Recent Posts

Post Categories

Déi schéin nei Welt koum e bësselche séier 
Et gi Noriichten, déi muss een e puer Woche sacke loossen, mautschen, verdauen, rëmknaen an nach eemol verdauen, ier een...
Informatiounsrecht kënnt viru Versammlungsrecht 
Déi groussherzoglech Press probéiert, e bësselchen Tapage ze maachen ronderëm dat geplangte Gesetz fir d’Demonstratiounsrecht zu Lëtzebuerg.Tipptopp! Ma dobäi däerf...
Frank Bertemes: Politik und Integrität 
Sein Mut, seine Würde, seine Integrität machen ihn zu einem Vorbild für uns alle. António Lobo Antunes   “Die Opportunität...
Pierre Obertin: Die Task Force-Files 
De Pierre Obertin ass aktiv am Grupp Expressisverbis, wou hien an de leschte Joer reegelméisseg Artikele publizéiert huet. Säi Leschte...

Blog Post

Gesellschaft

Bouneweg: den Doud vun engem jonke Mënsch an de Labyrinth vun der Politik 

Bouneweg: den Doud vun engem jonke Mënsch an de Labyrinth vun der Politik
polie.lu

 

D’Leit zu Bouneweg sinn geschockt. An hirem Quartier gouf e jonke Mënsch déidlech blesséiert. An et schéngt ës, net vun egal wiem! D’Police verdächtegt zwee Mannerjäreger, deen een 15, deen aneren 17 Joer al. D’Awunner fillen sech an hirem (On)Sécherheetsgefill confirméiert. Esou kann et net weidergoen an hirem Quartier, wou kleng an och manner kleng Delinquenz op der Alldagsuerdnung steet: Kläppereien op der Haaptplaz bei der Kierch, Verkafen vun Drogen, Iwwerfäll op Privatpersounen am hellen Do, op der Strooss, bei engem Bus-Arrêt etc..

D’Politik ass gefuerdert, ma wéi esou dacks ass d’Politik sech net eens. An de Krich tëscht der Regierung an dem Stater Schäfferot riskéiert sech zouzespëtzen, virun allem tëscht der blo-schwaarzer law-and-order-Fraktioun um Knuedler an dem grénge Polizeiminister Henri Kox, deen et mat der Doudesangscht ze doe kritt, wann de Polizeistaat och nëmmen ernimmt gëtt.

Image par BodyWorn by Utility de Pixabay

Et erënnert een sech: et haten eng Partie Biergerversammlunge ginn, an der Haaptsaach fir d’Gare, ma och fir Bouneweg. D’DP an d’CSV wollten zousätzlech Iwwerwaachungskamera autoriséiert kréien. Den deemolege Minister Etienne Schneider sot sech schliisslech averstaanen: D’Gare krut fuschneier installéiert, déi souguer zanter e puer Méint solle fonctionéieren. Fir Bouneweg blouf et bis ewell bei engem eidele Verspriechen.

Déi Gréng hunn zanter de leschten Nationalwahlen den Zepter fir déi bannenzeg Sécherheet an der Hand. Eng Partei, déi déi lescht Joerzéngten sech ëmmer nees ervirgedoen huet duerch hir Allergie op alles, wat och nëmmen un eng Uniform erënnert an déi sech elo schwéier deet, Realpolitik am Déngscht vum Bierger ëmzesetzen. Konsequenz: permanente Stëllstand!

De Stater Schäfferot war dees midd an huet als cavalier seul eng Privatgesellschaft dermadder chargéiert, fir duerch d’Stroossen op der Gare ze patrulléieren. No den éischte Méint Experienz gouf -zesummen mat Awunner a Geschäftsleit- e positive Bilan gezunn, sou datt de Kontrakt weider lafe gelooss an esouguer op verschidde Plazen vu Bouneweg ausgebreet gëtt.

Dat héiert sech natierlech un wéi e politeschen Affront vis-à-vis vun der Regierung. Well de Staatsminister ass zwar grad esou blo wéi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer, ma wëll trotzdeem esou wäit wéi méiglech e Klengkrich tëscht der Haaptstad an deene Gréngen an der Regierung vermeiden, ëmsou méi wou déi Schwaarz mat an der Koalitioun um Knuedler sëtzen. Iwwerdeems d’Madamm – wéi et sech gehéiert- Blummen droe war op déi Plaz, wou de jonke Mënsch säi Liewe geloss huet, deet de Minister sech wuel schwéier, sech dem stater Schäfferot entgéint ze stellen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *