Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Vill Froen ronderëm d’Sonndesfro! 

Vill Froen ronderëm d’Sonndesfro!

déi éischt Feststellung ass natiirlech, datt Gambia keng Majoritéit méi hätt. D’Sozialisten verléieren e Sëtz, wat sech ze erwaarde war, d’Demokraten mussen och e Mandat ofgin, wat éischter iwwerraschend ass an déi Gréng kréien nach e Sëtz bäi, wat engersäits och iwwerraschend ass, anerersäits awer normal. D’Medie si voll mat Greta, Klimawiessel, CO2-Hysterie, wat deene Gréngen zegutt kënnt an déi ob dës Manéier d’Affairen Dieschbourg an Traversini spilles kënnen iwwerbrécken. Wann een allerdéngs déi rezent Reaktioune kuckt op den ugekënnechte Klimapak an op déi respektiv Aussoen vum Minister Claude Turmes – déi liicht un e shit storm erënneren-, da weess een, datt déi haart Zäiten eréischt op d’Partei duerkommen. Trotzdeem: déi Gréng, déi sech selwer déi besser Liberal nennen, sinn déi eenzeg Regierungspartei, déi keng Plommen hänke léisst, am Géigendeel, déi nach derbäi gewënnt! Respekt! Ma waarde mir hir Feuerprobe of mam Klimapak: bleiwen si hirer ideologescher Ligne trei oder hu si sech zu enger Schicki-Micki-Partei entwéckelt?

 

d’CSV fir hiren Deel trëppelt net nëmmen op der Plaz, ma verléiert en zousätzleche Sëtz, kéim also nach just op 20! An dat bei deem villen Tapage, deen si gemaach huet mat geheime casier  oder Gaardenhaischen?! Mécht sech Oppositiounsaarbecht net méi bezuelt?! Klengen Trouscht: och d’DP verléiert e Sëtz, soudatt den écart d’nämmlecht bleiwt, bei 9 Sëtz zu Gonschten vun de Konservativen. Souwisou gesäit d’Bild aneschters aus, wann een d’Prozenter kuckt; do kéimen déi Schwaarz op 30,1 Prozent, wat am Verglach zu de leschte Wahlen 2018 e Gewënn wier vun 1,2 Prozent. Alt wéinstens dat! Deen ee Sëtz geet just op Grond vum Proporz verluer. An dach mussen d’Deputéierten aus der CSV – déi déi lescht Méint e méi offensive Gang ageluecht hunn- sech Froe stellen. An der Politik ass et wuel wéi an der Mediewelt: ee Wieler oder e Lieser/Nolauschterer huet ee séier verluer,  deen nees zeréck ze kréien, dat brauch enorm Zäit! An nawell kann ee behaapten, datt – och wann de Verglach hippt- d’Partei sech par rapport zu den Europawahlen erkritt huet. Waat feelt, ass eng Leader-Persoun: déi Roll ass nach ëmmer net bei der Fraktiounscheffin Martine Hansen ukomm a grad esou wéineg beim Parteipresident Frank Engel!

den absolutte Gewënner an dëser Sonndesfro ass kloer d’ADR, mat engem Plus vun 2 Sëtz. D’Ursaach dovir ass séier fonnt: de Sondage gouf an där Zäit gemaach, wou de Gast Gibéryen seng excellent Interventioun an der Chamber zum Thema Logement gemach huet; de Video doriwwer gouf an de soziale Medien iwwer 150.000 mol gekuckt a geliked, wat de klore Beweis ass, wou beim Lëtzebuerger de Schong dréckt. Et weist och, datt de Gibéryen e Politiker ass, dee fir seng Erfahrung a seng Kompetenzen unerkannt ass; wann hien am Laf vun den nächste Joer déi politesch Zeen verléisst, hannerléisst hien een enorm grousst Lach an der Partei, wou een net weess, wou se wäert histeieren!

Alles an allem kann ee festhalen: et gëtt kee politescht Äerdbiewen, souguer déi Gréng si schliisslech just ëm 0,8 Prozent an d’Lut gaangen.Esou e butzege Prozentsaaz seet an enger Ëmfro glat a guer näischt aus. D’LSAP fir hieren Deel geet ëm ronn 2 Prozent erof, wat am Normalfall och keng Katastrof ass, wier do net de Fait, datt d’Partei zanter Joer ongebremst an der Wielergonscht zeréckgeet: dat läit um politesche Verschläiss ( zanter 3 Eiwegkeeten mat an der Regierung) an um interne Persounekarussell.

Eent awer schéngt sécher ze sinn: eng Regierung, déi just aus zwou Parteie besteet, wäert et esou bal net méi ginn: 3 ass de Minimum, Finland huet eng Regierung, déi aus 5 Parteie besteet. Ob dat gutt ass fir d’Demokratie, bleiwt ofzewaarden…

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *