-Gréng Parteizaldoten sech Mëtt der 70er Joeren net esou topech ugestallt hätten géifen mir säit 1981 onsen eegenen Stroum machen an wären an där Hinsicht onofhängeg. En plus hätt een och nach Stroum un eis Noperen verkafen kennen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *