Den Informatiounsdirekter bei de Lëtzebuerger Programmer vun RTL ass an der Pensioun ukomm. De Guy Weber gouf e leschten Interview mat Aussoen, déi ech expressis verbis begréissen, wou ech awer bedaueren, datt den Här Direkter ni e Féngerche kromm gemaach huet fir héich galoppéierend Sätz vun der Theorie an d’Praxis ëmzesetzen. Esou sot hien e leschte Sonndeg, De Journalismus misst nees méi zu senge Wuerzelen zeréckfannen. Manner d’Sproochrouer vun Offizielle sinn, ma de Leit méi versichen ze erklären, wat zum Beispill d’Konsequenze vu politeschen Decisioune sinn. Als Journalist wier een nëmmen engem verflicht, an dat wieren d’Leit dobaussen, an do géif et ëm Vertraue goen. De Guy Weber gëtt also zou, datt RTL an de leschte Joer de Sproochrouer war vun den Offiziellen,wëll heesche vu Politik, Wirtschaft, Gewerkschaften asw.
Indirekt gëtt hien och zou, net de Sproochrouer gewiescht ze sinn vum sougenannte Mann vun der Strooss. Grad deen awer ass den Auditeur-type vun RTL-Radio an Tëlee. Eng Zort Faillite-Erklärung! Mat der Analyse sinn ech esou wäit averstanen, grad ewéi mam Weber-Saz: “Vertraue kriss de nëmmen dann, wann d’Leit dobaussen, déi eis nolauschteren, eis nokucken oder eis liesen, wann déi dat Gefill hunn, dass een hinnen och nolauschtert.” Freet sech just firwat de Valium-Direkter ausgerechent déi lescht Joer esou total daf war op den zwee Oueren. Eng gefillten hallef Éiwegkeet huet de Mann sech net op der Antenne zu Wuert gemellt, keng Explikatiounen zu Politik an Ekonomie ginn; eng eenzeg Kéier huet hien de Kapp erausgewot, an do goung et ëm de Vëlo…dem Direkter säin Dada.
Eng gutt Geleeënheet fir Politik ze erlären, wiere ganz rezent d’Europawahlen gewiescht, an nach méi gepeffert d’Wahlen a Frankräich, respektiv de Rutsch no rieds an iwwerhaapt de Rutsch vum Elektorat an d’Extreemer. Et hätt een sech kënnen e Stéck vun der Salami erofschneiden vun enger Ariane Mnouchkine, eng Ikone aus der franséischer Theaterwelt a mat Sécherheet éichter no lénks ewéi no rieds orientéiert. Ausgerechent an der Libé -och de gauche-schreift si:
Je nous pense, en partie, responsables, nous gens de gauche, nous, gens de culture. On a lâché le peuple, on n’a pas voulu écouter les peurs, les angoisses. Quand les gens disaient ce qu’ils voyaient, on leur disait qu’ils se trompaient, qu’ils ne voyaient ps ce qu’ils voyaient. Ce n’était qu’un sentiment trompeur, leur disait-on. Puis, comme ils insistaient, on leur a dit qu’ils étaient des imbéciles, puis, comme ils insistaient de plus belle, on les a traité de salauds.
” E gudde Journalist misst kritesch, hongereg a virwëtzeg sinn” seet de Guy Weber; déi lescht 30 Deeg hätt hien dat kënnen ënner Beweis stellen. Hien hätt déi nämmlecht Fro kënnen opwerfen ewéi d’Abnousse Shalmani am l’EXPRESS: Où avons nous (l’élite) merdé? Wou hu mir Schäiss gemaach? Ma dozou gehéiert eng Grimmel Courage. Wien nämlech den ablacklechen Trend no Rieds an Extreem-Rieds probéiert ze explizéieren, leeft automatesch Gefor, mat deene vu Rieds ze sympathiséieren.
Da léiwer Vëlo fueren!
Esou eng Mëscht awer och!
Ërfreschenden Text, Här Kaiser! Ass deem nach eppes bäizesetzen? Am Fong net – ausser deem bedauerleche Fakt, wéi richteg datt dat alles ass, wat Dir schreiwt….Si wësse schonn, wéi et misst sinn-mä halen (Staatsknete oblige!) de Bak a katzbuckelen deementspriechend!
Gudde Journalismus gesäit bekanntlech ganz anescht aus – an Dir a mir anerer wëssen dat ….
Ob guy Weber jetzt viel oder eher wenig mescht gebaut hat will ich nicht beurteilen.
Mir scheint RTL ohnehin auf der allgemeinen presse und medienwelle mitzuschwimmen, wo fast jeder dasselbe sagt oder sich ueber dasselbe kuenstlich aufregt.
Etwas was bei manchen konsumenten anscheinend gut ankommt…bei anderen eher langeweile,desinteresse oder ablehnung erzeugt.
….schreift de Guy Kayser,deen a senger Carrière politesch vun extrem lénks bis riets vun der Mëtt gewiesselt ass.Deen Sympathien fir Iddien vun der 4.Internationaler hat an méi spéit an sengem Liewen Sproochrouer vum Bankepatronat war.Deem seng « journalistesch » Elucubratiounen an de leschte Joren erstaunlech deckungsgläich mat Iddien vun engem CSV-Politiker waren.Deen a senger aktiver Carrière gefillt Honnerte « nuancéiert » Commentairen iwwert d’Schoul gemaach huet,well seng Fra an der Schoul geschafft huet.De Guy Kayser bleift mein Idol a punkto Jiurnalismus.Huet hien de Journalismus net zu Lètzebuerg erfonnt?Da fueren ech léiwer Velo.Klamm och op de Velo,Guy.Mens sana in corpore sano!
An deem Sënn.Ech wënsche der eng schéi Pensioun.Investigéier weider!Ech huelen un,dass de däi Blog als investigative Journalismus définéiers oder?