Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Justiz

Affär Gaardenhaischen: Solden an der Justiz? 

Affär Gaardenhaischen: Solden an der Justiz?
fiktiivt Beispill vu Gaardenhäischen op Photo de JACK REDGATE provenant de Pexels

Et muss ee soen wat ass: et si scho  Gelungener, eis Dammen, Hären a * vum Parquet. Si si fräi ewéi d’Vullen an déi si kengem Rechenschaft schëlleg. Do war zum Beispill vrun iwwer 2 Joer e gräissleche Mord zu Bouneweg. Vum Untersuchungsriichter housch et deemools: d’Enquête ass nach am gaangen, dofir brauche mir och näischt der Ëffentlechkeet ze soen. D’Enquête schéngt ëmmer nach am gaangen ze sinn, well ze héiere krut een ëmmer nach absolutt näischt! Do war an ass zum Beispill e Gaardenhaischen, dat viru Joer zu engem Politikum gi war. De Parquet huet no all där Zäit de Fall klasséiert a léist d’Politik zimmlech plakeg do stoen.

Et gouf duebel kommunikéiert: fir déi breet Ëffentlechkeet per Communiqué. Do steet allerdéngs ze soen näischt dran.

  • le juge d’instruction vient de clôturer son instruction ouverte contre Madame Carole Dieschbourg et Monsieur Roberto Traversini du chef de prise illégale d’intérêts.
  • Le juge d’instruction a décidé de ne pas procéder à une inculpation
  • En raison de l’absence d’inculpation le parquet de Luxembourg a décidé de classer le dossier sans suites pénales.

Natierlech hunn d’Riichter d’Recht, en Dossier zu den Akten ze leeën oder viru sech himuuschten ze loossen. Ma da muss d’Argumentatioun  awer deementspriechend sinn. Beim Gaardenhaischen ass dat esou wéineg de Fall ewéi bei engem muffege Schapp.

Déi eigentlech Argumentatioun – Explikatioun?- goung exklusiv un de Chamberbureau; esou kann d’Politik kucken, wéi si domadder eens gëtt. Op Nofro hin krut ech aus der Cité judiciaire déi heiten Äentwert:

Wat de Bréif un de Chamberbüro ugeet, esou ass et un der Chamber ze decidéieren, ob si dat Schreiwes wëll public maachen oder net.

Déi Gréng profitéieren politesch voll dovunner. Zu den Akte geluecht bedeit fir si: alles net esou schlëmm. Do haten Béiswëlleger aus enger Méck en Elefant gemaach! Eng fiktiv Geschicht. Déi groussherzoglech Press huet wéi -bal- ëmmer net hannerfrot, ausser de reporter.lu deen der Meenung ass, datt déi Gréng sech et dach ze einfach maachen!

Virun allem erënnert d’Argumentatioun vum Parquet un Decisiounen vun engem bekannte Riichter aus Cowboy-a Revolverzäiten. De Parquet pëspert der Chamber nämlech, datt hie selwer op d’mannst eng Bäckeschdosen änlech gelagert Fäll hätt kënnen opdecken, also Gaardenhaisercher oder sos Villaen déi op engem Stéck Natur opgeriicht goufen wou si gesetzlech net higehéieren! An also – elo kënnt et!- kéint een net behapaten, de Gréngen Traversini hätt perséinlech dovunner profitéiert, et wieren jo och yet anerer an deem nämmlechte Fall gewiescht. Alt op de Koup, zu den Akten.

Potznennö!

Déi Riichter si keng domm. Ech goung direkt gëschter  bei en Untersuchungsriichter fir op schëlleg ze plädéieren; ech hunn nämlech eng vu mengen Nopeschen ëmbruecht. Alles nëmmen hallef esou wëll, huet dee gemengt; hie géing nach eng ganz Partie Leit kennen déi anerer ronderëm de ronnen Eck bruecht hätten. Ech wär also keen Eenzelfall an hie géif mech sprange loossen.

Natierlech hippt all Verglach, esou och dësen, deen ech just benotzt hunn, fir d’Lächerlechkeet vun der riichterlecher Logik z’ënnermaueren, gekoppelt un d’Fro: goung et dem Parquet mat senger Kommunikatioun tatsächlech ëm Transparenz oder net éischter ëm politesche Stratego?

Et schwätzt villes dofir, datt d’Chamber dëse Bréif ganz séier publizéiert; gréng Luucht vum Parquet huet si jo allemol! Et kann een net eng Geschicht déi Méinte laang d’Politik an Otem gehalen huet, einfach esou wéi mat Tipp-Ex vun der Bildfläch verschwanne loossen…

Den Hären an Dammen Volleksvertrieder feelt et u Courage. Da publizéiren ech alt mol d’Argumentatioun vum Parquet:

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Datt eis Geriichter net onbedingt déi ugesote Plaz un der “Gerechtegkeet” am Sënn vun der “Rechtsspriechung” sinn, dierft wuel net onbekannt sinn. Ech kann do aus perséinlecher, reng berufflecher Erfarung schwätzen-do kéint ech eng laang Geschicht erzielen, déi iwwregens och deemools op enger ganzer Säit am “Journal” kommentéiert gouf, mat mengem perséinlechen Optrëtt al Zeien. Just dat hei: deen éischte Riichter war befaangen, deen zweeten ass no mengem ausféierléchen Optrëtt a Pensioun gaangen an dorop hinn konnt ech engem drètte Riichter déi selwécht Aussoen nach eng Kéier virdroen. Obschonn datt fir jidder normal denkende Mënsch (sou och fir ee Journalist am Smalltalk, dee sech no de Suiten informéiert hat) d’Uerteel am Fong kloer war, goufen déi Beschëllegt….”entschëllegt” – mengt deemno net verurteelt. Ech géif deemno all deene Leit, déi enger (vermeintlecher) Anti-Kumulbestëmmung an der Pensiounsgesetzgebung ënnerleien (dorëm goung et an deem Prozess virum Correctionnel-‘t war net näischt an awer näischt, am Endeffekt!- nëmme roden, ze maachen, wat ëmmer si wëllen! Ech hunn awer nach eppes am Kontext vun engem Prozess – dozou dann awer méi spéit nach an engem separaten Artikel hei um Site vum Här Kaiser…Wat d’Gaardenhaischen ugeet….war do eppes???Scheinbar net – ‘t koum jo da mol net zu enger Uklo – alles “normal”-wuel rëm “à la Grand-ducale”?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *