Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Justiz

Film-Fong: e Staat am Staat? Ginn Steiersuen iwwer d’Schëller gemaach? 

Film-Fong: e Staat am Staat? Ginn Steiersuen iwwer d’Schëller gemaach?

Zanter iwwer engem Véierelsjoerhonnert ënnerstëtzt de FILM-FUND d’Kinoszeen zu Lëtzebuerg. Am Laf vun der Zäit mat am Ganzen iwwer 600 Milliounen Euro. Also net näischt! Wär mat deene Suen geseent ginn wéi vum Paschtouer um Kierfecht, jiddereen hätt e puer Drëpsen ofkrut. Ma fir eng Kéier schéngt de Prinzip vun der Strenz fale gelooss ginn ze sinn. Dat ka gutt sinn, awer leider och schlecht!

film fund

Et geet also ënnert anerem ma virrangeg ëm de Goss. De rezenten Avis vun der Cour des comptes léisst déif blécken! Wuelverstanen, deen Avis ass sober geschriwwen an et muss een deen ze interpretéiere wëssen. Wann also do ze liese steet, datt d’Unhuelen vum Budget fir de Film-Fong duerch déi verschidden Tutellesministèren net expressis verbis vum Gesetz virgeschriwwen ass, esou wéi dat fir vill aner ëffentlech Etablissementer de Fall ass, dann ass dat schonn net näischt. Ma et kënnt nach vill besser!

D’Cour des comptes recommandéiert, datt si selwer kéint méi reegelméisseg esou Kontrollen duerchzéien. Nëmmen esou kéint festgestallt ginn, datt de Fong op deene Punkten wou hien gesënnegt huet, sech verbessert hätt oder net. Op déi Manéier wier zugläich déi parlamentaresch Kontroll garantéiert, well d’Cour des comptes hier Avisen un d’Chamber schéckt. Tatsächlech ass et esou, datt um Krautmaart déi wéinegst Deputéierten sech bis ewell fir dee Fong interesséiert hunn.

De commun des mortels seet sech wuel: dat sinn Artisten. Loosse mir déi gewäerden! Ma wéi ëmmer: Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser. D’Cour des comptes stellt nämlech fest, datt am Filmfong den Direkter eng eminent wichteg Roll spillt. An der Finanzgestioun gëtt dohier bedauert, datt beim Bezuelen oder beim Astellen vu Mataarbechter net de Prinzip gëllt vun der duebeler Ënnerschrëft. Zanter 8 Joer ass den Direkter eenzegen Signataire fir all d’Engagementer vum Fong, ausser fir seng eegen Deplassementer.

Dat gouf wuel net ëmmer esou ganz eescht geholl. D’Cour des comptes huet 88 Stéchprouwe geholl a bei 27 Ausgabeposten huet den Engagement vum Direkter gefeelt. Do ass also nach Loft no uewen an d’Cour freet, datt de Prinzip agefouert gëtt: 4 Guckelcher gesinn méi ewéi 2!

Gewurschtels och wat d’frais de déplacement ugeet. Déi meescht goufen réischt duerno opgestallt, wat zum Beispill d’Hotelszëmmer ugeet oder de Fligerbilliet. Et misst ëmgedréit lafen: d’Ausgaben mussen feststoen éier d’Reservatioune gemaach ginn. A wann den Direkter op d’Rees geet, dann wär hien eleng zoustänneg fir seng Ausgaben.

An dësem Kapitel vun den Deplassementer huet d’Cour des comptes 42 Kontrolle gemaach, bei 6 Stéck war dat eent oder dat anert ze beanstanden. Dat reegelméissegt Iessegoen aux frais de la princesse misst och ophéieren. D’Argument kéint net gëlle gelooss ginn, datt eng Reunioun iwwer dem Iessen weidergoung, einfach Aarbechtsreuniounen tëscht Fonctionnairen kéinten esou Mëtteg- oder Owendiessen zu Laaschten vum Staatsbudget net justifiéieren. Do mist duerchaus den Accord vum Minister gefrot ginn.

“…marchés publics? Ni vu ni connu…!”

D’Cour des comptes huet eng Partie Fournisseuren konnen denichéieren déi eng Rechnung vun iwwer 55.000€ opgestallt hunn, ouni allerdéngs hu mussen duerch d’procédure ouverte gaangen ze sinn. Dat war de Fall fir eng nei Internetsäit vum Filmfong. Déi Responsabel konnte kee Kontrakt virweisen, just Rechnungen fir d’Period vun 2009 bis 2018. Op där Basis koum d’cour des comptes zu der Schätzung, datt d’Entwécklung vun der Internetsäit an d’maintenance ronn 1,1 Millioun kascht hätt.

Anert Beispill wou net op d’Prozedur vun de marchés publics zeréckgegraff gouf: Zeechentrickfilmer fir Kanner, déi a lëtzebuerger Sprooch iwwersat goufen oder nach eng Consultingsgesellschaft, déi dem Fong dobäi gehollef huet, de Fong selwer an d’lëtzebuerger Kinoszeen méi bekannt ze maachen.

“…Interessenskonflikter?…”

Ënnert dem Titel ” consultants externes” huet de Rechnungshaff e Fall vun engem Film-Produzent ënnert d’Lupp geholl, deen vun 2013 bis 2016 an 2018 bis Ufank 2019 als Consultant fir de Film Fund geschafft huet an dofir 501.000 Euro bezuelt krut. Mä och an dëser Zäitfënster huet dee Mann zugläich als Produzent Filmer vum Fong finanzéiert krut. Allerdéngs hätt de Verwaltungsrot – fir de Risk vun engem Interessekonflikt ze vermeiden- schonn 2013 gefrot, datt dësen externe Consultant als Produzent ophält, Filmer mat senger Produktiounsfirma ze dréien an och op de Posten vum Administrateur vun enger Produktiounsgesellschaft sollt verzichten. Allerdéngs hat de CA säin Accord ginn, datt dee Mann Associé an och Aktionär vun dëse Gesellschaften duerft bleiwen. D’Cour notéiert dozou, datt dee Consultant Aktionär vun enger vun dëse Sociétéiten bliwwen ass, déi weider finanziell Ënnerstëtzungen vum Film Fund krut.

“…Fonctionnement vum Fong senge selektive Finanzhëllefen…”

Ronderëm d’Welt fänkt e Film un mam Produzent. Ouni deen geet guer näischt. Dat ass déi Persoun déi entweder hiert eegent Geld an e Filmproduit investéiert oder dat vun anere Persounen. Och zu Lëtzebuerg kann eng cinematographesch Aventure nëmmen ufänken, wann e Produzent do ass. Allerdéngs mam rengen Ënnerscheed, datt dee Produzent d’Suen kann vum Filmfong geléint kréien. Dat geplangtent Wierk muss dann verschidde Critèren erfëllen, virun allem déi, datt duerch dee Film sech besonnesch déi lëtzebuerger audiovisuell Produktioun kann weider entwéckelen. A wéi gesot, et handelt sech munchmol ëm ganz vill Geld.  Hei e puer Beispiller:

gkonline

Dobäi läit d’Betounung op geléint! Well, de Fall gesat de Film gëtt tatsächlech en Erfolleg, da bréngt hien jo Suen eran an de Produzent muss mam Remboursement ufänken. D’Cour des comptes kënnt zur Konklusioun: vun deenen 173 Milliounen € déi an där Kontrollperiod vergi goufen, koumen bis ewell net grad 380.000 € zeréck an d’Keess, also 0,22% vun de selektive Finanzhëllefen! Dat ass wéineg! Ma de Fong weist net ganz zu Onrecht drop hin, datt mat lëtzebuerger Wierker an engem klenge Land kee grousst Geld ze verdéngen ass.

D’Cour huet 13 Film-Projet ënner d’Lupp geholl. Do waren der zwee drënner, déi ni an d’Produktioun goungen, vun deenen aneren 11 war just bei 4 näischt auszesetzen wat d’Recetten vum Film ubelaangt. Dobäi gesäit d’Gesetz vir, datt eng Produktiounsgesellschaft muss fest a stabel Verwaltungsstrukturen hunn a grad esou eng Kontabilitéit. Mat den Ënnerlagen déi hir zur Dispositioun stoungen, huet sech d’Cour des comptes net am Stand gesinn, kënne festzestellen, ob oder ob net de Film-Fong déi néideg Iwwerpréiwunge gemaach huet.

Op vill aner Detailer am Avis vum Rechnungshaff wëll ech den Ament verzichten. Sober geschriwwen, weist deen Avis dach méi wéi däitlech op eng Abberzuel Irregularitéiten hin. Krass ass dobäi, datt d’Gesetz virgesäit, datt d’Produktiounsgesellschaften absolutt mussen en Deel vum geléinte Geld zeréckbezuelen am Fall wou si mat hirem Film e Gewënn erausschloen. Dat gëtt awer quasi net gemaach! Souguer den zoustännege Minister, also de Staatsminister hält sech op deem Punkt méi ewéi bedeckt.

Viru 5 Joer hat den CSV-Deputéierten Felix Eischen an deem Kontext eng parlamentaresch Fro gestalt a krut vum Xavier Bettel eng Wischi-Waschi-Äntwert, dee vun engem direkte Retour économique, culturel ou social fir de Grand-Duché geschwat huet. Vill méi evasiv geet et wuel net. Dobäi  gouf de Film Colonia Dignidat an net manner ewéi 50 Länner verkaf, d’lëtzebuerger Press huet vun engem finanziellen Erfolleg geschwat. An der Co-Produktioun war IRIS Production mat Suen aus dem Film Fong bedeelegt.

Gudd verkaf huet sech d’Serie Bad Banks an doriwwer freet sech -mat Recht!- de Grupp IRIS. Hei d’Neijooschdagswënsch vun Ugangs Januar 2018.

gkonline

Et ass och net fir d’éischt, datt de Film Fong eng op de Bak kritt. Am Joer 2004  hat de Rechnungshaff schonn drop higewisen, datt an zwee Gremien gewurschtelt gouf an hat donieft kritiséiert, datt de Fong dräi Experten fir sech schaffen hat, ouni allerdéngs iergendeng Konventioun! Vill Insider hunn dat an de leschte Joer kritiséiert; esou hat de Johannes Ochsebierg virun 12 Joer schonn an enger Mail geschriwwen:

gkonline

Eng Mail, déi deemools iwwerschriwwe war:Luxemburg’s National Film Fund- a”Academy of Fools?”

Am November 2019 koum d’Lëtzebuerger Land mat deem heite klengen Artikel, kleng ma äusserst kritesch:

 

gkonline

D’RTL-Journaistin Annick Goerens hat virun dräi Joer e richteg kritesche Reportage gemaach iwwer den audiovisuele Secteur a krut dofir d’Quittung doheem an der Bréifkëscht! D’Lëtzebuerger Land huet op Kleeserchesdag 2019 geschriwwen

gkonline

Daat geet schonn wäit an ass e weideren Indice, datt am Film Fong net alles riicht dréit.

Et geet mir hei net drëm, mat dësem Artikel alles wolle schlecht ze rieden! Villes gouf an de leschte Joerzéngten besser, et koumen tatsächlech Produktiounen eraus, déi sech weise loossen, déi sech gutt verkafen. Mam rezenten Avis vum Rechnungshaff steet allerdéngs fest: et gouf och vill Mëscht gemaach! Et wier elo néideg, wann d’Politik sech endlech géing drëm këmmeren…schliisslech geet et ëm +- 40 Millioune Steiersuen pro Joer!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *