Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

PCR-Test: peer review 

PCR-Test: peer review

et war sech ze erwaarden, datt den Artikel https://guykaiser.lu/pcr-test-den-dolchstouss-vun-22-wessenschaftlerinnen/kontrovers géing diskutéiert ginn. Eis “Haaptwaff” am Krich géint de Virus a Fro stellen? Déi eng hunn et begréisst, déi aner hunn de Kapp gerëselt. Et sinn zum Deel perséinlech Erfarungen, déi mech dozou bruecht hunn, deen Test och zu Lëtzebuerg ze hannerfroen.

A mengem Bekanntekrees ginn et 6 Persounen, déi tatsächlech als falsch positiv getest gi waren, dorënner eng Koppel schonn fir d’zweete Kéier. A mengem enkste Familljekrees hat et en technesche Probleem ginn, esou datt den Test hat musse widderholl gin. Dat wär net opgefall, hätt net den Drock bestanen vun enger Vakanz. D’Personal vum Laboratoire war esou hëllefsbereet, den Test in extremis nach emol auszewäerten. Also 7 Persounen, déi ech entweder kennen oder vun deenen ech vun hirem “Mëssel” verzielt krut. Sinn ech do en Eenzelfall?

Dobäi kommen dann verschidden Hiobsbotschaften aus dem Ausland wéi zum Beispill, datt an engem Labo zu Augsburg vu 60 Prouwen der 58 falsch waren. Dës Info gëtt esou guer vun Faktenfuchs fir richteg gehalen, ënner dem Motto: Panne kënnen et ëmmer mol ginn! Faktenfuchs https://bit.ly/2VsXYM5 an besonnesch threadreader (bissiges Mäuschen) https://bit.ly/2VulcRK hunn op dee Rapport vun 22 Wëssenschaftler(innen) reagéiert an zum Deel an der Loft zerrass.

do gëtt mol direkt de Ball zeréckgeschoss. Wann déi 22 d’Kritik um Drosten-Pabeier formuléiert haten, datt fir d’Publikatioun kee peer review gemaach gi war, esou géing dat och fir si selwer gëllen.

Normalerweise gibt es zwei seriöse Publikationswege:
* Einreichen bei einem Journal, dann abwarten des (4/n)
Peer Review, ggf. Überarbeiten und/oder nochmal einreichen, bis das Werk akzeptiert und publiziert wird….
Dee Prozedere wär net professionnell! Vum Inhaltlechen muss dee Grupp vun den 22 sech de Virworf gefale loossen: Das Werk hat keine experimentellen Daten. Alles sind rein theoretische Überlegungen. Das ist schonmal sehr, sehr schwach, um ein etabliertes, von zahlreichen Laboren angewandtes Verfahren zu kritisieren. En Argument, dat sëtzt!

Eng aner Kritik vun den 22 bezitt sech op de fait, datt de PCR-Test keen Ënnerscheed mécht tëscht engem komplette Virus a just Deeler vum Virus. Äntwert: Das stimmt zwarrein technisch, ist aber diagnostisch egal, wenn die PCR ja gerade dazu da ist, das Vorhandensein viraler RNA nachzuweisen! Kein einzelnes diagnostisches Verfahren bildet den gesamten Krankheitsverlauf ab mit diesem Punkt könnte man auch auf einen Freispruch plädieren, wenn(15/n) vom Mörder nur Blutspuren, Fingerabdrücke und Videoaufnahmen vorliegen, aber niemand den ganzen Mörder am Tatort nachgewiesen hat 😒 

Wuel e kruziale Punkt, wou et allerdéngs fir en Net-Wëssenschaftler komplizéiert gëtt, sech fir déi eng oder aner Säit ze entscheeden! Ouni also kënnen an den Detail ze goen, gëtt dee Rapport vun den 22 als Rufmordversuch dohinner gestallt, wat natierlech e grave Virworf ass. Do hätten sech also bal zwou Dosen Wëssenschaftler an hirem Frust zesumme gedoen, fir ee vun hiere Kolleegen an d’Lächerlecht ze bréngen?! Wéi ech et schonn ugedeit hat: auszeschléissen ass et net, och Wëssenschaftler sinn nëmme Mënschen. De Virworf ass allerdéngs extreem!
pannen sin ni auszeschléissen, ma am Prinzip wieren PCR-Tester fiabel, schreift de Faktenfuchs:In dem neuesten veröffentlichten Ringversuch vom April erreichten die Ringversuchsteilnehmer bei den relevanten untersuchten Kontrollproben – von denen einige negativ und einige positiv waren – Erfolgsquoten zwischen 97,8 Prozent und 99,7 Prozent. A weider: Allerdings weist die Gesellschaft Instand e.V. in einer Stellungnahme zu den Ergebnissen des Ringtests vom April explizit darauf hin, dass die Ringversuche “keine generellen Aussagen zur Spezifität sowie zur Sensitivität der in den Laboratorien verwendeten Teste” leisten können – dafür bräuchte es umfassende Studien.
Wou sinn dann elo eventuell Panne méiglech? Dass es dennoch sowohl beim Abstrich als auch bei Transport und Auswertung der Proben immer wieder zu Fehlern kommen kann, darauf weist auch die Fachgesellschaft Instand in einer Veröffentlichung hin. So könnten Abstriche falsch entnommen, Proben vertauscht oder kontaminiert werden oder Fehler bei der Dokumentation der Ergebnisse gemacht werden.
Et hänkt och villes dervunner of, ënner wéi enge Konditiounen den Ofstréch gemaach gëtt, ënner wéi enge Konditiounen den Teststiefchen tëschegelagert an transportéiert gëtt a wéi hien schliisslech ausgewäert gëtt!
dat alles muss kënnen thematiséiert ginn. Et geet net duer, Owend fir Owend op sengem Smartphone d’Zuelen vun den Neiinfektiounen a vun deenen Doudegen ze liesen. Groussbritannien huet iwwer Nuecht – a manner wéi 24 Stonnen- gréng Luucht ginn fir ee vun den Impfstoffer. Wann ech elo d’Fro opwerfen, ob dat wëssenschaftlech nach seriö ass, stellen ech jo awer net de Prinzip vum Vaccinéieren op d’Kopp! Normalerweis brauch esou eng Zouloossung tëscht 24 Wochen a 24 Méint. Elo keng 24 Stonnen! Ech weess, d’Zäit gëtt enk. Ma dat ännert näischt un der Froestellung un d’Fuerscher!
Wëssenschaft sollt och ni politiséiert ginn. An dëser Pandemie sinn d’Fachleit allerdéngs reegelrecht vun der Politik zwangsrekrutéiert ginn- aus verständleche Grënn. Ma och an der Populatioun léisst sech den Trend vu “Politiséierung” feststellen: d’Sympathisanten vu Gambia sinn zefridde mat der Krisegestioun a stinn stramm hannert Mask an Test, iwwerdeems Bierger hannert dem Oppositiounsblock éischter dozou neigen, ze hannerfroen. Dat gouf indirekt am leschte Politmonitor confirméiert a wäert an der nächster Sonndesfro wuel zementéiert ginn.

Related posts

1 Comment

  1. Jean-Marie Azzolin

    Merci fir déi kritesch Gedanken!! Et géif der ganzer Welt besser goën wann vill méi Leit sech géifen di Méi maachen fir sech s’interesséieren waat ronderem si geschidd a waat nët.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *