Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Iwwer Noutstand an iwwer Hoffnung! 

Iwwer Noutstand an iwwer Hoffnung!
Image par Arek Socha de Pixabay

d’Regierung mécht villes richteg am Kampf géint de Virus. A well Solidaritéit gefrot ass, stellt sech déi politesch Oppositioun hanner d’Regierung, wéinstens nach déi nächst Wohen. De Motto gëllt: mir zéien all un engem Strang, do bleiwt keng Plaz fir Kritik. An dat ass och richteg esou!

Allerdéngs wäert déi Kritik net esou laang op sech waarde loossen. D’Gegrommels fänkt unn am Vollek, wou Famillgen mat zwee Kanner an enger Wunnecht vu 70 Quadratmeter fir elo op d’mannst e puer Wochen “agespaart” sinn; natiirlech kann een als Famill nach eraus  sech d’Féiss vertrëppele goen, ma et soll een et jo op e Minimum beschränken. Et ginn ëmmer méi Stëmmen -och vun Experten-, déi warnen, et sollt een et net mat där Ausgangsspäer iwwerdreiwen, well d’Leit “mëll ginn doheem”; de soziale Kontakt ass wichteg, och a grad fir eeler Semester!

Italien ass eis mat deem lockdown e grousse Schrack viraus. D’Erfahrung weist, datt an der Lombardei sech maximal 60 Prozent un d’Ausgangsspäer halen, mam Resultat, datt an Italien d’Zuel vun den Infizéierten ëmmer nach staark klëmmt. Déi italienesch Mentalitéit ass nun eben net mat där asiatescher ze vergläichen. Et stellt sech d’Fro: ass esou eng Radikalkur sënnvoll, bréngt si eppes? Emmerhinn goung d’Zuel vun den Infektiounen och bei eis haut nach ëm bal 70 Prozent an d’Lut! Mä, Alternativen ginn et wuel keng, also den Noutstand einfach mol duerchzéien. D’Konklusiounen kënnen ëmmer nach méi spéit gezunn ginn.

D’Parlament huet 10 Deeg Zäit, fir déi aussergewéinlech Moossnahmen duerchzewénken. Eng Zweedrëttel-Majoritéit ass erfuerdert an esou gutt ewéi sécher, virausgesat et stiéchen sech bis dohinner net ze vill Volleksvertrieder mam Virus unn.

“Et ginn och gudd Noriichten! Gin se zu Lëtzebuerg gehéiert?”

Et gëtt Hoffnung, datt scho längstens e Medikament besteet, net als Impfung, ma als eventuel Behandlung géint d’Krankheet. De Produit nennt sech Chloroquinin a gëtt zanter Joer géint d’Malaria agesat. Elo heescht et, dat Medikament hätt och bei anere Virussen gewierkt an et besténgen berechtegt Chancen, och géint de covid-19 kënnen ze hëllefen. Op Wikipedia steet: “Im Februar 2020 begann China eine randomisiert-kontrollierte klinische Studie zur Behandlung von COVID-19-Erkrankten mit Chloroquin während der Coronavirus-Epidemie 2019/2020.[8] Das Institut für Tropenmedizin in Tübingen kündigte für den 18. März einen Zulassungsantrag für eine klinische Studie an. Dies werde ebenfalls vom Paul-Ehrlich-Institut und vom Bundesinstitut für Arzneimittel und Medizinprodukte befürwortet”.

Déi däitsch Regierung huet scho mol eng gréisser Bestellung bei der Pharmaindustrie gemaach. Wat ass do d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung? Dee Produit gouf déi lescht Joer och bei eis an den Apdikten verkaf, ma wann et sech sollt confirméieren, datt et wierksam ass an der Behandlung, dann ass dee klenge Stock – vill Malaria gëtt et jo net bei eis- séier ausverkaaf! Deen Ament stierzt sech déi ganz Welt op dat Medikament. Dat klengt Lëtzebuerg riskéiert dobäi den zweete Präiss ze kréien…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *