Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

D’Press soll Drock maachen op Biontech, Pfizer, Moderna an Astrazenica 

D’Press soll Drock maachen op Biontech, Pfizer, Moderna an Astrazenica
Photo de Алексей Васильев provenant de Pexels

Vun de Pro-Schwurbler an de Contra-Schwurbler ofgesin bleiwen dach nach eng Rei Froen ronderëm de Vaccin opstoen. Esou huet DIE WELT zum Beispill thematiséiert, datt Biontech a Moderna 14 Méint no der éischter Impfung ëmmer nach keng korrekt Zouloossung hunn. Et feelt u sougenannten essentiellen Etuden. Éischter bosseg!

Et leien nach keng wëssenschaftlech Dokumenter vir iwwer d’Sécherheet an d’Effikassitéit vun den mRNA-Produit. An anere Wieder, et leien och keng Etude vir iwwer d’Risken an d’Niewewierkungen. Dobäi hat d’EMA – wéi si de Vaccin provisoresch zougelooss hat- en Ultimatum gestallt: bis de Juli 21 missten konkluant Dokumenter um Dësch leien! Geschitt ass näischt bis guer näischt. Schweigen der Lämmer, bei de Produzenten esou gutt ewéi bei der EMA, déi schliisslech am leschten Oktober an aller Diskretioun déi provisoresch Zouloossung ëm ee Joer verlängert huet.

Esou wéineg Transparenz an esou engem delikaten Dossier suergt natierlech fir Irritatiounen, ass souzesoen Mëscht um Buedem vun de Komplotisten.

pexels pixabay

Ma Gedanken gi sech och ënnert Medezinner a Virologe gemaach. Die WELT huet mat der Susanne Wagner geschwat, eng Expertin an der Entwécklung vun pharmazeutesche Produit. A si seet, grad bei den mRNA-Vaccinen géif de Wëssensstand op enger Rei Punkten ze wënschen iwwereg loossen.

et wär virun allem d’Fro, wat fir ee Wee de Vaccin am Kierper aschléit, u wat fir engen Organer hien sech festsetzt, wou hien wierkt a wéi laang datt hien am Kierper dra bleift. Et soll, jo et muss een deenen zwee Produzenten zegutt halen, datt virun annerhallwem Joer alles huet musse ganz séier goen. Ma datt bis haut awer och guer näischt virläit an an der Ëffentlechkeet diskutéiert gouf, dat stéisst och dem Virolog Alexander Kekulé sauer erop. Et dierft een de Querdenker keng zousätzlech Munitioun liwweren!

Am Mäerz zejoert hat de British Medical Journal schonn geschriwwen, datt d’Experten virun der Zouloossungsautoritéit EMA gréisser Bedenken virbruecht hätten. A verschiddene Flaconen wär den mRNA beschiedegt gewiescht. 3 Wochen duerno war deen éischten Impfstoff um marché. D’EMA hat sech zefridde ginn mat den Äntwerten vu Pfizer, mä et ass net gewosst, ob sech esou Tëschefäll bei der Produktioun kënne widderhuelen.

pexels pixabay

Et ginn nach aner Froen: lagert sech de Vaccin am Gehir of? An den Nieren? An de Lymphdrüsen? Um Härz? Iwwerdréit hien sech vun der Mamm op den Embryo?

 

 

“…Impfdosissen, eng Saach vu perséinlecher Interpretatioun?…”

Zu Lëtzebuerg goufen bis ewell 1,23 Milliounen Dosissen gesprëtzt. Net grad 500.000 Persoune kruten op d’mannst eemol de Vaccin. Am Ganzen goufen 2120 Fäll gezielt, wou d’Leit d’Impfung net gutt bis schlecht verdroen hunn. Dovunner waren der 488 méi schlëmm an et koumen 122 Mënschen an d’Spidol. Zanter dem Ufank vun der Impfcampagne sinn 13 Persounen am Kader vun der Vaccinatioun gestuerwen. Awer och hei ass d’Zuel mat Virsiicht ze genéissen!

Well, et muss een de ganze Kontext consideréieren, zum Beispill d’Präzisioun vun der Santé …:

Un décès fait suite à une pneumopathie COVID-19 chez un homme adulte ayant de nombreux facteurs de risque, notamment cardiovasculaires, vacciné à l’étranger (nom du vaccin et date d’administration inconnus). Un autre décès, en cours de documentation, concerne une patiente de 78 ans ayant eu embolie pulmonaire bilatérale un mois après sa dose de rappel de COMIRNATY. A noter que ce cas était enregistré précédemment en mise en jeu du pronostic vital.

Bei esou Zuelen ginn d’Interpretatiounsdivergenzen schonn lass a si endegen nawell gären beim Geschwurbels. Fir deem entgéint ze wierken, mussen d’Impfproduzenten onbedéngt mat hiren Etuden eraus.

D’Press wëll de véierte Pilier vun der Demokratie sinn? Dat bréngt si nëmme fäerdeg, andeem si Froe stellt. Froen an ëmmer nees Froen, Drock maachen, datt déi aner sech kontrolléiert fillen!

Related posts

4 Comments

  1. Frank Bertemes

    …a genee hei läit ee grousse Problème vun där viséierter Press! Et ass bedauerlech, wéi eesäiteg d’Press (souwuel déi geschriwwen, wéi och déi aner) sech an dëser “Pandemie” beholl huet an hir entspriechend Berichterstattung, Editorialer, Commentairen, Lieserbréiwer “gesteiert” huet ! Et huet nëmmen een eenzeg gültegen Narrativ gegollt, Kritik, jo souguer déi konstruktivst – a grad an deem Kontext vun den (inexistenten) Etuden,déi den Här Kaiser hei ernimmt, gouf net toleréiert, net respektéiert – an dat besonnësch net vu Wëssenschaftler, déi vun Ufank un hir Douten haten a gewarnt hunn! Et ass schlëmm, wéi déi Leit diskreditéiert gi sinn. Mä et kommen elo ëmmer méi Fakten reaus, déi gewëssen zweifel voll bestätegen – ech géif hei op een intressante Bericht zu den Imfungen an hire Risiken am stern “verweisen”, dee Verschiddenes absolut confirméiert – och wa grad dee Magazinn däitlech FIR d’Impfung war…
    Et dierf ee gespaant sinn, wat do nach alles sou rauskënnt…wann da mol serieux – besonnësch awer onofhängeg Etuden virleien an och objektiv publizéiert a kommentéiert ginn! Ech géif mir wënschen, datt eis Press mol rëm zu enger anstänneger, objektiver Berichterstattung zréck géif fannen!

  2. Pascal

    Jo Här Kaiser sou ass et mat der Press hei zou Letzebuerg.
    Et ass meih einfach verschieden Leit als Schwurbeler ze bezeechnen wie Kritesch Thema’en ze hannerfroen.
    Ech mengen dat hued der jo selwer materliewt ,dat ass dann derbei eraus komm wann een well wie an ärem Fall Neutral bleiwen.
    Sin och geimpft an geboostert ,an stellen mer awer och Froen iwert die Ganz Thematik, awer Äntwerten fend een keng. Weder bei der Santé nach am Net. Geschweige et liesst oder heiert een eppes iwert dat Thema an der Öffentlechkeet.
    Ech fannen et schued dass Press do nemmen eng Geih spielt.
    Do kann ech sech dann als Normalen Bierger schon froen stellen iwert eis sou ze soen Neutral Press.

  3. Guido

    Je souscris tout à fait à votre conclusion Monsieur Kaiser.

    Cependant, la presse s’est complètement discréditée en répétant aveuglement ou sciemment le discours gouvernemental. Quand la presse agit de la sorte la porte est grande ouverte à la manipulation de l’opinion public et à la propagande.

    Ceci se vérifie de nouveau avec la guerre actuelle. La presse est juste capable de Putin bashing et se met ainsi au service de la propagande de guerre.Je ne retrouve pas du tout dans les médias majeurs des reportages qui essaient de voir la situation sous différents angles.

  4. Frank Bertemes

    Fir d’Qualitéit vun deem absolut ausféierleche stern-Artikel, deen iwwregens vun engem Medizinner (selwer geimpft) objektiv recherchéiert a geschriwwe gouf – an dee sech domat iwwregens no eegener Ausso net onbedingt nëmme Frënn gemaach huet – z’ënnermaueren, hei ee Lieserbréif vun enger Lëtzebuergerin , deen am leschte stern zu deem Text publizéiert ginn ass, Titel: “Endlich” – “Ein kräftiges Halleluja! Sie haben den Mut, zu sagen, was ist. Und Sie reihen es, fundiert recherchiert, dort ein, wo es hingehört. Bravo! Wie sehnsuchtsvoll habe ich mir gewünscht, dass nach so viel aufgeblähtem Schaukelstuhljournalismus jemand die ausgelatschten Pfade verlässt und einfach Fakten nennt – ohne Suggestion. Endlich! So geht seriöser Journalismus!”
    An deem Text gouf sou villes – och am Kontext zu den Niewewierkungen – ausgesot, wat hei am Ländchen nimools publizéiert gi wär! Souwäit zu eiser “objektiver” Presselandschaft!
    Do kann ee just soen: Gutt esou, Madame Doris de Paoli! An dat seet eeben sou munches zu eisem Mainstream-Journalismus “à la grand-ducale” aus, wat vill Leit bei eis vermësst hunn!
    Nach eng Kéier MERCI dem Här Kaiser fir säi Courage, op sengem Site verschidde Meenungen a kritësch Positionen vun Ufank un zougeloss ze hunn!
    An : Wat do wierklech gelaf ass a ween u wat effektiv (och perséinlech) Intérêten hat, kënnt alles sou lues awer sécher eraus!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *