Zwee Méint virun de Gemengewahlen an 6 Méint virun den Nationalwahlen ass Héichkonjunktur fir d’Trottoirspolitik. Ma eigentlech gouf d’Land déi lescht 10 Joer räich beschenkt, nom Motto: et kascht, wat et kascht! Maisons relais a Crèchen goufe gratis, grad esou den ëffentlechen Transport. An der Logik vun där Trottoirspolitik missten déi dräi Regierungsparteien um Highway vum Erfolleg sinn, fir nach eemol gewielt ze ginn. Ma déi Rechnung muss net opgoen! Beispill Bus an Tram, also d’Welt vum François Bausch.
Zu Lëtzebuerg léisst de Mobilitéitsminister den Tram an iwwerhaapt den ëffentlechen Transport als success story verkafen, kräfteg ënnerstëtzt vun enger Press déi him gutt gesënnt ass. Wann een awer seng Aussoen an der auslännescher Press liest, kritt de Sujet eng aner Nues. Esou titelt den l’EXPRESS a fette Buschtawen:
Luxembourg: même gratuits, les transports publics peinent à concurrencer la voiture
An anere Wieder, de Lëtzebuerger bleift sengem léifste Kand trei a setzt voll op den Individualverkéier. Bleche Kutschen, wou Moies an Owes déi meescht Chauffeuren eleng dra sëtzen, sech gemitterlech an d’Nues fueren, eng Zigs fëmmen, ongestéiert a Gedanke kënne sinn. Op 1000 Awunner kommen 681 Autoen. Dat ass zweetbeschte Score an der Europäescher Unioun, just Polen ass méi Autoversiess.
Eigentlech misst de François Bausch nach méi gréng sinn, an zwar vun Näid vis-à-vis vun der Autoindustrie. D’Gratis-Politik huet net vill bruecht. Am Gespréich mat engem Journalist vun der afp (agence france presse) probéiert hien, säin Mësserfolleg erofzespillen a mécht de Spunnes: Je dis souvent, les Allemands construisent les voitures et les Luxembourgeois les achètent. Domatter ass alles gesot.
De Lëtzebuerger keeft eemol ewéi d’aner Kéier Auto, Auto, Auto! An den Nach-Minister juxt mat der lëtzebuerger Virléift fir däitsch Autoen. Dacks sinn dat net déi klengste Maschinnen, Süvvelchen ass dat Klengst! An d’Regierung bretzt sech, datt si all Joer 800 Milliounen Euro an den ëffentlechen Transport erabottert, 500 Euro pro Kapp pro Joer.
Den afp-Journalist stellt fest, datt an der Haaptstad wuel Vëlo gefuer gëtt, mä et kéinten der net vill sinn, well wisou wier sos d’Land reegelméisseg zougestaut? Op esou eng perfid Fro ka an awer och just en Auslänner kommen, wuel kaum eis groussherzoglech Press! Déi och sos kaum fir e kritescht Hannerfroen ze kréien ass. Léiwer bei den Doudesannoncen bleiwen. Dat ass eng valeur sûre. Am Doud läit d’Zukunft.
Wann d’Regierung, absënns déi Gréng op enger Pressekonferenz ukënnegen, datt si elo d’Ärem eropstrëppen fir datt Lëtzebuerg net méi op där allerleschter Plaz am EU-Ranking figuréiert a Saachen Zäregas-Emissiounen, da misst ee sech als politesch interesséierte Journalist d’Fro stellen: wat huet dann op deem Punkt d’Regierung déi lescht 10 Joer gemaach? Eng Regierung an där déi Gréng mat dra sinn. 10 Joer ass e laangen Dag, esou laang, datt een net méi den allsäits verhaassten CSV-Staat kann dofir responsabel maachen!
Déi Gréng hunn nach ëmmer als Argument de Tanktourismus a schwätzen dobäi an d’Blannt, schwätzen et op alle Fall net un, datt dat Geschäft massiv agebrach ass an do net méi esou vill Zäregasemissiounen ze rafe sinn!
Déi Gréng wëssen zugläich, datt de Literpräis vum Sprit zu Lëtzebuerg ëmmer muss ënnert deem leien a sengen Nopeschlänner, an zwar als zousätzleche Bonbon fir d’Frontalier. Well firwat sos kommen si an de Grand-Duché, quälen sech Moies an Owes duerch zéiflëssege Verkéier?
De Mindestloun läit bei eis zanter dem 1. Abrëll bei 2508 Euro de Mount, bei 14,59 Euro d’Stonn. An Däitschland läit d’Mindestakommes bei 13 Euro, an dat anert Joer bei 13,50. Den Ënnerscheed zu Frankräich ass méi grouss mat engem garantéierten Stonneloun vun 11,5 Euro. Den onqualifizéierte Frontalier gewënnt zu Lëtzebuerg maximal tëscht 200 a 500 Euro brutto. Kritt een eleng mat 200 Euro méi am Portmonni nach en Däitschen bei eis eriwwer gelackelt? 200 Euro fir zeg Stonnen am Auto ze verbréngen a mat Bensinn nees gréisstendeels drop ze maachen?
Schonn virun 30 Joer hat eng Etude erginn, datt sech dee Stress an der Haaptsaach e jonke Fransous, e jonke Belsch , e jonken Däitschen undinn. Mam Alter vu 45 Joer kënnt de Revirement: wann een d’Méiglechkeet huet eng Plaz bei sech ze fannen, da verzicht een éischter op déi puer Mécken. Lëtzebuerg muss also attraktiv fir d’Grenzgänger bleiwen! Duerch säi Loun, duerch säi Pensiounssystem, duerch aner Leckerli, wéi ebe grad de Präis vum Sprit. Oder duerch eng attraktiv Steierpolitik: dee Bonbon kënnt an e puer Méint, zu engem Ament wou In- an Auslänner wiele ginn. Wat en Zoufall!
De Misère vun där ugepasster “grénger” Politik ass, datt se sech eeben dem DP-Diktat “ugepasst” huet – a vun där uersprünglech “gréng-alternativer, basisdemokratëscher” Politik ganz wéineg iwwreg bliwwen ass. Och de Fränz Bausch ass ee strikt realpolitësch agéierende Politiker, deen allerdings eng absolut gutt Transportpolitik gemaach huet a mat Sécherheet als dee Minister vum ëffentlechen Transport, besonnësch awer vum zukunftsorientéierte Schinneverkéier (Zuch an Tram) – ganz am Sënn vun der wëssenschaftlecher Verkéierspolitik – an d’Geschicht wärt agoen – dat huet hie bei aller Kritik verdéngt. Ni gouf sou vill an d’Schinn inverstéiert wéi grad ënnert dem Minister Bausch, deen an deem Sënn een exzellenten Transportminister war – am Géigesaz zu all senge Virgänger, déi grad déi ugesote Verkéierspolitik verpennt hunn an dem automobilen Individualverkéier mam Fetisch “Auto” all Prioritéit ageraumt haten – ee fatale Feeler, och an der Gesamtperceptioun vun enger realistëscher Verkéierspolitik, déi eng reel Mobilitéit erlaabt hätt amplaz vun enger automobiler Immobilitéit, wéi mir déi all Dag am Marienländle mam gelieften Autokult kennen. Mir hunn d’Kultur vom ÖPNV leider ëmmer nach net an eiser DNA – an duerfir ass et absolut ugesot, dem Fränz Bausch seng Verkéierspolitik mat Prioritéit fir den ëffentlechen Transport aus méi wéi enger Uersaach voll z’ënnerstëtzen. Mir brauchen eeben och am Sënn vun eiser Economie eng reell Mobilitéit, déi klappt an ee flëssegen Alldagsverkéier zuer Normalitéit mécht – dat ass eng Grondbedingung och fir d’Leit, déi all Dag hei schaffen an ass deemno och am Sënn vum Patronat. Ouni déi absolut Prioritéit fir den ëffentlechen Transport geet dat awer nu mol net!
Fir d’Persoun François Bausch als Politiker awer besser kënnen anzeschätzen, géif ech d’Lecture vum Auteur Romain MEYER, deen eng ganz gutt Biografie a Form vu Skizzen vum Politiker “François BAUSCH – Der Un-Geduldige” (Editions Guy Binsfeld) geschriwwen huet, empfeelen. Ech selwer hu verschiddenes vun deem, wat den Auteur geschriwwen huet, perséinlech erlieft…