Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Ass eist Gesondheetswiesen tatsächlech esou schummeswäert?! 

Ass eist Gesondheetswiesen tatsächlech esou schummeswäert?!
Image par Gerd Altmann de Pixabay

scho viru Wochen hunn ech an der Apdikt lues niewt mir d’Fro héieren:”Hudd Dir Schutzmasken?”. Zu menger Iwwerraschung koum d’Aentwert:Neen! Déi sinn all fort. Déi musse bestallt ginn. Dir wäert d’Nummer 32 op der Lëscht!”. Sinn esou Leit ieren hysteresch oder just besonnesch virsiichteg? Déi Fro sief dohinner gestallt. Nach gëtt et keen eenzege Fall vu Corona zu Lëtzebuerg, ma mir sinn eis eens: dat ass just eng Saach vu Stonnen, maximal vun Deeg.

image credits: gouvernement.lu

Déi nei Gesondheetsministesch Paulette Lenert appelléiert ëmmer nees, net ze panikéieren. Dat schéngt och net grad de Fall. Kloer, et ginn där Persounen, déi e bësselche schëtzeg zum Telefon gräifen, fir e Rendezvous beim Hausdokter ze kréien, nëmmen well se e Kribbelen am Hals hunn an e bëssi Féiwer. Deene Leit kann een de Virworf maachen, ze abüséieren, et kann een hinnen awer grad esou zegutt halen, datt si sech an zugläich hir Mattmënschen wëlle schützen. Virausgesat natiirlech, si ginn net bei den Hausdokter, ma ruffen den 112 unn!

D’Ministesch seet och bei all Geleegenheet, datt mir gutt op d’Pandemie preparéiert sinn. Wat awer heescht dat konkret? 6 Zëmmer am CHL, déi fir Infizéierter reservéiert sinn! Dës Zuel u Better kéint eropgesaat ginn. Op wéivill dann? Villäicht läit d’Aentwert éischter am Global Health security index! A senger leschter Editioun iergert sech DER SPIEGEL doriwwer:”Doch ausgerechnet Deutschland, das für Gesundheit pro Kopf so viel ausgibt wie kaum ein anderes Land in Europa, schneidet bei der Pandemie-Vorbereitung allenfalls mittelmäßig ab. Beim Global Health Security Index etwa stuften internationale Experten Deutschland unter 195 Ländern lediglich auf Platz 14 ein, in der Kategorie “Notfallvorsorge und Gefahrenabwehr” sogar auf den wenig schmeichelhaften Platz 67.“

image credits: pixabay.com

Lëtzebuerg ass bekanntlech och net grad knéckeg, wat d’Ausgaben fir d’Gesondheet betrëfft. De Grand-Duché kënnt allerdéngs just op déi 67. Plaz ënner 195 Natiounen!
Kee gutt Resultat, fir net ze soen, e schlechte Klassement! https://www.ghsindex.org Besonnesch moer schneid d’Land of an der Kategorie “emergency response operation” (Ranking 129) , schlecht och an der “Risk communication” (Ranking 76), par contre kommen d’Spideeler an Noutdéngschter gutt ewech (28)

“…kloer! Deen Index ass keng Bibel, ma weist dach eis schwaach Ponkten op!…”

am Gesondheetsministère sinn se net frou iwwer dëse Ranking. Virun allem awer mécht sech Onrou, op d’mannst Veronsécherung breed. D’Land steet souzesoen an der “Warteschleife”, an d’Ministesch weess, datt et op eemol ganz séier ka goen. D’Oppositioun huet wuel de SPIEGEL och gelies a kënnt mat enger parlamentarescher Fro. Der Madame Françoise Hetto an dem Här Laurent Mosar geet d’Regierungspolitik net wäit genuch, besonnesch net, wann een de Verglach mat Däitschland mécht……

csv

…an ëmmerhinn huet d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Alerte haut ëm e ganze Krack eropgesat.

 

 

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Mario Dichter

    Bevor sich über ein wie auch immer geartetes “Virus” echauffiert wird, sollte zuerst DIE grundlegende Frage geklärt sein: Wo ist der wissenschaftliche Beweis eines krankmachenden Virus?

    Dazu mehr auf meinem Blog: https://nues-am-wand.lu/das-virus-buhmann-und-sonnyboy-der-medizinmaenner/

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *