Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Stau essen Seele auf! 

Stau essen Seele auf!
Image par Ri Butov de Pixabay

D’Woch huet schonn nees excellent ugefaangen op eise Stroossen. Wéinst zwee Accidenter goung guer näischt: déi Escher an déi Tréierer Autobunn ware komplett blokéiert, an zwar an esou engem Mooss, datt et bal kee Verkéier an der Haaptstad gouf (0805 Auer) an ech vill ze fréi beim Zänndokter ukoum. Vill Leit koumen awer nees ze spéit op d’Aarbecht: meng Handwierker doheem si géint 9 Auer 11 vun der Verkéierswell ugespullt ginn, beim Zänndokter haten se och Verspéidung, matt Sécherheet dausenden Ugestellten, déi sech hu musse bei hirem Patron entschëllegen, virausgesat, deen hat déi Moiescourse och ‘schonn’ hannert sech.

Den Automobilist verbréngt 33 Stonnen d’Joer am Stau. Derbäi kënnt d’Zäit vum ‘normalen’ Trajet fir op d’Aarbecht ze kommen. De STATEC huet an enger Etude ausgerechent, datt de Résident all Dag, vu Méindes bis Freides 90 Minutten am Transport festsëtzt, an déi Situatioun huet sech an de leschte 6 Joer kaum verbessert. Wéi gesot just fir d’Residenten, an dat bedeit e Käschtepunkt vun net grad 400 Milliounen Euro d’Joer. Wann een dann d’Onkäschten fir d’Betriiber (Verspéidung an der Produktioun/Liwwerung) derbei géing rechnen an och déi iwwer 215.000 Frontalier – all Woch kommen der 133 derbäi- da léich dee “Wäert” net wäit vun enger Milliard ewech!

Wechgeheitent Geld! Virun allem awer mol en absolutte Minus, wat d’Lieweskalitéit betrëfft. 45 Minutten am Auto, am Zuch/Bus/Tram ze sëtzen (90 fir aller-retour), bei groem Wieder – matt vill Niwwel, wéi haut- an dann nach eenegermoossen gutt gelaunt seng Aarbecht ufänken,

Image par analogicus de Pixabay

dat grenzt schonn un iwwermënschleche Kapazitéiten. Mam Tram wäert sech dorunner esou gutt wéi näischt änneren. D’Regierung setzt op d’Verduebelung vun den Tramschinnen an iergendwann engkéier gëtt déi Diddlénger Autobunn op dräi Spueren vergréissert. Ma wann all Joer am Schnétt iwwer 7000 Frontalier bäikommen, an 10 Joer also iwwer 70.000, gin déi Moossnahmen nohalteg net duer!

Politesch leeft op deem Plang esou gutt wéi näischt- iwwregens och net ënner Regierungen virdrunn, wann ee vum Michel Wolter sengem IVL ofgesäit. D’Deputéiert aus der Majoritéit gi gejoot vun der Regierungsaarbecht, dobäi misst et de Géigendeel sinn. An esou huet keen de Courage, mol aus der Rei ze danzen, an d’Fro opzewerfen: wëlle mir éiweg am ablackleche Rhythmus weider wuessen?! Grad déi Gréng haten an Oppositiounszäiten aner Téin gespaut: du konnt ee wéinstens nach vun engem klenge Bauerenhaff dreemen, d’Villercher hu gezwitschert, d’Schof geblökt, d’Fra huet geheekelt…

” D’Politiker sinn ze vill matt sech selwer beschäftegt!

Dat ass ongesond!”

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *