Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Innepolitik

SREL: Dem François Bausch seng Aussoen! 

SREL: Dem François Bausch seng Aussoen!
Image par Clker-Free-Vector-Images de Pixabay

 

De François Bausch gouf den 1. Dezember 2012 vun der Police judiciaire gelauschtert a Saachen Auergespréich mam Staatsminister a verschlësselt CD, mat anscheinend engem brisante Gespréich am Palais. 85 Minutte laang gouf de grénge Politiker gelauschtert, wou hien ënner aanerem aussoot, datt hien vun deem ominöse Auergespréich schonn zanter iwwer 3 Joer Bescheed wosst…

gk online

Entschëllegt déi schlecht Qualitéit. Ech maachen ënnendrënner eng Transkriptioun:

Das war unmittelbar vor den Parlamentswahlen im Juni 2009. Herr Charles Goerens, seinerzeit Präsident der parlamentarischen Konrollkommission des SREL, berief eine Sitzung dieses Gremiums…

An de Staatsminister als Chef vum Geheimdéngscht huet drop gehalen, datt et no de Chamberwahlen -wéi déi nei Regierung bis stoung- eng weider Reunioun gouf vun der SREL-Kontrollkommissioun, fir och déi nei Memberen an der Kommissioun an d’Bild ze setzen….

gk online

Also och den Deputéierte Bettel! Dat deckt sech mat deem, wat den Ugekloten André Kemmer gëschter am Prozess aussot!

Et goung och ëm d’Demissioun vum Geheimdéngschtchef Marco Mille : den enjeu war net nëmmen d’Auergespréich, ma och déi verbreete Rumeur, de Staatsminister hätt mam Staatschef, also mam Grand-Duc iwwer d’Affaire « Bommeleeër » geschwat, anscheinend esou e brisant Gespréich, datt de Lëtzebuerger Staat riskéiert hätt, bei der Deiwel ze fueren, wann déi verschlësselt CD un d’Ëffentlechkeet komm wier…

gk online

“Wir gaben uns zufrieden!….Disziplinarische Massnahmen!”

2009 waren déi verschidde Kommissiounsmemberen wuel entsat, datt den deemoolege SREL-Chef säi Gespréich mam Regierungschef opgeholl hat. Ma de Protest hat sech dach méi ewéi a Grenze gehalen. Am Rapport vun där Sëtzung vertrëtt den Deputéierten Bettel d’Meenung, datt den Här Mille “e blâme verdéngt” hätt….

gk online

Déck 3 Joer duerno gouf d’Partie an enger anerer Liga gespillt! Goung et dobäi ëmmer just ëm de Ball…? En USB-Stick mam Enregistrement (Aueregespréich) koum un d’Ëffentlechkeet (Lëtzebuerger Land) a schliisslech och un den Här Bausch, deen se weider gouf un de Procureur. De President vum Geriicht huet gëschter an der Sëtzung confirméiert, datt op deem Stick Daten ze fanne waren aus der Chamber. En zousätzlechen Indice, datt d’Affär politesch gi war….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *