Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

D’Deputéierten an de Wolleken: d’Reglement iwwer Miles&More misst adaptéiert ginn 

D’Deputéierten an de Wolleken: d’Reglement iwwer Miles&More misst adaptéiert ginn
Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photographie-de-paysage-de-nuages-531972/

 

Den Artikel iwwer d’Auslandsreesen mam Fliger vun den honorabelen Deputéierten hat trotz dem naasse Wieder fir nawell vill Stëbs gesuergt an de Couloiren vum Krautmaart. Ganz um Ufank sollt et eng Satir ginn iwwer dem Sven Clement seng Juegd op Punkten am Carnet vu Miles&More: de Pirat wollt onbedéngt op de Flughäfen vun engem schwaarze Porsche Cayenne ofgeholl ginn fir déi aner neidesch ze maachen. Ech hat de Pech, ëmmer méi gewuer ze ginn an esou stellen sech och ëmmer méi Froen.

Fir et däitlech ze maachen: de Sujet betrëfft och de Sven Clement, ma net nëmmen hien. Et geet ëm déi ganz Chamber, wann och prioritär déi Damen an Hären Deputéierten, déi reegelméisseg um Tarmac stinn. De Chamberbüro gouf sech viru 4 Joer e Reglement, wat déi Auslandsreesen ugeet nodeems an der Ëffentlechkeet bekannt gi war, datt d’Madamm Nancy Arendt eng Déngschtrees gebucht hat déi besonnesch deier war.

Muss een Deputéierten an d’Ausland – zum Beispill an d’NATO-Parlament-, da këmmert sech d’Chamber dorëm, organisatoresch a finanziell…an och, wat Miles&More betrëfft. D’Chamber bezilt an also huet si och déi MILES zegutt déi iergendwann verrechent ginn fir eng aner Rees méi bëlleg oder esou guer gratis ze kréien. Héiert sech jo korrekt un! Et gëtt awer méi komplizéiert, well déi Miles net nëmmen dem Parlament zegutt geschriwwe ginn, ma quasi déi nämmlecht Zomm gëtt zugläich un den Deputéierten iwwerdroen.

Déi Situatioun féiert op d’mannst zu engem moralesche Konflikt! Den Deputéierten kéint also enges Daags eng Privatrees gratis buchen, mat Punkten vu Miles&More. An déi Punkten koumen zustanen duerch aner Reesen, déi virdrun vun der Chamber bezuelt gi waren. Déi Chamber kritt hiert Geld vum Staat an dee kritt se vum Steierzueler! Also géing d’Vollek dem Volleksvertrieder seng Privatreesen blechen!

Ech hunn beim Chamberpresident a bei zwee Deputéierten nogefrot. Allen Dräi hu ganz séier reagéiert. Merci! Fir d’éischt dem Chamberpresident Fernand Etgen seng Äntwert:

chd.lu

Ech wëll als éischt nach eng Kéier ënnersträichen, dass déi parlamentaresch Diplomatie en integralen an indispensabelen Bestanddeel vun den Aktivitéiten vun der Chamber, souwuel fir d’Kontrollfonctioun vun der Chamber, fir eisen Asaz fir Demokratie och an aneren Länner a fir dass d’Land och duerch d’Chamber um internationalen an europäeschen Parquet vertrueden ass. 

Déi Aktivitéiten maachen e klengen Prozentsatz vum Chambersbudget aus, mee mir passen tatsächlech immens gutt op, wéi d’Prioritéiten gesat ginn. 
Zur Äere Fro. Jo, d’Chamber ass Deel vum Programm PartnerPlusBenefit. D’Miles sinn awer fir d’Chamber. Am Kader vun dem Partenariat ass et fir d’Deputéiert do derniéft méiglech och Miles ze kréien, zousätzlech zu deenen déi d’Chamber kritt. 
Wichteg ass och ze bemierken, dass d’Deputéierten ggf. selwer déi Démarche musse maachen an, dass dat net vun der Chamber Administratioun gemaach gëtt. 
Fir mëch ass et kloer, dass et natierlech net kéint sinn, dass d’Meilen exklusiv un d’Deputéiert géife goen. “
Also d’Confirmatioun, datt eng Vermëschung duerchaus méiglech ass. Dann d’Äntwert vun der Madamm Nancy Arendt vun der CSV, déi mol fir d’éischt explizéiert, firwat si esou vill iwwer de Wolleken ënnerwee ass:
” ech fléien 4-5 Mol am Joer op main privat Compte an Amerika (  mäin Jong studeiert do) Et sin also vill milen privat op mengem Compte net just vun der Chamber..
mä jo,
et leeft alles op main Numm op eng Kuart mä dat ass vun der Chamber aus och bis elo ëmmer esou gehandthabt gin .

Nancy Arendt Žpouse Kemp


Ech machen also  naischt wat net all aneren Deputeierten mecht, deen am Kader vun senger Uarbecht reest! Et gett keng Regel vun der Chamber ( menges wessens dei dat net erloabt?)
Kuckt roueg weivill ech am Kader vun menger Uarbecht ennerwee war an deenen läschten 4 Joer als Member vum Nato Parlament an dann mierkt Daer, dat dat am Verglach matt aneren absolut näischt aussergeweinleches ass.”

Ech hat der Madamm zu kengem Ablack ënnerstallt, datt si eppes Aussergewéinleches géing maachen. Et geet mir ëm d’Méiglechkeet, kënnen ze vermëschen, engersäits déi berufflech Reesen a mat hire Miles&More (also déi vun der Chamber), anerersäits d’Privatreesen. An och d’Nancy Arendt fënnt déi Situatioun net grad glécklech:
“Vu que dat een bis elo net kann eng Trennung machen vun milen dei een  privat flitt , miles dei een kritt wann een privat akeeft an och vun der Chamber ass dei Vermeschung net ganz glëcklech an ech wär frouh wann d Chamber sech geif domadden beschäftegen an eis genau Uweisungen gin wat een als Deputeierten  daerf machen wann een reest wei een sech genau muss verhalen dann wär jidderengem gehollef”.
A wat fir d’Deputéierten wouer ass, ass fir d’Ministeren net falsch, well och si fléien vill. Et misst also nach eemol doriwwer geschwat ginn. Schliisslech hunn déi Meilen op der Kaart jo och e Wäert. A well de Politiker iergendwann – och wann hien sech aus Regierung oder Parlament zeréckgezunn huet- vun dem Wäert kéint profitéieren, stellt sech d’Fro, ob dat net misst besteiert ginn.
chd.lu

Sven Clement: ” Dat eng Fro mat där Der absolut richteg leit, dei d’Chamber sech sécher well eemol gestallt huet als Institutioun, ech mir awer nach net. 

Do sinn och definitiv aaner Deputéiert mei am Coup well se, doduerch datt se mei laang derbai sinn, der mei wei ech akkumuléiert missten hunn.
A vue datt dei och direkt vum Ticketpräis an net vun der Buchungsklass oder Distanz ofhänken hunn ech däer däitlech manner wéi HON Circle Miles kritt. Do ass de greisstendeel eischter duerch d’Notze vun enger M&M Kreditkaart komm. Woubai ech wéi gesot dat nemme sammelen mee nach net genotzt hunn”.
Ech ënnerstellen kengem eppes. Déi zwee Deputéierten déi ech virun der Vakanz nach kontaktéiert hat, beweegen sech op dënnem Äis -grad wéi aner Politiker déi vill ënnerwee sinn-, ma halen sech un dat, wat d'(Chamber)Reglement virgesäit. Et wär un der Zäit, dat Reglement ze adaptéieren am Sënn vun nach méi Transparenz. Eis iewescht Institutioun hätt eppes dovunner!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    …an de Bierger wuel och! Och hei gëllt “Transparenz” dem Steierzueler vis-à-vis, dee sech och iwwer dës Fro kaum virdrun je eng Fro gestallt huet- eemol méi dem Här Kaiser säi Mérite, déi Problematik opgeworf ze hunn! Traureg jiddefalls, , wéi een opgrond vun enger inexistenter däitlecher Reglementatioun alt erëm eng Kéier nom Motto “wat net verbueden ass “- an dësem Fall net gereegelt ass – “ass deemno erlaabt.” Ob dat elo moralësch tragbar ass oder net, dat intresséiert d’Deputéiertegewëssen – souwäit där iwwerhaapt eent do ass – häerzlech wéineg. Et gëtt da mol privat profitéiert, jiddefalls emol sou laang, bis iergendengem dat mol opfällt, oder? An da gi mir mol méi kleng a fuerderen dann no Baussen eng méi kloer Reegelung…Wéi nennt ee sou eppes? An dat sinn déi Leit, déi vun eis “tumbem Walvollék” Stëmme solle kréien …. o mei!
    Et stellt sech just d’Fro, ween datt dat alles an der Administratioun vun der Chamber selwer kontrolléiert – do ginn et dach Ofrechnungen asw. wou och déi ernimmte Bonuspunkten fir Flugreesen deem missten zegutt geschriwwe ginn, deen och effektiv bezillt – an dat ass sécherlech net deen, deen dervu ka profitéieren!
    E gi bestëmmt nach weider esou “Grauzonen” an deenen ee sech nach esou laang “beweege” – mengt profitéiere kann, bis iergendee reagéiert .Do war dach mol eng Kéier eppes mam Spautze Jang sengem Handy (deen ni een hat) wou awer Rechnungen agetraff sinn, vun deenen dee gudde Jang keng Anung hat – bis du raus komm ass, datt do een Här ….asw. Apropos: Wee bezillt deenen Dammen an Hären hir Telefonsrechnungen a Smartphounen, ganz domm gefrot? Een Domme ka ganz vill froen…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *