Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Dem Staatsminister seng kleng Spiichten 

Dem Staatsminister seng kleng Spiichten
rtl.lu

 

De Xavier Bettel wëll nach emol Staatsminister ginn. Säi fromme Wonsch huet hien e leschte Weekend op RTL bekannt ginn. An hie weess, datt hien sech senger Saach ka sécher sinn. Grad esou ewéi virun 9 Joer. An deem Joer 13 (sic!) ware schonn Wochen virum Wahlsonndeg inoffiziell Koalitiounsgespréicher mat LSAP an deene Grénge gelaf an et war een sech am Graffen eens. Et hu just nach mussen genuch Stëmmen erbäigeflu kommen, ma do hat jo eng Affär fir den néidegen Opdriff gesuergt. Um Enn goung et extrem knapp aus, ma et goung duer fir de Saz: eng Majoritéit ass eng Majoritéit! Fir d’Wahlen elo an 10 Méint ass sech de Xavier Bettel nach méi sécher!

Net onbedéngt fir eng nei Editioun vu Gambia, ma fir säi Posten als Staatsminister. Well dat wëll hie ginn. An dat wäert hien och ginn, well et gëtt keen direkte Konkurrent, weder bannent de Minimajoritéits-Parteien nach bannent der Oppositioun. Datt d’Sozialisten géingen dräi Sëtz derbäi gewannen an datt d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert kéint Premierministesch ginn, dat gleeft just d’TNS-ILRES. Op wat wier dann deen Erfolleg vun der LSAP zeréckzeféieren?! Duerch wat fir Gesetzer zu Gonschten vun der Mëttelschicht -hiert Elektorat!- ass déi Partei dann opgefall?

paperJam.lu

D’Madamm Lenert wäert op e gutt Resultat kommen. Méi allerdéngs net. Si kënnt aus der Magistratur an hat virun hirem neie Beruff an der Allée Marconi ni Politik gemaach. Hätt et d’Pandemie net ginn gehat, géing een si just kennen als onglécklech Ministesch déi hir Problemer huet an der Kommunikatioun mat den Dokteren: Maternité zu Wolz, IRM-Photoen um Potaschbierg, 6 Kardiologen déi virun e puer Deeg d’Zesummenaarbecht mam Centre hospitalier du Nord zu Ettelbréck gekënnegt hunn. Ganz dovunner ofgesinn, datt d’Pandemie keng Politik war, ma just eng Gestioun, an datt och op deem Plang esou munches schief gelaf ass. Rezent Beispill, datt si Problemer huet mat der Gesamtpolitik, gouf et dëse Mëttwoch mat der LASEP-Presidentin als Invitée vun der RTL-Redaktioun: “Nodeems d’Paulette Lenert an hirer Reaktioun op den Neijoerschinterview vum Premier Xavier Bettel sot, et kéint een iwwert Ännerungen um Index diskutéieren, sot d’Francine Closener e Mëttwoch de Moien den Index stéing net op der”To-do-Lëscht”. D’LSAP wier zwar kloer fir méi sozial Gerechtegkeet, mä dat misst een duerch eng Steierreform maachen”. Dat nennt ee wuel zeréckgepaff ginn!

Iwwerhaapt! Si ass zu dësem Ablack mol nach net Spëtzekandidatin. Zitat LSAP-Presidentin Francine Closener op Radio Lëtzebuerg:”D’Partei géif ganz geschlossen hannert dem Paulette Lenert stoen, mä et wéilt ee weiderhin net aus der Hëft schéissen”. Wat näischt aneschters bedeit ewéi datt d’Madamm net d’Unanimitéit an der Partei mécht an datt een hier een zweete Spëtzekandidat als Adjudant wäert zur Säit stellen.

Trotzdeem wäert de Wieler bei hier duerch d’Fanger kucken an hiren Asaz honoréieren. D’Paulette Lenert kritt Stëmme genuch fir nees eng Kéier ministrabel ze sinn, Basta! An dat war et da schonn mat der Konkurrenz bannent Gambia. A bei der CSV gesinn ech zu dësem Ablack och net richteg e Kandidat, deen eescht ze huele wär. De Serge Wilmes muss probéieren, e gutt Resultat an de Gemengewahlen an der Haaptstad ze erreechen, ma ass nach net prett fir d’Fonktioun als Staatsminister. Also kann de Xavier Bettel mat breedem Mond ausposaunen ewéi d’Trompetten viru Jericho: ech well Staatsminister ginn! Hien huet jo tatsächlech sech selwer fir deen nächsten Neijoerschinterview an 12 Méint invitéiert…

“…wären do net béiswëlleg Rumeuren…”

Zanter Wochen kritt een am stater Gepëspers ze héieren, de Xavier Bettel, also wuelverstanen: de STAATSMINISTER Xavier Bettel géing d’Amt als President vum Europa-Conseil unhuelen.

gouvernement.lu

Hien dementéiert dat, an ech zitéieren hien aus dem Lëtzebuerger Wort: ” In der Vergangenheit habe Bettel bereits entsprechende Angebote abgelehnt – unter anderem die Stelle als Präsident des Europäischen Rats. Und das, obwohl ihm die Stelle noch vor dem jetzigen Europaratspräsidenten Charles Michel angeboten wurde”. A weider:” „Werde ich also die Chance nach den Wahlen haben, Premier sein zu dürfen, werde ich mein Mandat annehmen“, so die Ankündigung des Premierministers.”

D’Moderatrice vun dësem Neijoerschgespréich, d’Madamm Caroline Mart hätt do onbedéngt mussen nohaken: eis interesséiert jo net d’Vergaangenheet, ma d’Zukunft am Futur zwee! Explikatioun: de Belsch Charles Michel krut fir dee Posten en zweet Mandat am Mäerz zejoert; dat Mandat geet bis den 30. November 2024. An anere Wieder: de Xavier Bettel kéint duerchaus e weidert Mandat als lëtzebuerger Staatsminister d’Enn vun dësem Joer unhuelen a Locataire am Hôtel de Bourgogne fier 12 Méint bleiwen, duerno awer deen europäesche Posten nolens volens unhuelen. Hie kéint dat maachen an hätt dobäi och net groussarteg gelunn!

consilium.europa.eu

Schliisslech sinn d’Lëtzebuerger ëmmer houfereg wann “ee vun hinnen” eng dichteg Plaz an der internationaler Politik kritt. An awer denkt een un Aussoen, déi den deemolege stater Buergermeeschter Bettel 2013 gemaach hat en vue vun den Neiwahlen. Ech bleiwen Buergermeeschter sot hien am RTL-Interview a gouf Schwuppdiwupp Staatsminister. Hien huet och munches gemeinsam mam Charles Michel. Dee war an der Zäit Buergermeeschter vu Wavre a gouf méi spéit Premier. 2019 ware bei eisem Noper Neiwahlen, an zwar de 26. Mee. 5 Wochen drop huet hien de Posten als President vum Europarot ugeholl.

Et ass evident, datt den Här Bettel als Staatsminister besser Chancen huet fir deen europäesche Posten ewéi just als einfache Minister. Ech erënneren un den Tam-Tam dee sengerzäit ronderëm de Staatsminister Jean-Claude Juncker gemaach gi war, hie géing sech zwar wiele loossen, ma just fir kuerz drop President vun der Europäescher Kommissioun ze ginn. De Mann huet schliisslech déi formell Ausso gemaach: sollt ech gewielt ginn, da maachen ech mäi Mandat als Regierungschef fäerdeg! Hie gouf dunn nawell EU-Kommissiounschef, just Joren duerno.

Esou eng Ausso erwaarden ech mir och vum abléckleche Premier. Zitat aus dem Wort: ” Trotz „attraktiver Jobangebote“ sei es „unverantwortlich, instabile politische Zeiten herbeizuführen“. Dat heescht näischt aneschters ewéi: en eventuellen Depart vum Xavier Bettel géing fir Trublewiesen an der lëtzebuerger Politik suergen. Dofir feelt et ganz einfach un engem potentiellen Nofollger! Eigentlech en Dilemma!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *