Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

TNS-ILRES: Lach- und Schiessgesellschaft? 

TNS-ILRES: Lach- und Schiessgesellschaft?
rt.lu

 

Ech louch viru genee dräi Méint goldrichteg, wéi ech d’Fro opgeworf hat: wéi wäit däerf den Direkter vun engem Meenungsinstitut an der Ëffentlechkeet goen?http://bit.ly/3ZB2AyYMir war opgefall, datt den Direkter Tommy Klein vun der TNS-ILRES zimmlech dacks déi politesch Aktualitéit op Twitter kommentéiert huet. Eleng dat goung duer, fir d’Fro opzewerfen: däerf de Monni dat, op d’mannst, ass et ubruecht? Ëmsou méi wou den Här Klein a senge Kommentären besonnesch kritesch war vis-à-vis vun der CSV, alles aneschters ewéi objektiv.

No mengem Artikel waren se esou guer bei RTL waakreg ginn an de Zen-Meeschter Christophe Goossens huet stënterlech säi Yoga-Cours verlooss! Resultat: den Tommy huet zanterhier net méi getiktokt, enfin getwittert. Grad déi lescht Wochen krut een d’Rumeur ze héieren, de Mann wir entlooss ginn. Elo dann d’Noriicht: den Tommy Klein huet Enn Februar bei der ILRES demissionéiert a wiesselt als Kapitän eriwwer bei d’Piraten.

De Mann wëll et also mat enger politescher Carrière ausprobéieren. Firwat och net! Et stéisst allerdéngs sauer erop, datt den Här virdrun bei engem Meenungsinstitut geschafft huet, an datt dee leschte Politmonitor extreem an d’Box goung fir d’CSV a virun allem, datt d’Pirate-Partei gläich 6 Sëtz sollt bäikréien. Jidder normal denkende Mënsch hat schonn am Hierscht méi ewéi Bedenken, datt déi kleng Partei sollt esou en Opdriff kréien, e bësselchen à la Boris Becker: Bumm-Bumm,Tschack! Elo fillt een sech a senger Meenung confirméiert!

Et stellt sech also d’Fro vun der Seriositéit vun dëser leschter Ëmfro! Déi virdrun loossen ech elo mol wech. Ëmmerhin musse jo schonn viru Méint bilateral Gespréicher tëscht him an de Pirate gelaf sinn. An ëmmerhin kritt hien an där Partei eng fest Plaz a gëtt Wahlkampfmanager. Esou eppes mécht sech net vun haut op muer.(De Kropemann Marc Goergen huet sech no der Publikatioun vum.Artikel gemelt an ass formell: dach! D’Gespréicher hunn eréischt nom Politmonitor ugefangen) Bei RTL sinn se alles aneschters ewéi häppy diwwi. Si wësse ganz genee, datt mat deem dote Wiessel d’Objektivitéit vun de Meenungsëmfroen vun ILRES fir RTL méi wéi hannerfrot gëtt.

De Schued ass net grad kleng, deen den Här Klein hannerléisst , weder bei der ILRES nach bei RTL. An deenen zwee Betriber ass d’Glafwierdegkeet méi ewéi ugekraazt. Sollt an den nächste Wochen wéi geplangt eng nächst Ëmfro iwwer den Zoustand vum politeschen Héngerstall publizéiert ginn, da kréien si dat fatzeg ënner d’Nues geriwwen. Ma wéinstens kann den Tommy Klein nees normal twitteren! An Enn Oktober wësse mir, wéi vill Kredit d’Pirate-Partei tatsächlech vum Wieler krut. An op dee Kredit och fir d’TNS-ILRES gëllt….

Related posts

6 Comments

  1. Gilles B.

    Bon den Charel Marque war och Direkter bei der Ilres, an deen as bei déi Grémg gaangen an setzt och fir déi Partei um Krautmaart…an säin Meedchen as Co Präsidentin bei der CSV. Muss een dann och elo iwert deen Emstand nodenken?

    1. Guy Kaiser

      Et bestoung och ënner dem Charel Margue de Verdacht, datt déi Gréng e besselchen ze gudd ewechkéimen an de Sondagen. Datt seng Duechter bei der csv ass, spillt jo kee Rouleau …ESOU LAANG SI NET AN DER ILRES SCHAFFT…oder rezent geschafft huet

  2. Ludovicy Pascal

    Ma die Greng hun dach och esou een an hieren Reihen an der Chamber.
    Just den ass gloreich ennergangen well heiren vun dem deht een neischt meih.
    Mais Haaptsach mat derbei.

  3. Jean

    Dei meenungsemfroen 1 joer virun de wahlen wierken ounihin bei onsem komplizeierten wahlsystem mat panachage a 4 bezierker vollkommen onserioes…besonnesch wou sou frei jo nach kee mensch wees wat fir kandidaten iwerhapt opgestallt gin vun de parteien.
    Lachnummer ass effektiv dei richtegen ausdrock fir dess sondagen.

  4. Frank Bertemes

    Ganz richteg, dee Veräin kann ee mat senge Sondagen souwisou net eescht huelen-ëmsou méi awer déi deelweis scho penibel Selbstdarstellung vun deenen, déi déi “Sondagen” presentéieren – d’Nimm si jo bekannt. A well eist Ländchen jo dat ass, wat et eeben ass, hu gewëssen Häre genee erausfonnt, wéi een dovun eventuell ka profitéieren – an dësem Fall däitlech parteipolitësch.
    Mä där goufen et der nach méi, wéi beispilsweis Sportler asw…an och där, déi vun hirem Numm profitéieren a vun deene kee Mënsch haut géif schwätzen, wann deem net esou wär…
    Mir sinn eeben ee klengt Ländchen, wou ee seng Méiglechkeeten huet-wann ee wëll…

  5. THOMMES Jan-Antoine

    Jo de Mann ass een Genie oder een klengen Härgott. Hien konnt jo ganz eleng lescht Joer eng gutt Partie vun den Klima-Biergerrot Memberen eraus sichen. Laut engem Interview huet hien jo gesot. Well nach Leit vun engem gewëssenen Profil gefeelt hunn, bei 1100 Leit de sech gemellt sollen hun! Ech war derbäi well ech mech gemellt hat, an dem formidabelen Klima-Biergerrot, a stellen mir schonns eng ganz Zäit Froen, iwwer den komeschen Oflaf, Zesummesetzung an elo Suitten oder och net Suitten. Awer elo wou den Tommy een Pirat ass, muss ech meng Äntwerten nach iwwerdenken. 

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *