Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Ekonomie a Finanzen: de grousse “RESET”? 

Ekonomie a Finanzen: de grousse “RESET”?
Image par djedj de Pixabay

 

wien huet et net schonn emol gemaach, wann de PC hänke bliwwen ass? Stecker eraus an nees eran. Dacks klappt dat, an esou en änleche Reset soll allgemeng mat eiser Gesellschaftsform gemaach ginn, souzesoen als après-ski vun der Pandemie? D’Geleeënheet ass effektiv gutt, fir zum Beispill (verstänneg) Moossnamen fir de Klimaschutz op den Instanzewee ze schécken. Reset och fir d’Wirtschaft? Déi verschidde Staatsscholden op Null setzen? An dann, duerno? On prend les mêmes et on recommence?

Et ass méi einfach fir e Politiker, wärend der Pandemiebekämpfung de Saz lass ze loossen: et kascht, wat et kascht, ewéi d’Fro opzewerfen wer soll das bezahlen?! Do wou een sech politesch a wirtschaftlech zu desem Ablack eens ass: d’Steieren sollen net eropgesat ginn. Nach net! Iergendwann eng Kéier wäert dat awer mussen de Fall sinn. D’Regierung tabléiert den Ament voll op d’Finanzplaz, déi fir iwwer 50 Prozent zu eisem nationale Wuelstand bäidréit. An d’Genossen stellen vun Zäit zu Zäit eng Räichesteier an d’Vitrinn, déi maximal e puer Millioune méi géif an de Staatsbeidel eran dreiwen; dobäi schwätze mir vun enger Staatsschold, déi an d’Milliarde geet!

Verschidde Politiker am Ausland hunn de Culot, ze verlaangen, datt wéinstens en Deel vun der Staatsschold misst kënne gestrach ginn. Eng schlecht Iddi! Wat fir e Signal géing dat no bausse bedeiten? De Privatmann géing dat nämmlecht Recht fir sech a seng Scholden um Haus revendiquéieren! Mat wat fir Kollateralschied? Engem Staat dee seng Scholden net rembourséiert, deem seng Ënnerschrëft ass kee Su méi wäert. Dee Staat kritt esou bal kee Geld méi vun Investisseuren geléint.

Grad esou wéineg Sënn mécht et, eng Schold ad eternam ze verlängeren, well et eng Belaaschtung fir spéider Generatiounen bedeit. Datt déi nächst 2 Joer d’Investitiounen vun der ëffentlecher Hand héich gehale ginn an also weider gepufft gëtt, ass ze verstoen an ze  begréissen. Duerno muss de Staat allerdéngs mam Remboursement ufänken.

“…oder ass d’Léisung dach am MMT ze sichen?…”

D’Ofkierzung vun “MMT” bedeit Modern Monetary Theory. Et gëtt also eng nei Interpretatioun an der Finanzpolitik. A wéi! Et gëtt alles op d’Kopp gestallt. Explikatiounen.

Bis ewell ass et jo esou, datt de Staat sech selwer finanzéiert via Steieren; déi Suen verdeelt hien weider ënnert der Form vun Ausgaben. Wann de Staat Suen brauch, also am Defizit ass, geet hien Geld léinen, verschëlt sech also. D’Zentralbank ass onofhängeg an iwwerwaacht de Geldmarché fir datt d’Inflatioun net ze héich an och net ze niddereg ausfält.

Aus der Optik vun MMT ass d’Welt eng aner. De Staat fixéiert e Betrag vun Ausgaben. D’Zentralbank gëtt vum Staat kontrolléiert a stellt him ouni Probleem e Scheck aus; de Staat dreift Steiersuen an a gläicht esou déi finanziell Situatioun nees aus. D’Kou gëtt also vun hannen opgesuedelt!

Héiert sech op d’mannst interessant un, kann allerdéngs net an der Euro-Zone ëmgesat ginn. D’Viraussetzung ass nämlech, datt de respektive Staat seng Wärung selwer dréckt; déi europäesch Länner hunn allerdéngs net de Monopol iwwer hier Devis, well den Euro jo mat anere Länner gedeelt gëtt. Den EURO ass dat eenzegt Element, dat als Indice vun enger politescher Unioun kann zeréckbehale ginn. Verschwënnt d’Eenheetswärung, fält dat europäescht Kaartenhaus an e Koup.

Kréien déi verschidde Länner hier Staatsschold net an de Grëff, ass mat där nächster Kris ze rechnen, dann finanzieller Natur. Wouduercher d’Scholden weider klammen, esou gutt beim Staat wéi am Privaten. Mä, dervunner auszegoen, datt enges Daags Davos a Greenpeace Hand an Hand schaffen, fir de Kapitalismus nei ze erfannen (Sylvain Fort, L’EXPRESS 3627), ass dat net eng Iwwerleeung vu räiche Leit, déi ufänken, midd ze ginn?!. Déi verschiddenst Politiker – Joe Biden, Boris Johnson, Justin Trudeau-, hunn esou Slogan opgegraff ewéi build back better, plapperen se no wéi d’Papageien a wëssen genee, datt et sech dobäi ëm net vill méi handelt wéi Schaumschléierei!

Et ass also éischter vun engem klenge “Reset” vun eiser wirtschaftlecher Gesellschaftsform auszegoen, wou punktuell u verschiddene Schrauwen gedréit gëtt. Adaptatiounen, näischt Revolutionäres

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *