Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Chamberwahlen si keng Kornichongszalot 

Chamberwahlen si keng Kornichongszalot
Bild von -Rita-👩‍🍳 und 📷 mit ❤ auf Pixabay

 

Et sinn der, déi soen d’Lëtzebuergescht wier eng Sprooch, anerer behaapten sech drop, datt et net méi wär wéi en Dialekt, e Patois. Dat sief emol dohinner gestallt, ma et kann een Eess wéi Eess d'”Saach” gären hunn an si deementspriechend fleegen. Do si mir am Verglach mat de Fransousen allerdéngs fatzeg liddereg, warscheinlech well mir net genuch stolz…pardon, houfereg sinn op eist Déngensdéngen.

De Fransous deen eng ganz aner kulturell Vergaangenheet huet, suergt sech ëm seng Sprooch wéi wann et säi Kand wier. Déi mat engem Diplom gäisselen sech géigesäiteg mat der “auto-correction”. Vis-à-vis vun den Net-Fransousen entschëllegen si sech dann huerteg.

Esou hat ech rezent mat mengem Noper geschwat iwwer la lierre qui écrase tout, an deen huet mir um Wupp vun enger ganz laanger Äntwert bäibruecht, datt den Efeu am Franséischen männlech ass. Vun där Astellung si mir Kilometer wäit ewech. Mir loossen alles mat eiser Sprooch gewäerden, an d’Patois-Ideologen freeën sech esou guer, wann dat Gedéngels nach méi versaut gëtt.

“…RTL huet de Genitiv nei entdeckt…”

D’Sproochmatessen hu sech virun de Wahlen zu Héchstform eropgeschafft. Fir d’éischt hunn si am Wuert Wahlen den Dehnungs-H fale gelooss; dat ass scho mol Quatsch, well domadder ass eng Wal och ee Wal. Virun allem awer hunn si de Genitiv nei opbléie gelooss an zwar op Plazen wou hien ni higehéiert huet. An esou ass d’Wuert ChamberSwalen aus dem Hutt gezaubert ginn

Aus der topeger Iwwerleeung: wann et bei ParlamentSwale richteg ass, kann et bei ChamberSwahlen net falsch sinn. A wann näischt méi geet, da gi mir bei d’Teutonen eriwwer luussen an do heescht et jo: BundestagSwahlen!

Eng ganz Partie kleng politesch Formatiounen hunn dee Quatsch fir boer Mënz geholl. Zum Beispill Fokus

oder och d’Piraten

Oder nach d’Fräiheetspartei wou ze liese steet

Büffelsmann geet mat an d'Chamberswahlen - Luxembourg Jungle

Luxembourg Jungle
Büffelsmann geet mat an d’Chamberswahlen – Luxembourg Jungle
A schliisslech d’ADR déi bekanntlech Land a Sprooch gären huet

 

An där doter Logik wär et also elo eng WaasserSdrëps, eng WaasserSwell, eng RaiberSgeschicht, eng SchwammSbox, e FligerSpilot, e PanzerSzaldot asw. Datt RTL op esou Bauzegkeete kënnt ass u sech schlëmm genuch. Mech iergert allerdéngs, datt mir eis dorausser näischt ze maache schéngen! Keen ass entsat, kee schreift e Lieserbréif, kee mellt sech op Facebook zu Wuert. Dobäi ass et Verschampuléierung vun eiser Sprooch oder vun eisem Déngensdéngen.

RTL huet et virgemaach: wann eng Dommheet bis an der Ëffentlechkeet ass, kritt een si ganz schwéier ewechgebotzt. Dobäi seet d’Reegel – laut Monni Lex Roth: de Schluss-S bleift virun i-u-e-o-a ëmmer stoe plus bei n-d-t-z. Bei all den anere Buschtawen gëtt en ewechgelooss.

A wa mir en zesummegesatent Wuert bei déi Däitsch léine ginn, dann iwwerhuele mir och deenen hir Schreifweis, entweder mat oder ouni S. Beispill: aus AlterSgrënn.

Fir d’Journalisten gëllt net nëmmen de Prinzip vun de 5 Q ma och vun de 5 C:

C‘est con,mais c‘est comme ça!

“…99 Pozent vun de Lëtzeberger sinn net erreegbar!…”

Ding-Dong! Ech ruffen engem um Handy un. De Repondeur leeft: Gudde Moien, ech si leider net erreegbar, hannerloosst….Kuerz drop rifft déi Persoun mech zeréck un an ech froen si: Geet et Dir besser? Wisou? Ma du bass jo net erreegbar gewiescht an du wäers bei de Sexolog gaange sinn! Eng kleng Wuertspillerei mam Wuert erreechbar…dat et am Lëtzebuergeschen guer net gëtt. Et ass een net “net erreechbar”, ma et ass een net ze erreechen.

Anert Beispill vun der sécurité routière, déi laanscht d’Autobunne schreiwe léisst: gëtt sichtbar. D’Verb sichten existéiert an eisem Vokabulär net a sichtbar scho guer net. Propose: maacht, datt een Iech gesäit! Oder Wuertspillerei: Kuckt, datt een Iech gesäit! Lotto krut ee virun 20 Joer a jidder Annamstell. Katastroph! Mir anneemen näischt a mir hunn och keng Stell, grad esou wéineg eng Tankstell.

Aktioun Lëtzebuergesch

Ech wëll hei net Sproochdokter spillen, schonn nëmmen eleng dowéinst net, well ech selwer d’Lëtzebuerger Orthografie réischt ganz spéit via Spellchecker geléiert hunn, ma ech wënsche mir dach, datt méi iwwer eis Sprooch nogeduecht gëtt! Wa mir gären hätten, datt d’Lëtzebuergescht eng lieweg Sprooch bleift (gëtt), da musse mir och eppes dofir maachen.

Oder hu mir de Grand-Duché just gären, well de Staat déck Klacken huet, den Éisleker Buedem gutt Buppe versprécht?

D’Situatioun am Noen Osten ass komplett verfuer? Ha,ha! De Foussballmätsch geet iwwer d’Bün? Ech kennen näischt vu Sport, ma ech duecht éischter u grénge Wues, an e Mätsch gëtt ëmmer nach gespillt, awer op kee Fall ausgedroen- dat ass dem Bréifdréier seng Saach. D’Demonstratioun fënnt statt. Wéi feierlech! Eng Demonstratioun ass ganz einfach, oder et gëtt demonstréiert. Referenden oder dach éischter Referendumen? Mir schwätzen jo och vun Kaktussen an net vu Kakteen.

Mir kënne roueg an d’Wierderarsenal vun eisen Nopeschlänner glanne goen, ma REDEWENDUNGEN sollt ee wa méiglech vermeiden. Wann et um Radio heescht: d’Enquêteuren tappen am Donkelen, da geet Kapprëselen hanner dem Steierrad net duer. De Redakter war wuel blo…donkelblo an an der Däischtert verschwonnen. Oder wéi deen, dee kierzlech op Facebook vun engem Ofgeuerdenten geschriwwen huet! D’Sprooch ass d’Blutt vun eiser Séil….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *