Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Vu rosa-roudem Stoffi 

Vu rosa-roudem Stoffi
Image parGerhard Gellinger de Pixabay

de Chefredakter Jean-Claude Franck huet a senger Chronik vum 21. Juni laang ëm de Bräi geschwat, fir net mussen zouzeginn, datt hien a seng Equipe de Sujet vum “geheime casier” verjuppt, jo komplett verschlof haten. Den Titel vu mengem éischten Artikel iwwer dee Sujet (http://3.127.214.33/?s=KGB-Z%C3%A4iten), nennt hien zwar räisseresch (Lëtzebuerg a KGB-Zäiten?), ma dat schéngt net duergaangen ze sinn, hien aus senger Lethargie erauszehuelen. Déi juristesch Chamberkommissioun an d’Diskussiounen am Plenum hu jo an de leschten zwou Woche gewisen, datt tatsächlech méi derhannert stécht. Esouguer de Gréngen Charel Margue huet dat mussen agestoen! A ganz verwonnerlech, de staatleche Radio huet am Juli dat nogeholl, -iwwregens mol guer net esou schlecht-wat hien déi Wochen a Méint virdrun verdriibst hat. Déi journalistesch Aarbecht ëenermauert, datt den Här Franck a senger éischter Interpretatioun niewt dem Dill loung!

Ënnert anerem wërft den Här Franck mir vir: ” dee Mann, deen um Héichpunkt vun der SREL-Affaire dem fréiere Justizminister Luc Frieden virun zimlech genee sechs Joer an engem Interview Bonne Chance fir e Mësstrauensvote an der Chamber gewënscht huet“. Dozou déi heiten Explikatiounen: De Minister huet deemools e puer Minutten virum Owesjournal an der Redaktioun ugeruff, fir e Statement ze maachen, den Interview ass also ënner extreemen Drock geschitt. Ech hat keng Zäit méi, fir vill ze schneiden. Ma, souwisou bedeit déi Ausso jo net onbedéngt, datt ech mech hanner d’Persoun Frieden gestallt hätt! Wéi dacks hunn ech Interviewen héieren a gesinn vun engem Marietta Slomka oder Klaus Kleber, déi Top-Politiker a kruziale Momenter vun der Weltgeschicht live an hirem Journal haten, an um Enn soten:” Danke fürs Gespräch, und alles Gute”. Wëll heeschen: Maach et gutt, ma et kënnt wéi et kënnt. Eng Héiflechkeetsformel Trotzdeem, et war net glécklech, an ech hat mech den Dag drop bei menge Redaktiounskollegen entschëllegt.Ech hu viru 40 Joer dem Lydie Polfer eng gléckech Hand gewënscht, wéi si d’Successioun vun hirem Papp an der stater Märei iwwerholl hat; idem, wéi de Jean Spautz Inneminister gi war. Den Zesummenhang, deen de Franck am Kontext Datebank wëll mat Frieden a Bausch, Braz an E. Schneider zesummen heekelen, bleift mir allerdéngs schleierhaft, ausser et goung ëm RUFMORD!

w ou de Mann Recht huet, ass, datt ech zimlech vill Erfolleg hunn mat mengem Site: “Elo, wou et kee Feierkrop méi gëtt, an deem Beamten a sos Insider anonym kënne bësse stëppelen, schéngt de Guy Kaiser zum neie Kanal ze ginn fir séier an effikass Informatiounen ënner d’Leit ze bréngen”. Déi eenzeg Richtegstellung: anonym huet sech bis ewell bei mir nach kee gemelt, ma wann Persounen op mengem Blog wëllen den Anonymat behalen, an hir Informatioun ass eng Publikatioun wäert, da respektéieren ech natiirlech de Quelleschutz. Fir de Räscht ass et en Aveu vum Franck, net genuch Insider-Wëssen vun anere Leit – ausser engem- mattgedeelt ze kréien. Fir e Journalist, e Fiasko!

Keen ass méi iwwerrascht iwwer dëse relative Succès vu mengen Artikklen ewéi ech selwer an ech ginn a villem confirméiert, wat ech an der Zäit als Chefredakter mengen Redaktiounskolleegen als Denkustouss mat op de Wee gouf. Hei just zwou Iwwerleeungen: de Radio ass net méi de séierste Media, ma gouf ersaat duerch den Internet. An déi digital Welt – matt all hiren No- a Virdeeler- huet d’Gesellschaft komplett verännert! Journalisten iergeren sech regelméisseg iwwer d’Topegkeeten an de Commentairen vun de Lieser a ginn selbstsüffisant iwer deen aneren Deel vun der Wouerecht ewech, datt nämlech duerch den Internet een Deel vun der Populatioun vill besser informéiert ass ewéi nach virun 20 Joer. Doduerger ginn d’Uspréch un d’Journalisten méi grouss. Si mussen nach besser ginn an der Qualitéit vun hirer Aarbecht an och an der Auswiel vun de Sujetën.

SREL-Prozess deen um Kommen ass: do verréit de Franck säi Gespréichspartner, deen hien fir dës Chronik gebrieft huet. Ech hat och mat deem Mann ze dinn, hien ass deen eenzegen, deen an dësem Kontext vu Raibergeschichten geschwaat huet. Et handelt sech ëm e fréiere Minister, e klenge Wadenbeisser, deen nach ëmmer mengt, kënnen un de Fissellen ze zéien. Mir wäerte spéitstens vum November unn méi iwwert hien héieren. Dat weess hien an ass dovir elo schonn am gaangen, den Terrain ze preparéieren. Wann ech sollt mat menge SREL- Artikelen d’Aarbecht vu “mengen eegene Reporter an der RTL-Redaktioun diskreditéiert hunn”, da wuel och meng eegen Aarbecht als Chefredakter vun deemols. Ma mir haten alles richteg gemaach, mam Wëssen aus där Zäit, dat eis zur Verfüjung stoung. Haut hunn ech aner Dokumenter! Déi wäschen de Staatsminister Jean-Claude Juncker alles aneschters ewéi wäiss, ma si bréngen aner Politiker dach  och an d’Labyränthen! Stur op senger Positioun sëtzen ze bleiwen, net bereet sinn, seng Meenung ze änneren, ass en Zeechen vun Dommheet! Ma waaarde mir de Prozess of, wou souwisou mat där enger oder anerer Iwwerraschung ze rechnen ass!

Wat d’Iwwerleeungen sos vum Jean-Claude Frank a Saachen Datebank, respektiv geheime Casier betrëfft: si sinn de Beweis, datt de Mann just vun enger Säit gebrieft gouf, wuel an der Haaptsaach, fir den Deckel esou laang wéi méiglech op der Affaire ze halen, am Beschten, bis an d’Summerlach. A well d’Kritik u menger Aarbecht an deem Kontext och de Me Vogel viséiert, kuerz deem seng Reaktioun op deen Artikkel via eng SMS: “As-tu lu les bêtises distillées par le rédacteur en chef de la radio d’Etat? Il n’a toujours rien compris! Son argumentaire se perd en argumenta ad hominem. L’échelon le plus bas de la logique formelle!”

Wéi gesot, ech sinn iwwerrascht iwwer dee Stëpps, deen ech esou opdreiwen, ma eng Regierung, déi aus dräi Parteien besteet, wäert et iwwerliewen. Mäi Site ass als Bäitrag zu méi Diskussioun an der Gesellschaft geduecht, also och als e Stéckelchen Demokratie!

Sou! An elo ass e puer Deeg Vakanz!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *