Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’Garer Police huet déck de Kéis! 

D’Garer Police huet déck de Kéis!

De Garer Kommissariat war also an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg zou! Grad dann wann d’Bud brennt. 5 Polizisten haten sech krank gemellt, 4 hunn hier Déngschtwaff ofginn mam Argument, datt si elo eng länger Zäit net wäerte kënne schaffen, well si psychiatresch Hëllef bräichten. 9 Polizisten hunn deemno d’Uniform géint de Pyjama ausgetosch, an et brauch een kee Fuuss ze sinn, fir all déi Krankmeldungen am Kontext vun den Evenementer déi lescht Wochen an deem Kommissariat ze gesinn.

4 vun hire Kolleegen sinn nämlech zanter Wochen an Untersuchungshaft. Op d’mannst 1 vun hinnen hätt an der Zell vum Kommissariat e Capverdianesche Mann ganz uerg gebeetscht, esou schro, datt huet mussen den Dokter geruff ginn. Dat geet natierlech guer net an esou ass et normal, datt d’IGP (inspection générale de la police) mat der Enquête chargéiert gouf. Net normal dogéint ass, datt si esou laang musse sëtzen: déi éischt 3 zanter dem 10. Juli, dee Véierten zanter dem 12. Juli.

Den Untersuchungsriichter ass nämlech bis dësen Donneschdeg am Congé. Net normal – esou empfannen et op d’mannst eng Rei Polizisten- wär och d’Kommunikatioun no baussen. An der Ëffentlechkeet ass d’Bild hänke bliwwen wéi wann dee Kommissariat just aus Kläpper déit bestoen. Fir Recht an Uerdnung ze garantéieren, géifen all d’Mëttelen agesatginn! OK Corral!

police.lu

Et ass evident, datt e Polizist net däerf einfach esou mol dichteg drafachen. Ouni deen Tëschefall wollen erofzespillen, muss een sech dach d’Fro stellen: wéi schlëmm war et da wierklech? Aus Uniforméierte-Kreesser heescht et, d’Affer dat zerschloe gi war, wär schonn den Dag drop nees am Garer Quartier gesi ginn!

Ganz interessant ass an dësem Kontext e post op Facebook vun engem fréiere Polizist, deem säi Jong an der ganzer Geschicht mat dran hänkt an zanter iwwer 4 Wochen an Untersuchungshaft sëtzt. Dee Mann ass keen Onbekannten, den André Steffen deen zesummen mam Ex-SREL-Mann André Kemmer viru Méint d’Buch erausgouf: Das Undercover-Duo. Pikant Detailer aus der Police, aus Enquêten, Affären, vu sengem eegene Fall….

A sengem Post schreift de Steffen aus senger Siicht iwwer d’Evenementer am Garer Kommissariat, aus senger Siicht, wëll heeschen, och aus der Siicht als Papp. Et si munchmol ergräifend Zeilen.https://bit.ly/3OD5miY. 

Als Papp ass een wuel net objektiv, sachlech, wann et ëm dat eegent Kand geet. An nawell däerf d’Fro erlaabt sinn: firwat mussen déi 4 esou laang sëtzen? Konnten si wierklech net provisoresch op fräie Fouss gesat ginn? Besteet tatsächlech d’Gefor, datt si sech iwwer Bierg an Dall maachen? Alles Harmonica-Cowboys?

Bis ewell gouf den Tëschefall ëmmer aus der Siicht vum Affer gekuckt, och an der Press. Dat ass gutt esou! Ma wann d’Enquête an esou engem Fall Woche laang dauert ouni datt der Ëffentlechkeet eppes Zousätzleches kommunikéiert gëtt, da schued dat dem ganze Corps vun der Police. An déi schéngt ës elo déck sat ze hunn!

Am Garer Kommissariat ass nämlech ëmmer décke Spektakel, ëmmer nees Persounen déi vill ze déif an d’Glas geluusst hunn, déi de Staarken markéieren a Kreesch doen wéi wann et hiert Lescht wier. Et ass d’Aarbecht vun der Police, esou Personnagen aus dem Verkéier ze huelen- wéinstens fir e puer Stonnen.

Elo mat deem Tëschefall, mat där Kläpperei an enger Zell steet de Garer Kommissariat an engem schlechte Liicht…a gëtt och do stoe gelooss. Also mécht déi garer Police et wéi de Minister Henri Kox: näischt!

D’CSV-Deputéierten Laurent Mosar a Léon Gloden hunn eng parlamentaresch Drénglechkeetsfro gestallt QPU-Police-Gare D’Urgence vun der Fro gouf unerkannt, de Minister muss elo bannent 8 Deeg äntweren. Et ass ee gespaant, wou hien a seng Gréng déi Kéier d’Schold siche ginn? Am Stann, et sinn d’Poliziste selwer déi d’Affer goufen vun engem subjektive Gefill vun fir-blöd-gehale-ginn.

Gëschter um Méindeg huet op deem Kommissariat just eng Persoun geschafft, Owes war ganz zou. Idem um Feierdag: Moies an Owes keen do!

Related posts

6 Comments

  1. Anonym

    Wei nemmen den Garer Kommissariat huet Flemm?
    Emfroot ierch mol bessen 😉

  2. Frank Bertemes

    Ech hu jorelaang am Garer Quartier geschafft a villes gesinn. Ech hu Respekt fir d’Police, déi ech selwer öfters hu misse a menger Fonctioun kontaktéieren a konnt ëmmer erëm feststellen, datt déi Leit mat Kompetenz a Gedold absolut korrekt hir Aarbecht gemaach hunn. ‘t ass och wéineg motivant fir d’Agente vun der Garer Police, déi absolut net ze beneide sinn, wann ee gesäit, wéi een Drogendealer, dee jäitzt a sech de Batti stellt, vun zwee Polizisten op dee viséierte Policebureau op der Gare ofgefouert gëtt an een dee selwéchten Här e puer Stonne méi spéit rëm locker a laachend iwwer de Quai trëppele gesäit…Wann hei ee verseet, dann ass et (une fois de plus) d’Politik, déi d’Leit um Terrain – an dat ass op der Gare fir d’Polizisten wiertlech ze gesinn- am Ree stoe léisst an all Verantwortung op d’Police-Agenten dréckt! Den Drogeproblem ass ee Gesellschaftsproblem , deen a senger Grondproblematik déi Organiséiert Kriminalitéit à l’origine gesäit – a wee leet sech da scho mat Kapitalverbriecher vun deem Kaliber un? A qui la faute?

  3. Marcel SPIRINELLI

    Onverstaendlech datt 4 Polizisten schon seit Juli an U – Haft setzen‼️Keng Fluchtgefoor, asw…‼️Do spillt et och keng Roll wann den U -Richter am Conge ass…, well Hien gett jo dann vertrueden‼️
    Wann Ech bedenken datt richteg Krimineller schon no 1 Daag, speitstens no 3 Deeg erem op freiem Fouss sinn, da froen Ech mech, waat fir eng „Hexenjuegt“ mat den Polizisten zu Letzebuerg am Gaang ass…‼️‼️‼️👎👎👎

    1. Marc HEITZ

      genau! déi wierklech Kriminel si no puer Stonnen erëm eraus. Hei stellen sech vill Froen wou sécher erëm keng Äntfert wäert kommen.
      Politik a Justiz sinn zanter Joeren op Amerikanschem Nivo

  4. Trigatti

    Weess De, vun dem Ament un, wou ee jonken Inspekter mier 2009 (!) erzielt huet, wat do oofleeft, war bei mir Pillo. Den CP Gare hat an der Joseph-Junck-Strooss madsen an der Nuecht mat enger mega Kläpperei ze doen. Vu, dass sech d’Protagonisten net gepackt hun, huet een Arbechtskolleg ee vun dene Haulien erausgeschleeft an un enger Chantiers-Barrière mat Handschellen festgemach. Sou. Duerno gouf opgeraumt. Schéin. Fazit: dee Polizist uewen am Text gouf geklaakt a kruut een Disziplinarverfahren un den Hals. Dat ass emol dat, wat ech erzielt kruut. Wann DAT soll “normal” sin, pardon, da leeft awer iergendwou eng schief zanter LANGEM. A mam grénge KOX gewann mier doudsecher kee Krich, deen Typ ass eng krass Fehlbesetzung (nach schlëmmer wéi Asselborn, Bofferding, Tanson a Co), inkompetent a carrément incapabel. Pardon fier de krude Langage, mee do kann ech net eidsi-eidsi fueren.

  5. Dan MEDERNACH

    Bonjour Här Kayser,
    Dir wësst dach bestëmmt:
    „Der Fisch stinkt vom Kopf her“, sagt schon der Volksmund…. ,
    awer net nëmmen de Volleksmond seet dat, ma d’Polizisten och, well si hu kee politëschen Appui, an dat, wéi ët haut ausgesäit, néierens a soi-disant „ziviliséierte“ Länner, ausser vläicht an Diktaturen, well se do gebraucht ginn. An 10 Joer hu mir méih wéi sëcher och hei chaotësch Zoustänn wat eis allgemeng Sëcherheet ugeet. D‘ Saach ass nach an der Entwecklungsphase, a wéi sot de Maître scho méih „mir kucke, mir kucke“. Dat hëlleft bestëmmt an da kënnen d‘Leit och garantéiert neess mat hirer Rolex duerch de Garer Quartier trëppelen.
    P.S.: ech ka mir och an 10 Joer nach keng Rolex leeschten, geet dat dann och mat enger Swatch ?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *